Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Eng Falsch Informatioun gëtt net richteg well ee se widderhëlt
Neiegkeeten

Editorial: Eng Falsch Informatioun gëtt net richteg well ee se widderhëlt

Et gëtt esou villes iwwert dat ee sech als aviséierte

Ëmweltwoch an der Gemeng Contern
Neiegkeeten

Ëmweltwoch an der Gemeng Contern

Et ass e gëllege Programm deen sech d‘Gemeng Contern fir

Tacheles: d’CGFP iwwert de Koalitiounsaccord
Neiegkeeten

Tacheles: d’CGFP iwwert de Koalitiounsaccord

D’Wierfele sinn also gefall: Lëtzebuerg huet gewielt, a säit wéinegen

De Budget vun der Fleegeversécherung fir 2019

De Budget vun der Fleegeversécherung fir 2019

Den 12. Dezember huet de Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess (CNS) de Budget vun der Fleegeversécherung fir 2019, esou wéi e vun der Administratioun virgeluecht ginn ass, gestëmmt.

Heirauser ass ze enthuelen, datt de nationale System zur Fleegeversécherung, Populatioun vu ronn 880.000 Persounen ofdeckt. Zweedrëttel dovunner si Residenten. De Finanzement gëtt zu 60% vun de Cotisatioune gedroen, 39% gi vun der Staatskeess gedroen.

Interessant ass d‘Ausso, dat d‘Zuel vun de Beneficiaire nëmme ka geschätzt ginn. Esou ginn se op der CNS dovunner aus, datt 14.450 Persounen 2019 eng Fleegeversécherung wäerte bezéien. Bis zu zweedrëttel vun de Beneficiaire ginn doheem betreit.

D‘Betreiung selwer, gëtt vu villen Acteuren iwwerholl: Reseauen déi bei d‘Leit Heem ginn (wéi „Hëllef Doheem“ oder „HELP“), Semi-stationär Zentren, an Etablissementer fir en zäitweilege Sejour. Eng 5.000 Leit ginn a Fleegeheemer oder Altersheimer betreit.

Fir 2018 huet d‘Fleegeversécherung eng „stabil“ Finanzsituatioun opzeweisen. Dat positiivt Resultat, virun den Operatiounen op de Reserven, gëtt op 31, 8 Milliounen Euro geschat. Déi viraussiichtlech Reserve leie bei 253,2 Milliounen Euro, wat 38,1 % vun den Ausgaben entsprécht.

Op der CNS ass een am Hibléck op 2019 optimitesch. Si ginn dovunner aus, datt d‘Recetten iwwert den Ausgabe wäerte leien (+19,8 Milliounen Euro) trotz méi Depensen (+8,8%). D‘Reserve sollen 2019 bei 273,1 Milliounen Euro leien, wat 37,8% vun den Ausgaben ausmécht.

Ähnlech Sujeten Budget 2019, CNS, Fleegeversécherung, Gesondheetskeess
Nächsten Artikel Virrechten Artikel