Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: 24 Stonne Vëlo Wëntger – Den Depart
International Neiegkeeten

dating waiting and choosing a mate

  Um Freideg si bei der Jubiläumseditioun vu 24 Stonne

millennials interracial dating
International Neiegkeeten

Wéi steet et ëm eise Justizminister?

Nodeems de Justizminister Félix Braz (déi gréng) den 23. August

De Gesetzprojet 7049, erkläert
International Neiegkeeten

De Gesetzprojet 7049, erkläert

Gëschter hat den OGB-L eng Demonstratioun géint de Gesetzprojet 7049

D‘EU beschäftegt sech mat de Budgeten nom Brexit

D‘EU beschäftegt sech mat de Budgeten nom Brexit

Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun den Debat zu de Budgeten nom Brexit opgemaach. Si huet de Länner schonn emol ugedeit, datt se sech missten op impressionnant Aschnëtter a verschiddene Beräicher astellen. Dat allerdéngs bei méi héije Bäitragsleeschtungen.

Den Depart vun de Briten zum Mäerz 2019, wäert all Joers ee grousst Lach an den europäesche Finanzen hannerloossen. Dat grad zu engem Moment, wou d‘EU beméit ass nei Finanzementer an de Beräicher vun der Migratioun oder der Verdeedegung ze erméiglechen.

„Mir stoussen un d‘Grenze vun eise Méiglechkeeten“, huet den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gëschter bei enger Konferenz zu Bréissel an de Raum gestallt. D‘Konferenz war am Kontext vum Debat zum nächste pluriannuelle Finanzkader vun der EU ofgehale ginn.

Den aktuelle Kader deckt d‘Period 2014-2020 of, mat plafonnéierten Ausgabe vun 963 Milliarden Euro fir dës siwe Joer. Trotz sengem Depart 2019, huet sech Groussbritannien engagéiert säin Deel bis 2020 ze bezuelen. Duerno muss d‘EU ouni d‘Bäiträg vu London iwwert d‘Ronne kommen.

„E netto Contributeur (deen der EU méi gëtt wéi en erhält N.v.d.R.) verléisst eis, a mir wäerten 12-13 Milliarden Euro all Joers verléieren“, esou de Günther Öttinger, EU-Kommissär fir de Budget.

Fir dat Lach ze stoppen, huet de Günther Öttinger virgeschloe bis zu 50% vun dësem Montant anzespueren an neit Geld fir déi aner Hallschent opzedreiwen. Wat de Finanzement fir d‘Migratioun- a Verdeedegungspolitik ubelaangt, schléit den EU-Kommissär fir 80% op neit frëscht Geld zréckzegräifen.

Affer bréngen…

D‘EU-Kommissioun wëll am Mee méi detailléiert Proposë virleeën an innerhalb der EU bis 2019 zu engem Accord kommen, iert eng nei Exekutive mandatéiert gëtt.

Mee egal wéi eng Parameter zréckbehale ginn, hei muss sech op den traditionelle Konflikt agestallt ginn. Grouss Contributeure wéi Däitschland, wou een net wierklech gewëllt ass méi anzebezuelen, stinn den haaptsächleche Beneficiairen aus dem europäesche Fong, déi besuergt si manner ze kréien, géinteniwwer.

„Et gëtt e batteren Debat iwwer déi gemeinsam Landwirtschaftspolitik (PAC) an d‘Fonge fir d‘Kohäsioun“, zu Gonschte vun den äermste Regioune vun der EU, huet de Jean-Claude Juncker zougestanen. Et sinn dat dann och déi zwee Beräicher, déi aktuell zwee Drëttel vum EU-Budget op sech konzentréieren.

De Chef vun europäescher Exekutive huet awer aus senger Aversioun géint „bluddeg Aschnëtter“ an dëse Beräicher keen heel gemaach. De Günther Öttinger sengersäits ass allerdéngs iwwerzeegt, datt een och hei wäert mussen Affer bréngen.

„Et mussen Aschnëtter a verschiddene grousse Programmer gemaach ginn“, warnt den däitschen EU-Budgetskommissär, fir deen et eenzeg bei de Programmen „Erasmus“ an „Horizon 2020“ keng Kierzungen dierf ginn.

De Juncker an den Öttinger hunn sech dann och däitlech fir eng Erhéijung vun de nationale Bäiträg ausgeschwat. Déi sinn aktuell op 1% vum BIP begrenzt. „Mir brauche keng 2% vum BIP, mee et muss méi wéi 1% sinn, soe mer 1,1% an e puer Grimmelen“, esou den EU-Budgetskommissär.

Et gëtt net einfach

Déi grouss Budgetsdebatte gëtt ëm esou méi „Delikat“ wéi sech hei elo schonn en zolitte Sträit tëscht dem Osten an dem Weste vun der Unioun ofzeechent.

Verschidde Länner, dorënner un der Spëtzt Däitschland, schloe vir, den Accès zu de Fongen un de Respekt vun den europäesche Wäerter an den Entscheedunge vun der EU ze bannen. Heivunner betraff wieren an éischter Linn Ungarn a Polen.

Béid Länner weigeren sech d‘Quote fir d‘Opnam vu Refugiéeën ze validéieren. Bei Polen kënnt nach derbäi, datt Warschau Bréissel mat senger Justizreform erausfuerdert. En Reform déi de Rechtsstaat a Fro stellt, esou d‘EU-Kommissioun.

Et dierft dann och beim informelle Sommet vun de Staatscheffen, den 23 Februar zu Bréissel, eng éischt Geleeënheet ginn sech iwwert de Sujet ze ënnerhalen.

mam Cédric Simon/AFP

Foto: „Mat mir gëtt et keng bluddeg Aschnëtter“, esou de Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident. © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Budget, EU-Kommissioun, Günther Öttinger, Jean-Claude Juncker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel