Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Normal ass dat net
Neiegkeeten

hook up ipad to cell phone

D’Lëtzebuerger Wahlkampf-Saison geet dëst Joer iergendwéi méi fréi lass. Grond ass dem

https://moien.lu/speed-dating-bendigo-victoria/
Neiegkeeten

24 Stonne Vëlo Wëntger: Net wierklech eng Course, mee ee grousse Challenge

D‘Jubliäumseditioun vun engem vun de bedeitende Sportsevenementer zu Lëtzebuerg war,

Ëmweltwoch an der Gemeng Contern
Neiegkeeten

Ëmweltwoch an der Gemeng Contern

Et ass e gëllege Programm deen sech d‘Gemeng Contern fir

Budgetsdebatt zu Réiser: déi Liberal soen „Nee“ an déi Gréng enthalen sech

Budgetsdebatt zu Réiser: déi Liberal soen „Nee“ an déi Gréng enthalen sech

No der Virstellung vum Budget den 18. Dezember, war et um Donneschdeg un de Gemengeréit hir Siicht op de Budget 2018 virzedroen. E Budget deen, erënnere mer eis drun, als Iwwergangsbudget soll ugesi ginn.

Fir d‘Conseillère Nadine Brix (déi Gréng) ass de Budget eppes ze abstrakt geroden. Dat läit verständlecherweis dorunner, datt Projeten aus 2017 sech an d‘Joer 2018 verluecht hunn, woufir et wuel administrativ a mënschlech Ursaache gëtt. De Budget géif dann och wuel mat der Koalitiounsausso iwwertenee kommen, konkret Ëmsetzungsindikatore géif een awer net gesinn.

Bei déi Gréng ass een dann och net iwwerzeegt, datt den neie PAG zu deene „Léisunge“ soll féieren déi sech jiddereen erhofft. Et soll méi verdicht gebaut ginn, d‘Gemenge sollen „ofgeronnt“ ginn. Fir den Duerfkär nees fir d‘Awunner méi attraktiv ze maachen, sollt d‘Gemeng sech d‘Moyene ginn, fir do wou et néideg oder méiglech ass, eng Geschäftsfläch ze kafen.

Wann d‘Nadine Brix de Kaf vun der „Maison Meyers“ – do komme Sozialwunnengen hin – begréisst, esou schéngt et hir manner ze gefalen, datt den Ëmbau mat enger Millioun Euro am Budget steet. Hei sollt ee nach eng Kéier mam Architekt schwätzen a kucken op et do keng „méi präiswäert“ Alternativen zur aktueller Offer gëtt.

Mam Parking Residentiell dee soll agefouert ginn ass een averstanen, mee bei déi Gréng wéisst ee gäre wéi d‘Vignette ausgesäit an op déi fir déi ganz Gemeng gülteg ass oder op een Zonen ariicht. Iwwerhaapt besteet d‘Nadine Brix op en ëffentlechen Debat, wat och dozou gefouert huet, datt d‘Conseillère bedauert, datt am Budget kee Poste fir d‘Biergerbedeelegung zréckbehale gouf.

E langweilege Budget

De Verkéier an déi douce Mobilitéit sinn e gréngt Thema. Mat de Konzepter hunn déi Gréng awer esou hir Schwieregkeeten. Et gëtt – trotz Flexibus – bedauert, datt ee vu Réiser 45 Minutte bis op d‘Kockelscheier brauch, dat wéinst dem Ëmwee iwwert d‘Beetebuerger Gare. Bei de Vëlosweeër wëll d‘Nadine Brix wëssen, wéi a wat an den Dierfer virgesinn ass.

Alles an allem, esou d‘Conseillère, wier de Budget zimlech „langweileg“ wat un de villen „Obligatioune“ läit. „Et ass ee konservative Verwaltungsbudget“, esou d‘Nadine Brix „an aus deem Grond enthale mir eis“. Dobäi hunn och Wahlprogrammpunkte vun de gréngen eng Plaz am Budget krut, an dat ass och begréisst ginn. Fir eng Zoustëmmung dann awer nach ze wéineg.

Op Säite vun der DP huet d‘Conseillère Sandra Flammang begréisst, datt ee vill Erklärunge schonn an der Kommissioun erhalen hätt. Dat huet zu engem gudde Versteesdemech gefouert. Et ass ee bei der DP dann och zefridden, datt d‘Gemeng de Budget esou opgestallt huet, datt et nach Spillraum huet. Begréisst gëtt och de Schoul-Campus, deen dem Wuesstem vun der Gemeng Rechnung dréit.

Bei deene Liberale begréisst een – och wann dës Themen déi Gréng vun der DP iwwerholl hätten – datt déi Punkten déi mam soziale Wunnengsbau an der Biergerbedeelegung ze dinn hunn, vum Schäfferot zeréckbehale ginn. Begréisst gëtt och d‘Iddi vum Parking residentiell an d‘Mobilitéitskonzept. De Budget stëmme war dann awer net méiglech. Och dat ass Politik.

Eng zefridde Majoritéit

Fir de Fraktiounsspriecher vun der LSAP, Jean-Paul Reiter, steet de virgeluechte Budget am Aklang mat de politeschen Ziler déi sech d‘Koalitioun gesat huet. Zudeem géif ee generell op der „Linn“ leien, wat sech och bei de Gemengewahle vum Oktober an den Urnen erëmgespigelt huet. D‘Investissementer déi am Budget sti wieren néideg an duerchaus ze stemmen.

Dat gesäit den Erny Strecker, Fraktiounsspriecher vun der CSV zimlech ähnlech. Hien ass dann och iwwerzeegt, datt wien sech als Réiserbänner mat der Gemengepolitik ausenanersetzt, misst erkennen, datt ee ganz verantwortlech mat de Finanzen ëmgeet. D‘Personalkäschte géifen – wéi zimlech iwwerall – de gréisste Batz un Ausgaben duerstellen, wat awer normal wier.

Wou de konservative Conseiller e méigleche „Problem“ gesäit, ass beim Rekrutement. Ob et am Beräich vun der Bildung (Crèche / Maison Relais) oder dem Administrativen ass, den Erny Strecker fäert, datt een an der Konkurrenz zum Privatsecteur hei kéint dee „Kierzeren zéien“. Zudeem leet hien dem Schäfferot un d‘Häerz d‘Onkäschten am A ze behalen.

Begréisst gëtt d‘Investitioun an den neie Veräinssall, d‘Tennisterraine mat der Buvette an natierlech de Skatepark. Datt 2018 och mam Schoulcampus ugefaange ka ginn, ass ee wichtege Schratt fir d‘Awunner a beweist d‘Engagement vun der Gemeng. Et géif sech wuel op d‘Schold auswierken, mee e verantwortungsvollen Ëmgang mat de Finanzen hätt et an der Gemeng ëmmer ginn.

2018 gëtt villes fäerdeg

Fir de Conseiller Erny Fisch (LSAP) ass et wichteg de Leit matzedeelen, datt 2018 endlech den „Assainissement“ fäerdeg gestallt gëtt, an dann all Awunner un d‘Kläranlag ugeschloss ass. Sécher, mat 2,4 Millioune kee bëllege Projet, mee een deen der Ëmwelt an de Bierger zegutt kënnt.

A well de Conseiller och e Veräinsmënsch ass, kann hien sech iwwert dat neit Veräinshaus och entspriechend Freeën. Et wier eng gutt Investitioun, woubäi wäert drop geluecht gëtt, datt ee net sollt vergiessen, datt sech 2019 och dem Musekssall muss ugeholl ginn. Dee misst de Normen ugepasst ginn.

De Carlos Marques (LSAP) fir deen dëse Budget eng Première ass, begréisst besonnesch, datt ganz vill Saachen an Ugrëff geholl wäerte ginn, fir déi hien sech am Wahlkampf staark gemaach huet: Verkéierskonzept, Parking residentiell, Vëlosweeër… Bedauert gëtt eenzeg de Fait, datt et mat deem engen oder anere Proprietär wéinst Klengegkeete schwiereg ze verhandelen ass.

Beim Edy Reding (LSAP) steet de politesche Wëlle vun der Koalitioun am Mëttelpunkt. Dee wier am Budget enthalen. E seriéise Budget, bei deem – wéi et sech iwwert déi lescht Joren erwisen huet – et kaum Differenzen tëscht dem ordinäre an dem rectifié gëtt. Mat beduecht Geld ausginn an awer op d‘Besoine vun de Bierger agoen, datt wier de Budget 2018.

Een huet ëmmer dat lescht Wuert

De Buergermeeschter Tom Jungen (LSAP) huet dann nach virum Vott drun erënnert, datt déi Projeten, déi vun 2017 an 2018 matgeholl musse ginn, net esou vum Schäfferot geplangt gi waren. Wat den Ëmbau vum Haus Meyers betrëfft, wou déi Gréng mat de Käschten hir Problemer hunn, esou handelt et sech emol fir unzefänken ëm en Devis an et sollt een d‘Bedeelegung vum Staat net ausser Uecht loossen.

Wat de „Retard“ bei deem engen oder anere Projet betrëfft, esou wier schonn op déi administrativ Prozeduren higewise ginn. Dat gesäit sécherlech net gutt aus, mee et léisst sech awer och net änneren. D‘Schwieregkeete bei der Vëlospiste wiere bekannt, do géif sech e Proprietär net iwwerzeege loossen.

Bei de Geschäftsfläche ka sech de Buergermeeschter nëmme widderhuelen: Geschäftsraim, wann se bis fäerdeggestallt sinn, fannen u sech ëmmer e Interessent. Et behält een dat op der Gemeng awer am A a wann et néideg ass, gëtt och intervenéiert. Um Beispill vun der Apdikt, sollen d‘Awunner awer wëssen, datt Geschäftsraim fir de Schäfferot ëmmer eng Optioun sinn.

Géint Biergerbedeelegung huet den Tom Jungen näischt anzewennen, a wat de Parking residentiell betrëfft, do wäert d‘Ëffentlechkeet abezu ginn, iert de System agefouert gëtt. Datt d‘Gemeng awer um Enn d‘Verantwortung muss iwwerhuelen, och wann d‘Leit sech net eens wieren, steet net zur Diskussioun.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Budget, Gemeng Réiser, Tom Jungen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel