Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg… Eldorado vun der Aarmut?
Neiegkeeten WTF

Lëtzebuerg… Eldorado vun der Aarmut?

Fir déi puer Prozent un der „Spëtzt“ déi sech de

OGBL: Grousse Meeting vun de Beruffssyndikater
Neiegkeeten WTF

OGBL: Grousse Meeting vun de Beruffssyndikater

An der „Maison du Peuple“, dem Sëtz vum Onofhängege Gewerkschaftsbond

Konscht am Gronn – Déi éischt Expo vun der Saison
Neiegkeeten WTF

Konscht am Gronn – Déi éischt Expo vun der Saison

E Sonndeg, den 2. August 2020 kann een déi éischt Ausstellung

surprise

Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt

Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt

Nodeems nach am Dezember de neien Escher Buergermeeschter, Georges Mischo (CSV) de Budget 2018 virgestallt huet a betount hat, datt et sech ëm en Iwwergangsbudget handelt, war op dësem Freideg dann d‘Zäit fir driwwer ze schwätzen. Jiddereen hat zum Budget eppes ze soen, allerdéngs huet et wéineg Inhalt ginn.

Fir déi nei Majoritéit ass et dann och tatsächlech keng einfach Affär. Villes vun deem wat am Budget steet, hu se misse vum ale Schäfferot iwwerhuelen. De Fraktiounsspriecher vun der CSV Christian Weis bréngt et op de Punkt: „… et ass deen eenzeg méigleche Budget, deen zudeem och nach d’Handschrëft vun der ofgewielte Majoritéit dréit“.

De Christian Weis relativiséiert awer direkt, well villes vun der CSV matgedroe ginn ass. En Zeechen datt genuch „Guddes“ am Budget verankert misst sinn. Mee et gouf dann awer monéiert, datt et och vill „Loftblosen“ huet, Projeten déi ee net realiséiert kritt an awer matschleeft. Misst en dat alles opschaffen, hätt fir fënnef Joer ze dinn.

Och de Bruno Cavaleiro (CSV) bedauert, datt de Budget 2018 duerch de fréiere Schäfferot hypothekéiert ass. Gutt deemno, datt et der neier Equipp dann awer nach gelonge wier, eegen Akzenter afléissen ze loossen, a kloer Prioritéite festzeleeën. Dat geet allerdéngs nëmmen iwwert den „Extraordinäre“ a vill Spillraum besteet um Enn net.

D’Daliah Scholl (DP) begréisst dat d’Prioritéit weiderhin op d’Bildung, d’Kultur an d’Jugend ausgeluecht ass. Hei gëtt et och genuch Chantieren déi d’Gemeng zum engen ofschléisse muss, an zum aneren emol muss ugoen. Mee och dës Budgetspunkte stamen zu gréissten Deel nach aus dem leschte Gemengerot a ware sengerzäit fraktiounsiwwergräifend ugeholl ginn.

Fir de Luc Majerus (déi Gréng) dee sech dru gestéiert huet, datt d’Oppositiounsparteien d’Prozedur befriemlech fannen, war et wichteg drop hinzeweisen, datt déi Majoritéit elo emol grad 42 Deeg am Amt ass. E bësse Gedold wär also ubruecht. Dat de Schäfferot sech eng Woch Zäit gëtt fir op d’Interventiounen anzegoen, géif zudeem d’Emotiounen aus der Diskussioun huelen.

Befriemlech Prozedur

Et war dann och déi fréier Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP), déi d’Prozedur vum 2018er Budget als befriemlech bezeechent huet. Si sollt net eleng mat dëser Meenung optrompen. Eng Woch op d’Äntwert vum Schäfferot misse waarden, géif net dem Sënn vun enger Budgetsdiskussioun entspriechen.

Zwar gëtt der neier Majoritéit gutt gehalen, datt se sech muss „aschaffen“ mee et erhofft ee sech bei de Sozialisten, datt et en Eenzelfall bleift an net eng „Première“ war. Wat d’Bezeechnung als Iwwergangsbudget ugeet, esou wier déi richteg. D’Vera Spautz betount dann awer, datt et och gutt esou wier. Dat dierft et awer schwéier maache géint de Budget ze stëmmen…

De fréiere Kulturschäffe Jean Tonnar (LSAP) ass nach ëmmer op der Sich no de Jalonen déi de neie Schäfferot wëll gesat hunn. Déi nei Prioritéite (Bildung, Sport a Kultur) wieren am grousse ganzen déi al Prioritéiten. Vermësst huet de Jean Tonnar am Budget dann den „Effort“ deen ee bei de Maison Relais an der Bëschschoul erwaart huet.

Begréisst ginn ass, datt een awer un de ville kulturellen Evenementer an um Projet „Esch 2022“ festhält. Woubäi et dem Jean Tonnar en Dar am A ass, datt een d’Coordinateure vun Esch 2022 mat Zäitverträg bënnt, déi op sechs Méint begrenzt sinn. Domatter mécht ee sech kee Gefalen, an et riskéiert een ageschafft Leit „en cours de route“ ze verléieren.

De fréiere Verkéiersschäffen Henri Hinterscheid (LSAP) bedauert déi plakativ Handhabung vun den Zuelen. Déi misst ee richteg interpretéieren, besonnesch am Zesummenhang mat de Bedeelegunge bei de Syndikater. Hie leet dann nach grousse Wäert drop, datt Esch seng Virreiderroll bei der energetescher Transitioun behält.

Fir d’Taina Bofferding (LSAP) war et wichteg drop hinzeweisen, datt déi al Majoritéit keng katastrophal Finanzsituatioun hannerlooss huet an och d’Schold net ausser Rand a Band gerode wier. Si huet Versteesdemech, datt de Schäfferot net all d’Projete vun de Virgänger gutt fënnt, sicht awer och nach no den neien Akzenter déi am Budget sollen enthale sinn.

Méi frëndlech Téin huet de Mike Hansen (LSAP) ugeschloen. Hien huet der neier Majoritéit nach emol fir dat gutt Resultat bei de Gemengewahle gratuléiert an ass iwwerzeegt, datt ee sech och weiderhi wäert gutt verdroen. Hie verséchert dem neie Schäfferot, datt sech d’LSAP och aus der Oppositioun fir déi Escher Bierger wäert asetzen, a konstruktiv kritesch wëll matschaffen.

Lénks ass, wou den Domm riets ass…

Och de Marc Baum (déi lénk) bedauert d’Form vun der Prozedur a huet wéineg Versteesdemech mussen eng Woch op d’Äntwert ze waarden. Et wier zu Esch wuel zu engem historesche Wiessel komm, mee leider géif et dem Koalitiounsaccord u Substanz feelen. Wann een nämlech vu „Stëllstand“ schwätzt wann een den ale Schäfferot an d’Kritik hëlt, deet ee gutt drun Alternativen ze presentéieren.

Hien huet dann och nach emol drun erënnert, datt Esch opgrond sengen Awunner an enger spezieller Situatioun ass. En héije Chômagetaux, onbezuelbar Loyeren, eng Bausubstanz déi marod ass, an natierlech d’Wunnengsnout. Zudeem géif et extrem Defiziter an der Bildung: néierewou anescht géifen esou vill Kanner an der Schoul „versoen“.

Déi lénk géifen et also begréissen, wann et bei den Äntwerten och méiglech wier Perspektiven opzeweisen. Op dat ugesicht der Koalitioun, déi ganz divergent Positioune bekleet, méiglech ass, dorunner ka gezweiwelt ginn. Domatter ass et däitlech, déi lénk stëmmen dëse Budget net. Et dierf een dann awer drop hiweisen, datt déi lénk eigentlech ëmmer géint de Budget gestëmmt hunn.

Verständlech deemno, datt och d’Line Wies (déi lénk) bedauert, datt villes am Budget nach d’Handschrëft vum fréiere Schäfferot dréit. Si freet nom Konsens, an deem festgehale gi war, datt d’Maison Relais an d’Schoule sollen integréiert ginn. Domatter kéint ee Geld a Plaz aspueren. A wa vu Schoule riets ass, déi dem 21. Joerhonnert solle gerecht ginn, misst dat fir all Etablissement gëllen.

Et kéint dach net sinn, datt 17% vun de Kanner a provisoresche Strukturen ënnerbruecht sinn. D’Line Wies besteet dann och op eng Revalorisatioun vun der Waldschoul a méi Investitiounen an d’Kultur. Esch wier déi zweet Stad am Land, an eng Universitéitsstad. E Fakt deen ëmmer sollt beduecht ginn, wann een d’Attraktivitéit vum Standuert wëll erhalen.

Den Daniel Codello (onofhängeg) war net averstanen, datt déi nei Majoritéit monéiert huet, et wiere nëmme 35% vun de Projete realiséiert ginn. Och hei misst een d’Zuele richteg deiten, woubäi een da ka feststellen datt zwee Drëttel vun de Projete realiséiert gi sinn. Méi wier sécherlech besser, mee och Esch muss sech den administrative Prozeduren ënnerwerfen.

Begréisst huet den Daniel Codello dat sech d’Subventioun vir de Sport verduebelt huet, bedauert dann awer datt d’Subside bei de Kultur erofgesat goufen. Mam Bléck op 2022 net wierklech e gutt Signal. Dofir erënnert hien drun, datt et ouni Veräiner keng sozial Kohäsioun gëtt, also misst och beim Benevolat eppes gemaach ginn, an de Veräiner ënnert d‘Äerm gegraff ginn

Fir d’Notzung vun den Industriebroochen, besteet de Codello op eng participativ Politik (ARES & Lentille Terre Rouge). Hie weist och drop hin, datt d‘erofsetze vun der Gewerbesteier, kengem klengen oder mëttlere Betrib aus Esch e Virdeel bréngt. Besser wier et, ze kucke wou de Commerce zu Esch drun ass, a wat déi vu Besoinen hunn.

Ähnlech Sujeten Budget, Esch/Uelzecht, Gemengerot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel