Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Agence-Schléissung Spuerkeess
International Money Neiegkeeten

Agence-Schléissung Spuerkeess

Datt d‘Spuerkeess aus wirtschaftleche Grënn eelef Agencen zoumécht a sech

money
Neies am Dossier ArcelorMittal/ILVA: „Nach gëtt gepréift“
International Money Neiegkeeten

Neies am Dossier ArcelorMittal/ILVA: „Nach gëtt gepréift“

Aus engem Communiqué vun ArcelorMittal gëtt ervir, datt de Lëtzebuerger

Hei komme Bikeren op hier Käschten!
International Money Neiegkeeten

Hei komme Bikeren op hier Käschten!

Mat der eenzeger an sécherlech och eenzegaarteger Trainingspiste fir VTT

money

Vill Buedemschätz a kee Sou an der Kees

Vill Buedemschätz a kee Sou an der Kees

Afrika brauch Geld. Geld fir de Kampf géint d‘Wirtschafts- a Coronaviruskris. Am Abrëll haten d‘Länner vum G20-Club beschloss, den äermsten Natiounen hir Scholden auszesetzen, mee vill afrikanesch Länner déi en Usproch hätten, maachen net mat an dofir gëtt et gutt Grënn.

Wéi déi sanitär Kris ausgebrach ass, hu weltwäit déi räich Natioune massiivst Geld an de Grapp geholl, fir hir Länner virum schlëmmsten ze beworen. Net esou an Afrika. De Kontinent sollt ugesiichts seng Buedemschätz, eigentlech iwwer masseg Geld verfügen, mee Fakt ass, d‘Geld hunn anerer. Déi meescht Länner hu wënzeg Budgeten an déi meescht si bis ënnert d‘Nues verschëlt.

A wéi dat mat Kolonialmuechten esou ass, well esou behuelen sech d‘G20-Memberlänner, ass den äermsten afrikaneschen Natiounen ugebuede ginn, d‘Scholde bis Joresenn auszesetzen. Mat der sougenannter „Debt Service Suspension Initiative“ (DSSI) sollte bis zu 20 Milliarden US-Dollar fräigesat ginn, déi fir de Kampf kéint d‘Krisen hätte kënnen agesat ginn. Mee et ass eppes anescht.

Mëttlerweil ass gewosst, datt ee wäit vun den 20 Milliarden US-Dollar ewech ass, a gutt e véierels vun de Länner déi dierften Usproch erhiewe maache guer net mat. An dat huet Grënn… Et geet hei engersäits ëm Muecht an Ausbeutung duerch aner Länner, an anersäits ëm Muecht an Ausbeutung duerch multinational Konzerner a deenen hir Banken. Afrika soll op éiweg verschëlt bleiwen.

Beispill Kenia

Kenia ass e Land mat ronn 50 Milliounen Awunner a besëtzt 500 Intensiv-Better. D‘Dokteren an d‘Fleegepersonal streikt well et un allem Feelt. Et gëtt keng Schutzausrëschtung, kee Material an net emol eng vernënfteg Pai. Dat huet sécher vill mat Politik ze dinn, allerdéngs där enger déi aus dausende Kilometer Distanz gemaach gëtt. Kenia huet nämlech Scholden a muss zeréckbezuelen.

Dëst afrikanescht Land wennt méi Geld op fir seng Scholden ze tilgen, wéi et Geld zur Verfügung huet fir an de Gesondheetssystem ze stiechen. A Kenia wëll keen Delai vun de G20-Länner. Esou huet de kenianesche Finanzminister gemengt, datt um DSSI deelzehuelen d‘Kreditwierdegkeet vum Land nach méi beanträchtegt, an et esou nach méi schwéier gëtt fir de Scholdebierg ofzedroen.

An dat ass nëmmen ee Beispill am Kontext vum DSSI, well et gëtt méi Problemer wéi ee mengt. D‘Initiativ deckt jo nëmmen déi bilateral Scholden of. Also déi Scholde wou Kenia bei anere Länner huet. Leider ass villes esou organiséiert ginn, datt déi afrikanesch Natiounen och bei private Banke Scholde gemaach hunn. De gréissten Deel vun der Schold kennt vu private Gleeweger.

Och multilateral Institutioune wéi Weltbank oder de Weltwährungsfong hu bei der Initiativ vun de G20 net matgemaach, a grad do hunn déi meeschten afrikanesch Länner de Groussdeel vun hire Scholden (beim Kenia ass et ronn en Drëttel). Zudeem muss gewosst sinn, datt d‘Chinesen och ganz vill Geld an Afrika gestach hunn. A Peking huet Ziler, a Scholden noloosse gehéiert net derzou.

Fluchtursaache schafen

Eigentlech sollt sech China um DSSI bedeelegen, mee wierkelch geschitt ass bis ewell nach näischt an eppes méi Transparenz géif ee sech hei scho wënschen. Peking behaapt mat „Länner“ am Gespréich ze sinn, mee wien dat ass, bleift „geheim“. Mee datt Afrika Geld brauch ass Fakt, et sief et wier gewollt, de Kontinent nees an eng Rezessioun ze dreiwen. Dat géif awer Sënn maachen.

Sënn, bezunn op de Profit deen duerch den Déifstall vun de Buedemschätz ze realiséieren ass; Sënn bezunn op de politeschen Afloss deen een huele wëll… Fir d‘Rezessioun ze verhënneren, bréicht et iwwert déi nächst dräi Joer mindestens 100 Milliarden US-Dollar. Kléngt no vill Geld, ass et awer net. Eleng d‘OECD-Länner hunn 13 Trilliounen US-Dollar an hir Ekonomie misse stiechen.

Mat humanitärer Hëllef, déi et jo bekanntlech och net fir näischt gëtt a fir déi bekanntlech d‘Bierger an net d‘Konzerner bezuelen, ass et awer net gedoen. Esou ass och dës Verschëldung, grad wéi Krich a Waffeliwwerungen, eng Fluchtursaach. Mënschen déi mir bei eis net wëllen, vun deene mir awer erwaarden, datt si och weiderhi fir eise Wuelstand suergen. Dat ass scho Grenzwäerteg…

mat indymedia/nyc

Illustratioun: © Dorothea Oldani / unsplash

Ähnlech Sujeten Afrika, Buedemschätz, DSSI, Fluchtursaachen, G20, Sanitär Kris, Scholden, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel