Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Veianen: Wou Tënt net gläich Tënt awer ëmmer Konscht ass
Love Stories

Veianen: Wou Tënt net gläich Tënt awer ëmmer Konscht ass

Um Weekend hat zu Veianen an der Larai den 20.

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3
Love Stories

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3

Lëtzebuerg huet vill kleng a grouss Uertschaften. Mee et weess

cool
Esch-Uelzecht: Päischtkiermes an Urbanismus hunn d‘Akzenter vum Gemengerot gesat
Love Stories

Esch-Uelzecht: Päischtkiermes an Urbanismus hunn d‘Akzenter vum Gemengerot gesat

Et sollt um Freideg, mat enger klenger Ausnam, eng Gemengerotssëtzung

love

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass

E fixe Rendez-Vous am Kalenner

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass

Leschte Weekend war zu Useldeng eng weider lass. Iwwer zwee Deeg huet eng vun eisen eelste Gemengen d’Mëttelalter mat engem grousse Fest nees opliewe gelooss. Eng Aluedung, déi bei summerlechen Temperature vu ganz ville Leit gutt ugeholl ginn ass.

De Sëlwerschmadd hat gutt ze dinn. Schéin Aarbechte konnt hie virweisen a Präislech war dat ganzt och an der Rei © Martine de Lagardère

An et war dann och richteg eng Lass. Vill aalt Handwierk war ze gesinn, Moud wéi direkt aus dem Mäerchen, villes fir tëscht Zänn a lecker Gedrénks. Et gouf also masseg ze gesinn an et huet well scho missen een hallwen Dag do bleiwe fir sech en Androck vun allem maachen ze kënnen.

Den Organisateur, d’Al-Härenequipe vum Fussball dierft dann och, bis ee klengen Tëschefall um Samschdegowend, mat sech, de Leit an allen déi sech mat engem Stand oder hirem Veräi bedeelegt hunn, zefridde sinn. E Fest fir déi ganz Famill, dat eis hoffentlech nach vill Joren erhale bleift.

De Pollo Bodem (Mëtt vum Bild) mat senge Frënn vum Fussball konnte ganz zefridden op ee gewinnt schéint Mëttelalterfest zréckblécken © Martine de Lagardère

Fir de Buergermeeschter vun Useldeng a President vum Fussball, bléift d’Mëttelalterfest dann och ee vun den schéinste Momentopnamen am Joer, och wann natierlech all Evenement op a ronderëm d’Buerg vu kultureller Bedeitung ass. De Pollo Bodem huet eis dann och bestätegt, datt deen eenzegaartege Site esou wuel fir d’Participante wéi fir de Public, vu grousser Bedeitung an Attraktivitéit ass.

Dëst Joer waren et eng ronn 70 Stänn, véier Heerlager an dräi Museken déi den iwwer dausend Visiteuren de Kapp an d’Ae verdréint hunn. Op der grousser Wiss, déi eigentlech matten am Duerf läit, haten sech dann och déi meescht Veräiner niddergelooss. Hei hätte mir dann och gären eppes méi iwwert „Historia Käldall“ gesot, leider waren se engem Gespréich net opgeschloss.

Beim Therakulix war eppes méi lass, wéi eigentlech iwwerall ronderëm d’Buerg, mee hei ware mir hänke bliwwen © Martine de Lagardère

Mir hunn awer dofir den Therakulix a seng Famill kennegeléiert, déi op hirem Stand ganz traditionell Met an aner Leckereien aus eegener Produktioun un de Mann (an d’Fra) bruecht hunn. Absolut fantastesch och ee Geschäftsmann aus Sandweiler, dee sech dem Whisky – deem richteg gudde – verschriwwen huet. E Mënsch mat Anung an Erfarung, wéi een se net oft begéint.

Eis huet et ganz gutt gefall, de Pollo huet mat eis gelaacht, alles wat eis ugebuede ginn ass huet geschmaacht a vill léif Leit hu mer och kennegeléiert. Also mir wäerten 2018 mat Sécherheet nees d’Invitatioun unhuelen an kënnen nëmmen all deenen déi et dëst Joer net bis bei d’Buerg zu Useldeng gepackt hate roden dat dann nozehuelen.

E Fest wat fir déi ganz Famill eigentlech onëmgänglech ass. Mir hunn de Beweis datt sech d’Krapperte jiddwerfalls gutt ameséiert hunn © Martine de Lagardère

Iwwregens, och wa grad kee Mëttelalterfest op der Buerg vun Useldeng ass, se ass ëmmer ee Besuch wäert. De ganze Site ass komplett renovéiert ginn an d’ganzt Joer iwwer op. De Parcours ass och fir Séibehënnert ausgeluecht an ee sëllechen Audio-Borne liwweren zu allem déi néideg Informatiounen.

Kuckt och eis Gallerie.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Mëttelalterfest, Useldeng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel