Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?
Kultur Neiegkeeten Stories

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?

D’Chamberwahle sti virun der Dier. Schonn e Sonndeg muss ee

Neijoerschpatt fir de CGDIS: Wat war, ass a kënnt?
Kultur Neiegkeeten Stories

Neijoerschpatt fir de CGDIS: Wat war, ass a kënnt?

No 2 Wochen am neie Joer war et gëschter och

Nei Uklopunkten: USA fuerderen d‘Ausliwwerung vum Assange
Kultur Neiegkeeten Stories

Nei Uklopunkten: USA fuerderen d‘Ausliwwerung vum Assange

Déi amerikanesch Justiz huet Groussbritannien op en neits opgefuerdert de

D’Buerg Useldeng – Een didaktesche Rondwee a kulturellt Erliefnis!

D’Buerg Useldeng – Een didaktesche Rondwee a kulturellt Erliefnis!
D'Buerg Useldeng © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Buerg Useldeng – Een didaktesche Rondwee a kulturellt Erliefnis!
Fir emol een Iwwerbléck ze kréien sollt ee sech d'Miniatur-Ofbild ukucken © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Buerg Useldeng – Een didaktesche Rondwee a kulturellt Erliefnis!
D'Tierm si bannen fantastesch hiergericht ginn! Souwuel fir d'Aen, wéi och fir d'Gehéier ass eppes dobäi, ganz ofgesinn vun der Aussiicht ganz uewen! © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Buerg Useldeng – Een didaktesche Rondwee a kulturellt Erliefnis!
Kucke, lauschteren, upaken - esou mescht Geschicht Spaass! © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Buerg Useldeng – Een didaktesche Rondwee a kulturellt Erliefnis!
Am Tuerm wiisst ee metallene Bam erop, deen d'Geschicht an al Fotoe vun der Buerg als Friichten dréit © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Buerg Useldeng – Een didaktesche Rondwee a kulturellt Erliefnis!
Vun engem Tuerm zum aneren © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Buerg Useldeng – Een didaktesche Rondwee a kulturellt Erliefnis!
D'Buerg mat senge Gäert © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Buerg Useldeng – Een didaktesche Rondwee a kulturellt Erliefnis!
D'Gaardekultur: Mat Planzen aus der "Aler Welt" © Shari Pleimelding/moien.lu

Nodeems d’Buerg zu Useldeng laang Zäit vum Amt fir Denkmalschutz restauréiert ginn ass, kann ee mëttlerweil vun engem spannenden a léierräische Rondwee duerch den Duerfkoloss profitéieren. Bekannt ass dës Plaz offensichtlech duerch dat traditionellt Mëttelalterfest am Juni, woubäi sech eng Visitt och ausserhalb vun dësem Evenement immens lount!

Beim Pilotprojet ënnert der Schiermherrschaft vun der UNESCO handelt et sech ëm een didakteschen Tour mat 16 Statiounen, deen och fir blann Persoune geduecht ass. Donieft huet ee bei der Restauréierung och u Lifter fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit, sou wéi u sanitär Anlage geduecht. Ze fanne sinn am Aussen- a Banneberäich divers Texttafelen, déi a franséicher an däitscher Sprooch. Bei der Visitt duerch d’Tierm kann een nieft de geschriwwenen Iwwerliwwerunge, Fakten a Geschichte kann ee sech hei a 4 Sproochen Tounopnamen, passend zu den Texttafelen ulauschteren.

A wien esou fortschrëttlech ass Internet um Handy ze hunn, dee ka souguer vun den Informatioune profitéieren, déi per QR-Code ugebuede ginn. Vun der Buerggeschicht, iwwert dat mëttelalterlecht Liewen, bis hin zur Hexeverbrennung ass alles dobäi. Vun 08:00 bis 19:00 Auer ass all Dag op.

Buerg Useldeng

Fréijoer ass och hei déi schéinst Zäit © Shari Pleimelding/moien.lu

Den Ursprong vun der Buerg

Aus taktesche Grënn si Buergen oft op enger gewësser Héicht erriicht ginn, sou datt bei Gefor och d’Bevëlkerung säi Schutz fënnt. Donieft gëllt de Bau och als Instrument a Symbol vu Muecht an Herrschaft. Zu Useldeng selwer konnt een, duerch archeologesch Ausgruewungen, déi éischt Spuere vu Siidlungen an dat 9. Joerhonnert no Christus zeréckféieren. Schrëftlech gëtt Useldeng eng éischt Kéier am Joer 1100 erwäänt. Deemools huet sech am klengen Duerf nieft der Buerg och d’Kierch vum Hellege Péitrus, zwou Millen an ee Priorat befonnt.

War d’Buerg am Ufank aus Holz – woubäi dat genaut Ausgesinn allerdéngs net bekannt ass – esou huet de Steen sech am 12. Joerhonnert am Bau duerchgesat. Als Zeeche vu Räichtum huet de Buerghär ee gemauerten Tuerm erriichte gelooss, den hei besonnesch Héich a véiereckeg ass.

Buerg Useldeng

D’Buerg Useldeng © Shari Pleimelding/moien.lu

Lëtzebuerg an d’Hexen

Besonnesch am 17. Joerhonnert sinn am Grand-Duché vill Fraen als Hexen ugeklot a verbrannt ginn. Oft ass et ëm verhexte Béischten, ëm d’Sot déi futti gaangen ass, ëm Kanner déi stierwen oder och Fraleit gaangen, déi vum Däiwel befall wieren. Mat hirem béisen Otem a Bléck géifen si d’Gesellschaft schiedegen.

De Besëtz vun der beschëllegter Persoun ass no der Veruerteelung un den Ukleeër gaangen, sou datt natierlech och oft falsch Uschëllegunge gemaach gi sinn, zum perséinleche Wuel. Dëst Dreiwe vun „Ech kloen dech als éischt un, iers du mech ukloots“ ass esou weider gaangen, bis zur Zäit vum Maria-Theresia am Joer 1778, wou d’Folter schlussendlech verbuede ginn ass.

Buerg Useldeng

Iwwert d’Hexeverfolgung zu Lëtzebuerg an Useldeng © Shari Pleimelding/moien.lu

Trotzdeem sollt d’Katrin Theis vun Useldeng dem Prozess net dervu kommen. Am Joer 1624, zur Zäit vum Drëssegjärege Krich, ass si als Hex ugeklot, gefoltert a schëlleg gesprach ginn. Bis d’Uerteel bestätegt gëtt, sollt si d’Duerf verloossen, wouzou et awer ni komm ass. Um 2. September 1624 huet een d’Katrin Theis dout am Prisong vun der Buerg Useldeng opfonnt.

Een Hin an Hier an der Herrschaft

Ëm d’Joer 1100 ass d’Herrschaft vun Useldeng duerch Ierwdeelungen entstanen. Den éischte bekannte Besëtzer war den Theobald vun Useldeng mat senger Fra Azeka. Allerdéngs ass d’Dynastie an der Mëtt vum 13. Joerhonnert ausgestuerwen. Am Joer 1415 war et dunn um Johann von Rodemacher den neie rechtméissegen Häer ze ginn, an dat duerch d’Bestietnis mam Irmgart von Boulay. Duerch Intrigen am franséisch-burgundesche Krich sollten awer och si net laang un der Muecht sinn.

Buerg Useldeng

De Grondrëss vun der Kapell ass erhale bliwwen © Shari Pleimelding/moien.lu

Useldeng ass schliisslech 1479 vum Maximilian I beschlagnaamt ginn an uschléissend un de Christoph von Baden gaangen. Zu dëser Zäit war sou wuel d’Buerg, wéi och seng Kapell schwéier beschiedegt. Nodeems de Wilhelm von Nassau-Vianden am Joer 1674 d’Ierwen untrëtt ass et de Franz-Sebastian Bauer von Everlingen, deen alles opkeeft. Dëst sollt awer net virum endgültegen Zerfall vun der Buerg schützen, an esou gëtt schlussendlech och déi kleng Kapell am Joer 1903 ofgedroen.

D’Enn vum gëllenen Zäitalter

Ofgesi vun diverse militäreschen Iwwerfäll am 16. a 17. Joerhonnert schéngt d’Zäit zu Useldeng stoe bliwwen ze sinn. Zwar symboliséiert d’Buerg nach ëmmer d’Muecht vun der Famill, an awer gëtt hiren Afloss ëmmer méi kleng, wëll d’Gidder duerch Ierfschaften opgedeelt ginn. Natierlech déngt d’Buerg als Wunnsëtz an zentraalt Lager fir d’Erträg aus der Rekolt. Dobäi schéngt awer kee méi richteg Méi wëllen ze ginn, de Bau a Stand ze halen.

Esou gëtt de bewunnten Deel am 18 Joerhonnert ëmmer méi baufälleg, bis datt schliisslech kee méi dra wunne kann, well oder soll. Et soll dann och un de finanzielle Mëttele gefeelt hunn, fir datt d’Besëtzer nees ee modernt Schlass opriichten

Buerg Useldeng

Villes ass zerstéiert, mee et konnt een ee flotte Circuit opstellen! © Shari Pleimelding/moien.lu

D’Gaardekultur no Joreszäiten

Bei der Buerg zu Useldeng sinn déi 4 typesch Gaardenzorten gewisen. Dozou gehéieren d’Zierplanzen vun der „Aler Welt“, déi hei an Hochbeeter gesat gi sinn. Donieft fënnt een och al an nei Geméisplanzen ab dem 16. Joerhonnert aus Europa fir, wéi och déi typesch Uebstbeem a stenge Backe mat Heelkraider a Gewürzer. Dës Opdeelung soll fir den Oflag vun de Joreszäite stoen: D’Fréijoer mat de Blummen, de Summer mam Geméis, de Spéitsummer bis Hierscht mat de Kraider an Hierscht bis Wanter mam Uebst.

Buerg Useldeng

Vu Rosmarin bis Bratzelen ass alles dobäi! © Shari Pleimelding/moien.lu

D’Bedeitung vu Steng

Schonn ëmmer huet de Mënsch de Steen als onvergänglecht Material genotzt, fir esou Gebidder ofzegrenzen, sech virun iwwernatierleche Kräfte ze protegéieren oder och u wichteg Evenementer ze erënneren. Bei de Réimer huet een beispillsweis Votivsteng opgestallt, zu Éieren vun hire Gottheeten. D’Chrëschten hunn dës Traditioun iwwerholl an esou Denkmaler fir déi Helleg iwwerall placéiert. Esou stinn och zu Useldeng nach e puer Motiver, déi ënnert anerem un d’Kräizegungen oder och d’Jongfra Maria erënnere sollen.

Buerg Useldeng

Esou kréien och Steng hire Wäert zu Useldeng © Shari Pleimelding/moien.lu

Fir weider Fotoen sollt Dir Iech onbedéngt emol d’Galerie ukucken! D’Buerg sollt een iwwregens net verfeele kënne: Si läit am Häerz vum Duerf Useldeng, direkt tëscht dem Centre Culturel an der Kierch. Duerch béid Tierm ass de Koloss net ze verfeelen!

Ähnlech Sujeten Buerg Useldeng, Hex, Mëttelalterfest, UNESCO, Visit Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel