Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!
famous person dating a fan

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!

Samsa Film ass houfreg matzedeelen, datt de Film „Superjhemp Retörns“

dating anxiety and panic attacks
famous person dating a fan

online dating success rate 2017

Een Dag nom Sommet iwwert d‘Finanzéierung vum „Klima“, verreent Frankräich

Accident op der A1: 4 schwéier Blesséierter
famous person dating a fan

Accident op der A1: 4 schwéier Blesséierter

Wéi d’Police matdeelt ass et gëschter Owend géint 23:30 Auer

D’Buergbrenne mat de Walfer Guiden a Scouten hat Succès

D’Buergbrenne mat de Walfer Guiden a Scouten hat Succès

De Februar geet op Enn, a mir si „Legioun“ déi eis Gläiches vum Wanter wënschen. A fir dëse „Wanter“ ze verdreiwen hunn uechtert d’Land d’Buerge gebrannt. Eng Traditioun déi, wann dann alles richteg gutt organiséiert an d’Wieder dréchen ass, schonn emol zum Volleksfest ka ginn.

An op e esou e Volleksfest ware mir ageluede ginn. Mir wëlle stellvertriedend fir all déi, wou sech vill méi ginn hunn, an esou sëlleche Leit och eng grouss Freed bereet hu, 2018 vum Walfer Buergbrenne beriichten. Et war flott, an zesumme mat honnerte Leit, Grouss a Kleng, hu mir dem Wanter versicht „Äddi“ ze soen.

Et muss ee gutt virbereet sinn

Zu Helmsen bei der Pidal, haten déi jonk (a manner jonk) Walfer Guiden a Scouten an Zesummenaarbecht mat der Gemeng hir Buden opgestallt, fir datt beim Buergbrenne keen Honger oder Duescht huet missen erleiden. Nieft den „eelere Scouten“ hei dann och e grousse Merci un déi jonk am Alter tëscht 14 a 17 Joer – déi ginn hei CaraPio genannt – fir eng exzellent Aarbecht um Grill.

ScoutenVum Thüringer (deen elo anescht muss genannt ginn) iwwert d’Mettwurscht mat oder ouni Fritten, net ze vergiessen eng gëlleg Ënnenzopp d’Offer breet gefächert. Natierlech huet et wéinst der Keelt och e Glühwäin an Téi ginn, mee wie wollt krut och säi Béierchen oder eng Coupe Cremant.

Gutt geschafft

Wéi mir vun engem vun de Scoute-Cheffen, dem Max Peping konnte gewuer ginn, war sech och bei der Buerg ugestrengt ginn. Eng Buerg aus Paletten an Dännebeem (déi waren nach vu Chrëschtdag iwwreg an d’Gemeng hat der eng Honnert zesummebruecht) war iwwert de ganze Samschdeg opgeriicht ginn.

D’Walfer Guiden a Scouten haten dann nach Ënnerstëtzung bei den Entreprisen (CEBI – IRCAO – Klauner – De Cilia) zu Steesel fonnt, déi vill Palettë parat gestallt hunn, datt et och eng Schéi Buerg konnt ginn. Et hu wuel och e puer Privatleit nach hir Beemercher laanscht bruecht, mee et hätt een et léiwer gehat wann se gefrot hätten.

ScoutenDat gesot, et war um Samschdeg also eng méi lass an zu hirer 20 Mann hunn se uerdentlech geschafft. Erauskomm ass eng Buerg mat enger héicht vu bal 18 Meter, déi am Kräiz 9,20 Meter breet war. Hei dann och de Merci un den Atelier Dostert vu Biissen, dee mat schwéierem Gerät gehollef huet, se opzeriichten.

Kee soll vergiess ginn

Den Owend huet scho géint eng Auer sechs ugefaangen, a wéi et mat der Däischtert esouwäit war, huet et – mat enger Eskorte vun der Police – och den traditionelle Fakelzuch ginn. Heibäi sinn d’Participante vun der Walfer Musek begleet ginn, déi och während d’Buerg gebrannt huet, fir gutt Stëmmung gesuergt huet.

ScoutenAn d’Stëmmung war gutt, richteg gutt, et waren esouguer Leit vu Fréiseng bis op Helsem komm. Mee natierlech waren déi meescht aus der Ëmgéigend. An esou wéi dat dann esou geet, ass et och spéit ginn, iergendwann war all Honger gestëllt an den Duuscht geläscht. Och e Buergbrenne geet emol op en Enn, mee et bleift villes ze dinn. Ëmmerhi muss jo och een opraumen.

Mir sinn dann och iwwerzeegt, datt et op allen anere Plazen genee esou Flott war, alles nees schéi Propper gëtt, an de Wanter, dee jo soll verdriwwe ginn, och kuckt datt e Land gewënnt. Vu dëser Säit ee grousse Merci fir de frëndlechen Accueil, an datt dës Traditioun nach vill Joer zu der Verstännegung ënnert de leit ka bäidroen.

Fotoen: Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Buergbrennen, Guiden a Scouten, Helsem, Steinsel, Walfer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel