Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir eng participativ an equitabel „low-carbon“ Gesellschaft
Kultur Neiegkeeten

Fir eng participativ an equitabel „low-carbon“ Gesellschaft

Leschte Mëttwoch hunn d‘Ëmwelt-, Energie- a Klimaminister vum Benelux: Carole

What the Fakt – Wëll laache gesond ass!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Wëll laache gesond ass!

Den 1. Juli ass wuel einfach fir ze laachen. Et

Benefizconcert fir d‘Affer vum Tornado
Kultur Neiegkeeten

Benefizconcert fir d‘Affer vum Tornado

Organiséiert vun der Associatioun „Fir e gudden Zweck – Gemeng

Buergbrennen: Hei eng Iwwersiicht wou et de Weekend flaamt

Buergbrennen: Hei eng Iwwersiicht wou et de Weekend flaamt

Och wann et sécherlech an Zäite vu Klimawandel, Klimanoutstand a Klimaplang verwonnerlech ass, datt een un der Traditioun vum „Buergbrennen“ festhält, esou ass et ee wichtege Rendez-vous fir vill Veräiner an och esou eppes wéi vill kleng Volleksfester. E Stéck Lëtzebuerg eben an dat ass och gutt esou. A wien sech iwwert dëse Wee vum Wanter wëll „trennen“ soll dat roueg maachen.

E Samschdeg brennt et dann:

  • Bartreng: Opstellung vum Cortège virun de Kierch um 18.30 Auer, d‘Buerg brennt hei ab 19 Auer;
  • Bieles: hei geet de Cortège a Richtung Gaalgebierg och um 19 Auer lass, a scho 15 Minutte méi spéit gëtt d‘Buerg a Brand gestach;
  • Bouneweg: hei ass de Rendez-vous fir de Cortège um 19 Auer virun der Kierch. D‘Buerg gëtt um Boulevard Kaltreis (beim Waassertuerm) entzünt;
  • Déifferdeng: hei ass de Rendez-vous um 19.30 Auer zu „Um Metzkimmert“;
  • Diddeleng: hei geet de Cortège um 19.20 Auer (no der Mass) vun der Butschebuerger Kapell aus fort;
  • Fenteng: Rendez-vous beim Kierfecht ab 19 Auer;
  • Kolpech: Um 9 Auer ginn d’Bierger oprafen, owes um 19 Auer geet et am Fakelzuch bei Buerg. Uschléissend offréieren d’Pompjeeën ee Patt am Bau;
  • Mäertert: ab 17 Auer kann sech „Op der Lämmkaul“ versammelt ginn, brennen deet et ab 19 Auer;
  • Préizerdaul: ab 19 Auer op der Haaptstrooss zu Proz;
  • Réimech: de Cortège geet um 18.30 vun der Märei a Richtung dem Bësch „Gewännchen“ lass, op der Plaz gëtt dann d‘Feier ugefaangen;
  • Rëmeleng: hei gëtt sech um 18 Auer beim Grouwe-Musée getraff;
  • Stengefort: hei geet um 19 Auer de Cortège vum Patton-Square lass, um 19.30 gëtt beim Kulturzenter „Al Schmelz“ d‘Buerg ofgefackelt;
  • Weiler zum Tuer: hei gëtt sech ab 18 Auer beim Chalet „Haasseler Bësch“ getraff;
  • Wolz: hei an der Gemeng brennt direkt dräimool. Zu Wolz selwer, an der Salzbaach um 18 Auer, zu Rulljen um 18 Auer an zu Ierpeldeng um 19 Auer.

An ee Sonndeg flaamt et zu

  • Beggen: hei gëtt sech wéi gewinnt beim Fussballterrain getraff (18 Auer);
  • Cents: virun der Kierch gëtt sech um 18.30 Auer getraff fir de Cortège, d‘Buergbrenne selwer ass dann um 19 Auer;
  • Ell: Nom Buergëmzuch ab 12 Auer gëtt um 19:30 Auer d’Buerg ugefaangen;
  • Jonglënster: hei geet de Cortège um 18.30 Auer op 38 Bierg-Strooss fort, „Um Lënsterbierg“ steet d‘Buerg;
  • Käl: hei ass de Rendez-vous um 18.15 virun de Märei;
  • Kolmer-Bierg: Animatioune sinn iwwert de ganzen Dag geplangt. Flamen deet et dann um 19 Auer;
  • Préizerdaul: ab 19 Auer um Alebierg zu Proz;
  • Rolleng: hei gëtt sech schonn ab 14 Auer am Fräizäitzenter vum Wanter getrennt, de Cortège geet awer eréischt um 19.15 Auer ab do lass;
  • Steesel: hei geet d‘fest um 19 Auer beim Fräizäitzenter un;
  • Stroossen: Rendez-vous ass 19 Auer an der Steebroch-Strooss;
  • Wolz: och um Sonndeg brennt et an der Gemeng, esou bei der “Fatima” um 19 Auer an zu Eeschweller um 20 Auer

Foto: eendeckel/Pixabay

Ähnlech Sujeten Buergbrennen, Kultur, Traditioun, Zäitgeméiss
Nächsten Artikel Virrechten Artikel