Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen
benefits of online dating service dating sites in riga

https://moien.lu/dating-then-relationship/

Scho säit 2009 ass et d’Missioun vun der Fondatioun EME,

hookup bars madison wi
benefits of online dating service dating sites in riga

adr-Fraen: iwwert d’Orange Week an haislech Gewalt géint Männer

Gewalt doheem ass een dramatesche Phänomen an d’Sensibilisatioun fir dëse

Léieren an der Hëtzt: De Claude Meisch zur Schoulsituatioun
benefits of online dating service dating sites in riga

Léieren an der Hëtzt: De Claude Meisch zur Schoulsituatioun

Duerch d’Hëtztwell, déi dës Woch erwaart gëtt, huet den Eudcatiounsminister

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum

Gutt 40 Buergermeeschter aus Katalounien sinn opgefuerdert sech viru Geriicht zu hirer Participatioun um verbuedene Referendum, deen iwwert d‘Onofhängegkeet vun der Regioun soll entscheeden, ze äusseren. Dee war zum 1. Oktober verbuede ginn, während d‘Saisie vu Wahlmaterial weider duerchgefouert ginn.

D‘Convocatiounen, dovunner dräi scho vir den haidegen Dënschdeg, ware vun der Vereenegung vun de Gemenge fir d‘Onofhängegkeet (AMI) verëffentlecht ginn. Um Sonndeg hat d‘Guardia Civil 1,3 Millioune Prospekter, Broschüren an anert Propagandamaterial am Zesummenhang mam geplangte Referendum beschlagnaamt. E Referendum, deen déi separatistesch Regionalregierung géint de Wëlle vun der Spuenescher Regierung an trotz dem Verbuet duerch d‘Verfassungsgeriicht ofhale wëll. E Referendumsprojet deen och déi lokal Gesellschaft spléckt. D‘Guardia Civil huet um Méindeg dann och nach matgedeelt, datt si 113.000 Affiche fonnt hunn, déi de Logo vun der „Generalitat“, déi katalanesch Exekutive, opgedréckt haten.

Konsequent demokratesch

D‘Lescht vun de Buergermeeschter déi vun der Justiz convoquéiert gi sinn, war vun der AMI op senger offizieller Internetsäit verëffentlecht ginn. Um Méindeg Nomëtteg stoungen do 37 Nimm. Déi dräi éischt Buergermeeschter sollen sech dann och haut de Moien tëscht 10 an 12 Auer op de regionale Geriichter veräntwerten.

„Ech si kee Verbriecher (…) Ech assuméieren a mengem Numm, datt d‘Leit an eise Gemenge kënne wielen“, esou um Samschdeg de Marc Solsona, ee vun de betraffene Buergermeeschter. A senger Stad vu Mollerussa, solle 15.000 Awunner d‘Recht hunn hir Stëmm ofzeginn. Dofir dierf de Solsona haut um 12 Auer dem Riichter géinteniwwer trieden.

Fënnef vun den 10 gréisste katalanesche Stied hunn et virgezunn sech vum Referendum ewechzehalen

Fënnef vun den 10 gréisste katalanesche Stied hunn et virgezunn sech vum Referendum ewechzehalen. Trotzdeem hunn sech zwee Drëttel vun den 948 Buergermeeschter engagéiert hir Wahlbüroe fir de Referendum opzemaachen. Den demokratesche Prozess misst och géint de Wëlle vun der Zentralregierung erhale bleiwen.

Juristesch géint den demokratesche Prozess

De Parquet General vu Spuenien hat um 13. September de Procureuren den Uerder ginn, all d‘Buergermeeschter ze convoquéieren, déi hir Zesummenaarbecht fir den illegale Referendum ugebueden hunn. Si sollen dann ugeklot ginn, an déi wou der Convocatioun net nokommen, solle festgeholl ginn. Politesch betruecht, hunn d‘Separatisten d‘Majoritéit u Sëtzer am Regionalparlament säit September 2015. Déi katalanesch Gesellschaft selwer ass sech awer bei der Fro zur Onofhängegkeet net eens. Woubäi sech fir dës Ausso op Sondage beruff gëtt.

Bei de regionale Walen 2015, haten d‘Separatiste 47,6% vun de Stëmmen an déi pro-spuenesch politesch Bewegungen 51,28% erhalen. En Denkbar knappt Resultat, dat verständlech mécht, firwat sech zu Madrid géint e Referendum gestäipt gëtt. Elo sinn dann awer iwwer 70% vun de Katalane fir de Referendum a fuerderen d‘Recht sech fir oder géint d‘Onofhängegkeet dierfen auszedrécken.

mat AFP

Foto: A Katalounien ass d‘Fuerderung nom demokratesche Prozess reell. 70% vun de Bierger si fir de Referendum dee Madrid mat alle Mëttel verhënnere wëll. D‘Regierung wier, esou héiert et sech un, och bereet iwwer 600 Buergermeeschter an de Prisong ze geheien. (© Pau Barrena/AFP)

Ähnlech Sujeten Justiz, Katalounien, Onofhängegkeet, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel