Search

You may also like

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!
International Neiegkeeten

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!

Nodeems um vergaangene Sonndeg de Sarg vum Groussherzog Jean an

China: Mysteriéis Longekrankheet breet sech iwwerraschend séier aus
International Neiegkeeten

China: Mysteriéis Longekrankheet breet sech iwwerraschend séier aus

Den neie Coronavirus, deen an der chinesescher Stad Wuhan fir

Siwe Covid19-Teststatioune ginn an de Stand-by Modus
International Neiegkeeten

Siwe Covid19-Teststatioune ginn an de Stand-by Modus

Nodeems decidéiert ginn ass, den Depistage vum Covid19 an eng

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen

No enger hannerlëschteger Messerattack um Sonndeg, ass de Pawel Adamowicz senge Verletzungen erleeën

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen

Dee bei enger Messerattack schwéier blesséierte Buergermeeschter vun Danzeg, Pawel Adamowicz, ass am Spidol senge Verletzungen erleeën“, heescht et am Communiqué vum polnesche Gesondheetsminister Lukasz Szumowski. De populäre Politiker war bei enger Benefizveranstaltung, e Sonndeg néiergestach ginn.

De Procureur vun Danzeg huet annoncéiert, datt an dësem Fall wéinst Mord ermëttelt gëtt. D‘Attack hat sech virun den Ae vun honnerte Mënschen zougedroen. De Pawel Adamowicz, esou d‘Autoritéiten, war mat engem Messer, dat eng Kléngelängt vu bal 15 Zentimeter huet, néiergestach ginn. Heibäi goufen d‘Häerz, Zwerchfell an Organer am Bauchraum getraff.

Vun den Autoritéiten heescht et, datt d‘Affer enorm vill Blutt verluer hat, an huet misse reaniméiert ginn. Den Dokter Tomasz Stefaniak, deen de Politiker behandelt hat, erkläert: „Mir hunn, wéi d‘Affer ageliwwert ginn ass, iwwer fënnef Stonnen operéiert. Vill Matbierger hunn als Zeeche vun der Solidaritéit Blutt gespent. Trotz alle Beméiungen ass et net gelongen de Mann ze retten“.

Solidaritéit an Trauer

Dës schrecklech Dot huet Parteiiwwergräifend fir grouss Opreegung gesuergt. De polnesche Staatspresident Andrzej Duda huet der Famill vum danzeger Buergermeeschter via Twitter säi Bäileed ausgedréckt: „Ech stinn an Trauer an am Gebiet bei senger Famill, Frënn an alle Mënschen déi gudde Wëllen hunn. (…) Feindséilegkeet a Gewalt hunn tragesch Folgen a Schmäerz bruecht“.

Danzeg

Eng Ausso där sech de President vun der nationalistesch Regierungspartei „Recht a Justiz“ (PiS), Jaroslaw Kaczynski ugeschloss huet. D‘Spriecherin vun der Regierung, Joanna Kopcinska huet op Twitter geschriwwen: „De Mord um Buergermeeschter Pawel Adamowicz ass e Schlag fir eis all“.

Danzeg

Schonn um Sonndegowend hat d‘PiS-Partei d‘Dot als „Barbaresch“ denoncéiert an all Intervenanten opgefuerdert, sech bei der politescher Ausenanersetzung, net am Toun ze vergräifen. Politiker misste méi Verantwortung fir d‘Wierder an d‘Doten iwwerhuelen, well „net u Mëllen op béide Säite vum politesche Spektrum feelt“, esou d‘Beata Mazurek, Spriecherin vun der PiS-Partei.

Iwwert de „wéi“ a de „wat“

De Mann, deen de Pawel Adamowicz virun den Ae vun honnerte Mënschen, op der Bühn kalbliddeg ofgestach huet, wier e 27 järege virbestrooften Awunner vun Danzeg. Laut den Autoritéiten, hätt dee sech mat enger Pressekaart Zougank zum Bühneberäich verschaaft.

Éischten Erkenntnisser no, sollt et sech bei dëser Dot ëm eng „Revanche“ handelen. Et geet och rieds doriwwer, datt den Täter e psycheschen „Defekt“ huet. Gewosst ass (Video) datt hie während dem Event mat engem Messer op d‘Bühn gestiermt ass, a widderholl op de Buergermeeschter vun Danzeg agestach huet. Alles esou séier gaangen, datt kee konnt dertëscht goen.

Laut deem wat op der Videoopnam ze héieren ass, huet den Täter op der Bühn gebläert, datt hien onschëlleg am Prisong gesiess hätt a vun der biergerlecher Plattform gefoltert gi wier. De Pawel Adamowicz huet fréier zu dëser Plattform gehéiert. Dann nach d‘Informatioun, datt de presuméierte Mäerder, wéinst Bankiwwerfall iwwer 5 Joer am Prisong war, an am Dezember nees fräi komm ass.

Foto: © Renata Dabrowska

Related topics Andrzej Duda, Danzeg, Jaroslaw Kaczynski, Messerattack, Pawel Adamowicz, Polen
Next post Previous post