Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Geschlechtergläichheet gëtt et net!
free hookup sites that are actually free south africa latest international dating site

https://moien.lu/miss-ko-na-yung-dating-tayo-in-english/

Wann d‘Ministesch fir d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra e kloert

is naomi from southern charm dating someone
free hookup sites that are actually free south africa latest international dating site

What the Fakt – op der Queen hire Gebuertsdag mat Téi ustoussen!

D’Queen Elizabeth II. feiert haut hiren 93. Gebuertsdag – a wat

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss
free hookup sites that are actually free south africa latest international dating site

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss

Den Doud vum Tony de Brum, onermiddleche Militant géint de

Buergermeeschter vun Ostende: „Bei eis ass all Mënsch wëllkomm!“

Zitat aus Zeitungsinterview mam Jean-Claude Juncker huet Stellungname provozéiert

Buergermeeschter vun Ostende: „Bei eis ass all Mënsch wëllkomm!“

Am „Le Soir“ ass den ausscheedenden EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker zitéiert gi mat: „Op der belscher Küst schwätzen ech däitsch“. Wann et als „Message“ geduecht war, huet et seng Wierkung net verfeelt. An de sozialen Netzwierker war eng lass an och de Buergermeeschter vun Ostende, engem och bei Lëtzebuerger beléifte Vakanzenuert, huet sech dozou geäussert.

„Op der Côte ass all Mënsch wëllkomm… egal wéi eng Sprooch hie versicht ze schwätzen“, esou de Bart Tommelein géintiwwer de Kollege vun der RTBF. An de Buergermeeschter vun Ostende ass net eleng. De Jean-Marie Dedecker, Buergermeeschter vu Middelkerke – nach esou en Uert wou sech de Lëtzebuerger am allgemenge wuelfillt – huet dat wat am Interview gesot ginn ass nawell och eppes veriergert. Hie qualifizéiert dem Juncker seng Ausso als „iwwerhieflech lächerlech“.

Den Interview gouf verëffentlecht zu selwechten Zäitpunkt wou e Sondage d‘Nationaliste vun der N-VA zesumme mat de Faschiste vum Vlaamse Belang als bei de regionale Parlamentswahlen als „favoriséiert“ ervirbréngt. Zwou politesch Beweegungen déi Flandern aus dem federale System féiere wëllen. Ee Land, dräi Communautéiten, wéineg Zesummenhalt an awer geet et weider.

Stellt sech no der Interventioun natierlech d‘Fro, huet de Jean-Claude Juncker „iwwerdriwwen“? Dat ass schwiereg ze beäntwerte wann een net regelméisseg Gaascht op der belscher Küst ass, woubäi dat „Gemeckers“ generatiounsiwwergräifend Anekdote bereet hält. Déi ganz Jonk wäerten sech kaum un de „Lëtzebuerger“ an de „Belsche“ Frang erënneren. Zwou Währungen op Aenhéicht also dem gläiche Wäert. Dat war flott a praktesch, du hues net misse Geld wiessele fir an d‘Vakanz.

Frëndlech ëmmer… Sturazeg awer och

Wien awer mat engem Lëtzebuerger Schäin op der Côte bezuele wollt, huet sech awer méi wéi eng Kéier dierfen unhéieren: „Deen huele mir net un“. Hätte mir dat sengerzäit op de Banke gemaach, wann d‘Flamänner mat de Pabeiertute voller (schwaarz) Geld iwwert d‘Grenz komm sinn, hätt et zolidd Kaméidi ginn. An och dat mat der Sprooch war schonn an de 70er an 80er e „Problem“.

Mam wiessel vun der EWG (Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft) zur EU hat ee gemengt et géif besser. Och d‘Aféierung vum Euro, esou d‘Hoffnung, géif d‘Mënsche méi no unenaner bréngen, huet sech net behaapt. Eenzeg d‘Geld an d‘Entreprise si sech méi no komm, Ongläichheeten hunn zu schlechter Stëmmung gefouert an de Populisten – déi ganz einfach Äntwerten op ganz komplex Problemer hunn – déi Onzefridden an d‘Äerm gedréckt. An d‘Walloune konnten si nach ni leiden…

Foto: Idyllesch an net wierklech wäit ewech, Ostende ass ëmmer eng Rees wäert. Op fir e Weekend oder d‘grouss Vakanz, déi Belsch Küst huet vill ze bidden. Eis Lëtzebuerger sollt et jo egal sinn ob si et léiwer „op däitsch“ wëllen, wat geet eis hire Stress mat de Wallounen un? Et sollt een awer – de Fall gesat et fillt ee sech „europäesch“ – bedenken, datt vill däischter Zäiten esou ugefaangen hunn. Christo Anestev/Pixabay

Ähnlech Sujeten Bart Tommelein, Belsch Côte, Jean-Claude Juncker, Jean-Marie Dedecker, Middelkerke, Ostende
Nächsten Artikel Virrechten Artikel