Search

You may also like

Ägäis: De Sträit ëm d‘Äerdgasquelle geet weider
International Neiegkeeten

Ägäis: De Sträit ëm d‘Äerdgasquelle geet weider

Nodeems sech d‘EU-Ausseminister drop verstännegt hunn, sech weider Sanktioune géint

Glyphosat: de Sträit ëm de sanitären Diagnostik, erkläert
International Neiegkeeten

Glyphosat: de Sträit ëm de sanitären Diagnostik, erkläert

Den Impakt vum Glyphosat op d‘Gesondheet, dee vun der WHO

Schaarfen Theater
International Neiegkeeten

Schaarfen Theater

De Summer ass säit dem 1. September meteorologesch gesinn eriwwer.

Buergermeeschtesch net vu Flüchtlinge begeeschtert

Buergermeeschtesch net vu Flüchtlinge begeeschtert

Wärend d‘EU-Kommissioun zumindest den Androck erwäche wëll, am Kontext vun der Migratioun an de neierlecher Flüchtlingskris eppes ze ënnerhuelen, huet d‘Buergermeeschtesch vu Spa (Belsch) eng méi kloer Siicht op d‘Saach: si solle bleiwe wou de Peffer wiisst.

D‘Sophie Delettre (MR) hat 2018 den 88 järege liberale Buergermeeschter Joseph Houssa ofgeléist dee 36 Joer d‘Geschécker vun dëser jo eppes renomméierter Gemeng geleet huet. Si, wéi vill vun hiren Homologen an der Belsch, schwätzt och vill a gäre vu Solidaritéit an enger europäescher Léisung am Bezuch op d‘Migranten/Flüchtlingen, gesäit et allerdéngs net esou gären, wann sech dës Mënschen um Territoire vun hirer Gemeng ophalen.

Trotzdeem sollen elo am Oktober ee puer honnert Migranten/Flüchtlingen zu Spa en Ënnerdaach fannen. An dat am fréieren Hotel „Corsendonk“ zu Sol‘Cress engem groussen Domaine, deen esou eigentlech fir den Tourismus ausgeriicht ass. FEDASIL ass am Begrëff d‘Ëmbauaarbechten am Hotel ofzeschléissen a säitens der Gemeng gëtt et zolidd bedenken, op dat alles och esou méiglech soll sinn, wéi dat vun de Verantwortlechen duergestallt gëtt.

Ee Problem: FEDASIL huet bis ewell weder dem Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot, nach eis wëllen duerleeën, wéi vill Persounen si gedenken op dem Site ënnerzebréngen. D‘Sophie Delettre schwätzt hirersäits vun ee puer honnerte Migranten a FEDASIL bestätegt – dat och nëmme well op eng Äntwert insistéiert gouf – leedeglech, datt si tatsächlech en neien Zenter fir d‘Opnam vu Flüchtlingen zu Spa opmaache wäerten.

Eppes méi Transparenz wier net vu Muttwëll

Hire Spriecher Benoît Mansy: „D‘Iddi ass et, genuch Plaz fir d‘Asyl-Demandeuren ze hunn. Hei hu mir en eidelt Gebai, dat folgerichteg disponibel ass a wou de Proprietär och bereet ass Flüchtlingen eranzeloossen“. Mee och hie wëll einfach keng Zuelen nennen, an dës Kommunikatiounsform huet natierlech net de Virdeel, déi lokal Populatioun zu méi Akzeptanz a Versteesdemech ze animéieren. An dat dierft nach fir eppes Gedauschs suergen…

Esou ass d‘Buergermeeschtesch eppes veriergert an huet net wëlles sech alles gefalen ze loossen, a schonn emol guer net vun enger Autoritéit, déi sech engem Dialog op Aenhéicht net wierklech wëll unhuelen. „Zu Sol‘Cress ass eis ee Projet mat 550 Migranten/Flüchtlinge proposéiert ginn. Fakt ass, datt d‘Infrastruktur nëmmen en Agreement fir 348 Mënschen huet. An den Opnamezenter soll op 18 Méint ausgeluecht sinn“, esou d‘Sophie Delettre.

A si huet eng Rei gutt Argumenter: „Fir mech steet et ausser Fro, datt hei Mënschen an Zëmmer vu grad emol 16 Quadratmeter, fir annerhallef Joer ënnerbruecht ginn. Dësen Zenter fir Tourismus huet a punkto Brandsécherheet net den noutwennegen Agreement, ech selwer hunn am September 2019 aus dësem Grond missen ee Gebai zoumaachen“. Zudeem ka weder Si nach soss iergendeen, ouni den Agreement vun de Pompjeeën, dat autoriséieren.

mat indymedia/lgg

Illustratioun (Archiv): Loftopnam vum Site zu Sol‘Cress, wou d‘FEDASIL d‘Flüchtlinge fir den Zäitraum vu bis zu 18 Méint wëll ënnerbréngen. © Corsendonk-Hotels

Related topics Asyl, Belsch, FEDASIL, Flüchtlingen, Migratioun, Oppositioun, Sophie Delettre, Spa
Next post Previous post