Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerger Hymn um Hockenheimring
https://moien.lu/internet-dating-vocabulary/

Lëtzebuerger Hymn um Hockenheimring

Hockenheim an den Dylan Pereira, dat passt gutt zesummen. Hei

bryce alford dating
https://moien.lu/internet-dating-vocabulary/

Europarot: Schwéiere Korruptiounsverdacht zum Virdeel vum Aserbaidschan

Si solle vun der Fräizügegkeet vun den aserbaidschaneschen Autoritéite profitéiert

FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen
https://moien.lu/internet-dating-vocabulary/

FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen

Bei der Entstoung vum Forest Stewardship Council, kuerz FSC, hat

D’Buerschenter Schlass ass erëm zougänglech!

D’Buerschenter Schlass ass erëm zougänglech!
©MCULT
D’Buerschenter Schlass ass erëm zougänglech!
©MCULT
D’Buerschenter Schlass ass erëm zougänglech!
©MCULT

No puer Joer Aarbecht konnt den 2. Oktober 2018 d’Buerschenter Schlass ageweit ginn. An Zukunft kann dat historescht Gebai fir divers kulturell Aktivitéiten, Receptiounen a Fester genotzt ginn.

Déi éischt zwou Etage vum Gebai, déi och „Maison de Stolzembourg“ genannt an Deel vum Ensembel sinn, goufe komplett renovéiert. Eng weider Erneierung ass d’Annexe, déi ënnert anerem mat enger Kichen an engem Lift equipéiert ass. D’Käschte vum Ëmbau belafen sech op insgesamt 3,4 Milliounen Euro

Wärend der Usprooch vum Staatssekretär fir Kultur, dem Guy Arendt, gouf d’Wichtegkeet vum Buerschenter Schlass, um Niveau vum feudale Lëtzebuerger Patrimoine, ënnerstrach. Am Grand-Duché ass et eent vun de bescht erhale Schlässer.

„D’Buerschenter Schlass huet eng grouss Wichtegkeet, souwuel um Niveau vum Tourismus, wéi och vun der Geschicht vun eisem Land. Dofir ass et vu Bedeitung et ze schützen, ze renovéieren an erëm fir d’Visiteuren zougänglech ze maachen. D’Architekten an déi Responsabel vum Site hunn sech der Erausfuerderung vun der Renovatioun vum Gebai aus dem 14 Joerhonnert gestallt, déi noutwenneg Installatioune fir d’Besicher geschaaft an dobäi de Patrimoine respektéiert.“

Zum Site: chateau.bourscheid.lu

Ähnlech Sujeten Aweiung, Buerschent Schlass, Guy Arendt, Lëtzebuerg, Patrimoine, Schlass
Nächsten Artikel Virrechten Artikel