Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier
Kultur Neiegkeeten Stories

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier

Honnertdausende Katalanen hunn e Sonndeg zu Barcelona géint d‘Haft vun

Israelesch-syresche Grenzkonflikt beonrouegt d‘UNO
Kultur Neiegkeeten Stories

Israelesch-syresche Grenzkonflikt beonrouegt d‘UNO

Well eng iranesch Drone vu Syrien aus an den israelesche

NATO-Ausseminister blécken zu Bréissel an d‘Zukunft
Kultur Neiegkeeten Stories

NATO-Ausseminister blécken zu Bréissel an d‘Zukunft

Zwee Deeg laang hu sech d‘Ausseminister vun de NATO-Länner zu

Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!

Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Beim Iwwerreechen vum Uerden fir den EdmondSteffen © Shari Pleimelding/moien.lu
Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!
Beim Iwwerreechen vum Uerden fir den Christian Steffen © Shari Pleimelding/moien.lu
Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!
(v.l.n.r.) Christian Steffen, CGDIS; Edmond Steffen, CGDIS; S.A.R. de Groussherzog; Annie Nickels-Theis, Buergermeeschtesch © Shari Pleimelding/moien.lu
Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!
Gutt besicht! © Shari Pleimelding/moien.lu
Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!
Mat 4 Maquetten gëtt d'Schass erklärt © Shari Pleimelding/moien.lu
Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!
Konscht vum Margot Reding-Schroeder © Shari Pleimelding/moien.lu
Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!
Konscht vum Margot Reding-Schroeder © Shari Pleimelding/moien.lu
Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!
Kënschtlerech Erklärungen vum Margot Reding-Schroeder © Shari Pleimelding/moien.lu
Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Buerschenter Schlass: Héije Besuch fir Nationalfeierdag!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Um Virowend vun Nationalfeierdag huet déi groussherzoglech Koppel um fréien Owend d’Buerschenter Schlass besicht, ier et fir si an d’Stad bei de Fakelzuch an d’Freedefeier goe sollt. Zesumme mam Annie Nickels-Theis, der Buergermeeschtesch vu Buerschent, dem Fernand Etgen, Chamberpresident, dem Marc Hansen, Minister vun der Fonction Publique, dem Claude Turmes, Energieminister an diversen Deputéierten ass eng Visitt vun der gréisster Buerganlag vum Lëtzebuerger Land gemaach ginn, kombinéiert mat musikaleschen Ofschnëtter, enger Ausstellung an uschléissendem Openanertreffen mat der Bevëlkerung.

Ugefaangen huet ee pünktlech um 17:30 Auer. D’Kanner stoungen zuelräich zu zwou Säiten, freedeg mam Fändel ze wedelen an hunn gespaant S.A.R. de Groussherzog an S.A.R. d’Groussherzogin erwaart. Knapps ukomm hu si sech un hir kleng Gäscht gewent an e bëssi mat hinne gepotert. D’Groussherzogin Maria Teresa huet bei dëser Geleeënheet ee Bouquet Blummen vum Amélie iwwerreecht kritt.

Buerschenter Schlass

© Shari Pleimelding/moien.lu

Kultur, Musek a Konscht

De Programm war stramm an esou ass de Grupp mam héijem Besuch och direkt viru gaangen, fir sech d’Schlass unzekucken an e bëssi eppes iwwert d’Geschicht gezielt ze kréien. Uschléissend ass ee schonn vun den honnerte Visiteuren virum Stolzebuerger Haus erwaart ginn. Fir dëse besonnegen Dag haten d’Kanner vun der Buerschenter Primärschoul extra d’Lidd „Ech sinn ech“ astudéiert, an hire wichtege Part mat Bravour gemeeschtert.

D’Rieden vun der Buergermeeschtesch Annie Nickels-Theis ware breet gefächert. Am Schnellduerchlaf ass si nach emol duerch d’Geschicht vun der Buerg gaangen, woubäi speziell d’Stolzebuerger Haus ervir gehuewe ginn ass. Am Joer 1384 ass dëst Gebai erbaut ginn, déi opwänneg Renovatiounsaarbechten, bei deenen och modern Deeler (Ubau, eng professionell Kichen, ee Lift, Sanitäranlagen) mat abezu gi sinn, konnt ee viru kuerzem eréischt ofschléissen. Doduerch ass natierlech och d’Haus mat der Kombinatioun aus Modernitéit an Altertum besiichtegt ginn.

Weider gaangen ass et nees mat engem Lidd. Mat „Mir si glécklech, mir si fräi“ huet een net nëmmen textlech eppes Passendes zum Dag fonnt, mee och nach déi groussherzoglech Koppel an d’Invitéen zum Matklappen animéiert. An dëser feierlecher Atmosphär huet S.A.R. De Groussherzog Henri zwou Medaillen un den CGDIS iwwerreecht. Eng dovun ass un den Edmond Steffen, fir seng 25 Joer Déngscht gaangen, déi aner krut de Christian Steffen, dee scho 15 Joer Leeschtunge fir d’Vollek vollbréngt, mat Freed iwwerginn.

Buerschenter Schlass

Konscht vum Margot Reding-Schroeder © Shari Pleimelding/moien.lu

Mat Wierker vum Margot Reding-Schroeder

Et stoung nach eng besonnesch Visitt un. Schliisslech muss ee vum neien Design vum Stolzebuerger Haus profitéieren, an der eng lëtzebuergesch Artistin hir kënschtleresch Wierker voller Beweegung ausstellt. No diversen Erklärungen zur Geschicht vum Haus, sou wéi der Buerg un Hand vu 4 Maquetten, konnt déi groussherzoglech Koppel de Biller an hirer Erschaferin zouwennen.

A wien emol an der Géigend ass, dee sollt och emol de Wee bis bei dës Ausstellung woen. D’Kënschtlerin Margot Reding-Schroeder, déi reegelméisseg an der Konschtakademie zu Tréier unzetreffen ass, stellt nämlech den Danz do. Nee, et ass net déi bekannt a statesch Aart a Weis eng Persoun am Mouvement duerzestellen. Wärend de Model virun hir danzt, moolt si gläichzäiteg divers Beweegunge mat, wouduerch am Bild selwer eng immens Dynamik entsteet. Do ass et kee Wonner, datt och déi groussherzoglech Koppel sech begeeschtert gewisen huet.

Fir den héije Besuch sollt et awer esou lues viru goen. Schliisslech hu si nach missen bis an d’Stad bruecht ginn. No e puer Gespréicher mat der Bevëlkerung huet ee sech Schrack fir Schrack a Richtung Auto gemaach. Mam Erklénge vum Wilhelmus sinn si schliisslech gefuer. D’Visiteuren hunn awer mat Sécherheet nach eng gutt Zäitchen um Buerschenter Schlass verbruecht a gefeiert!

Ähnlech Sujeten 2019, Annie Nickels-Theis, Buerschenter Schlass, Margot Reding-Schroeder, Nationalfeierdag, S.A.R. d'Groussherzogin Maria Teresa, S.A.R. de Groussherzog Henri, Stolzebuerger Haus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel