Search

You may also like

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President
International Stories

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President

Um Samschdeg haten déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg (JSL) zu Esch-Uelzecht

money
Commerzbank AG zu Lëtzebuerg mécht dicht
International Stories

Commerzbank AG zu Lëtzebuerg mécht dicht

Nodeems d‘Commerzbank Enn Januar vu Restrukturatioune geschwat huet, mat deenen

Entretiensaarbechten an den Tunnellen stinn un!
International Stories

Entretiensaarbechten an den Tunnellen stinn un!

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt kommend Woch déi hallefjäreg Entretiensaarbechten an

Dem bulgareschen Tubak geet d’Loft aus

Dem ehemolegen europäesche Spëtzeproduzent geet et schlecht

Dem bulgareschen Tubak geet d’Loft aus

Wéi d’Fatmagul Ali seng éischt Tubaksblieder gepléckt huet, war et grad emol siwe Joer jonk an déi bulgaresch Produktioun war an der ganzer Welt renomméiert. Fofzeg Joer méi spéit, brécht et sech nach ëmmer de Réck an sengem bescheidene Feld. Mee d’Recolte bréngt näischt méi an.

Et ass nach keng fënnef Auer moies an d’Pléckerin, ausstafféiert mat enger Luucht op der Stir, ass just ee Punkt deen an der Däischtert liicht. Eenzeg ass de „Schnapp“ a kuerzen Ofstänn ze héieren: dee vun de Blieder, déi seng Fangere mat engem Zoch, ee puer Zentimeter iwwert dem Buedem rappen.

E Geste deen d’Fatmagul a säi Mann Fahim bis zum Enn vum Summer all Dag widderhuelen. D’Recolte fänkt virum Dagesubroch un, fir de Blieder hir Frëscht ze versueregn. Hir Plantage läit am Massiv vun de Rhodopen, eng Géigend un der Grenz zu Griicheland.

„Mat de Käschten agerechent, schaffe mir haut fir ee puer Euro“, erkläert d’Koppel, d’Hänn giel vun plécken. No méi wéi 25 Joer vum Zerfall vum Kommunismus, läit de Secteur vum Tubak um Buedem, wuertwiertlech. Deemools eng Industrie, déi sech enger grousser Renommée sécher konnt sinn, qualitativ an handwierklech, ass se haut nach just de Schiet vu senger selwer. An dat obschonns d’Bulgaren nach ëmmer zu den décke Fëmmerten an der EU zielen.

„Mir konnte kee kompetitive System opbauen“, erkläert den Tsvetvan Filev, President vun der bulgarescher Vereenegung vun den Tubaksziichter. Dat ganz Fréijoer duerch Planzen an dann drop oppassen „wéi op kléng Kanner“ all eenzel Planz. Dann d’Recolte, vill Stonnen de Réck gebéit, duerno Méint laang dréchne loossen, bis d’Blieder hir schéi gëlle Faarf kréien. D’Fatmagul an de Fahim hunn dat ëmmer kannt. Rentabel awer ass et haut net méi.

Ze vill fir ze stierwen, net genuch fir ze liewen

Mat der Erwaardung vun engem Präis ëm 5 Leva (2,5 Euro) hofft d’Koppel op en Ëmsaz vun grad emol 2.300 Euro. D’netto Akommes – ee puer honnert Euro fir jiddereen – ass esou lächerlech, datt béid sech mat Niewenjobs iwwer Waasser mussen halen. D’Fatmagul schafft nach enger Epicerie, de Fahim als Bréifdréier.

Vun den Osmane während hirer Herrschaft iwwer de Balkan agefouert, ass den „Tjutjun“ – laut dem och haut nach gebräichlechem tierkesche Wuert – esou gutt wéi déi eenzeg Planz déi op dësem Buedem am Süde vum Land wiisst.

Um Enn vum 19. Joerhonnert war „den Tubak eng echt Geldquell fir de jonke bulgaresche Staat“, erënnert den Agro-Ekonomist Nicolaï Valkanov. Bulgarien krut international Baukreditter an Handwierksgeschir fir säi gréngt Gold.

Den Tubak ass dann och bis haut de bulgaresche Moslemen hir Haaptbeschäftegung. Eng usprochsvoll Aarbecht déi en immense Bedarf un Aarbechtskraaft huet. Dat och well d’Land d’Kéier net kritt huet de Secteur ze mechaniséieren. Esou ergëtt, datt d’Regioun vu Kirkovo an der EU déi gréissten Unzuel vun Tubakziichter pro Awunner huet.

Mee se ass wäit ewech, d’Zäit wou Bulgarien sech, an de 70er Joren, zum éischten Exportateur op der Welt erhuewen hatt. Bulgarien huet deemools de ganze sowjeteschen Imperium beliwwert.

Mir denken drun den Tubak opzeginn

Fahim, Tubaksubauer

Sinn zu där Zäit nach 100.000 Tonnen Tubak am Joer produzéiert ginn, läit d’Produktioun aktuell bei eppes iwwer 16.000 Tonnen. D’Land ass esou op déi véiert, fënneft Plaz an der EU zréckgefall. Dat wäit hannert Italien. Och d’Zuel vun den Ziichter ass zanter 2014 op d’Hallschent zréck gaangen. De Fahim bestätegt; „Mir denken drun den Tubak opzeginn“.

„Fréier waren Tubaksfelder iwwerall, an haut… kuckt selwer“, lamentéiert den Hasansabri Mehmed, de regionale Responsabel vun der Tubaksvereenegung. „Wann d’Präisser net klammen ass et hei spéitstens an 20 Joer eriwwer mam Tubak“.

Keng wierklech Zukunft

Ënnert den véier geziichten Zorten, bleift den „Oriental“, ee blonden Tubak dee wéinst sengen Aromae beléift ass, d’Spëtzeprodukt. Dat och wa Bulgarien haut nach just 10% vun der Weltproduktioun leescht. Et waren emol 20 bis 30%.

D’Bewässerungssystemer sinn net méi ënnerhale ginn, de Som ass net méi vum Staat geliwwert ginn an d’Bildung vun den Ziichter ass niddreg. Dorausser ergëtt sech eng niddreg Produktivitéit. „Mir hunn e Qualitéitsproblem dee sech op de Präis auswierkt“ esou de Tsvetan Filev. Déi kleng Betriber vergréisseren de Problem: „Et ass schwéier, en héije Standard anzeféieren, mat esouvill klenge Proprietären“ betount de Nicolaï Valkanov.

Fir Hien sinn och déi politesch Interesse schold um Verfall vum Secteur: „Alles wat den Tubak betrëfft, leeft iwwert d’Partei“ vun der moslemescher Minoritéit MDL. Déi wier hegemonial, lokal, esou de Valknaov. Dem Expert no, huet sech d’Partei géint d’Privatiséierung gestäipt an och d’Erneierung vun der ëffentlecher Regie „Bulgartabak“ verhënnert.

„Tubak ka rentabel sinn, mee esou wéi et am Moment a Bulgarien leeft, huet et keng Zukunft“, esou de Valkanov ofschléissend.

mam Siana Simeonova a Sophie Makris

Foto: Eng Frau pléckt den Tubak op engem Feld bei Kukuryak am Südoste vu Bulgarien. Zanter dem Enn vum Kommunismus, ass ee vun de profitabelsten Agro-Secteuren dem Ënnergang geweit. (© Dimitar Dilkoff/AFP)

Related topics Bulgarien, EU, Europa, Landwirtschaft, Tubak
Next post Previous post