Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!
https://moien.lu/does-elder-scrolls-online-have-matchmaking/ by dating show

jamaica dating site

Haut de Moien huet den éischte vun bis ewell dräi

dating co down
https://moien.lu/does-elder-scrolls-online-have-matchmaking/ by dating show

Ass Luxtram politesch en Erfolleg mee sozial betruecht e Suergekand?

Fir d‘Gewerkschaften OGBL an FNCTTFEL ass et laut Communiqué erfreelech,

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“
https://moien.lu/does-elder-scrolls-online-have-matchmaking/ by dating show

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“

Grouss innovativ Projete sinn ëmmer och mat Risike verbonnen, an

Bulgarien: Stroossespäre géint d‘Erhéijung vun de Spritpräisser

Bulgarien: Stroossespäre géint d‘Erhéijung vun de Spritpräisser

Um Sonndeg hunn dausende Bulgaren, déi grouss Stroossen-Achsen a Grenziwwergäng tëscht Bulgarien an der Tierkei, esou wéi tëscht Bulgarien a Griicheland blockéiert. Mat dëser Aktioun wollten d‘Leit géint d‘Präisexplosioun un der Pompel protestéieren.

Dat ganzt geschitt derzäit an engem allgemenge Kontext vun der Onzefriddenheet, an dësem äermste Land vun der europäescher Unioun. Fir de Verkéier gespaart, goufen iwwer Stonne verschidden Ofschnëtter vun den Autobunnen „Trakia“ an „Hemus“ déi duerch d‘Land féieren. D‘Gendaarmen hunn d‘Manifestanten awer „verdriwwe“ kritt, mellt de Staatssender BNR.

Am Frankräich waren et e Samschdeg déi „giel Gileten“, déi mat Blockagen a Behënnerungen de Verkéier zu erleeë bruecht hunn. Hei huet et op mannst 1 Doudegen an – esou de leschten offizielle Bilan – wäit iwwer 400 Blesséierter ginn. Eng 70 Persounen hu misse verhaft ginn. Och am Frankräich ass et ëm d‘Deierecht un der Pompel, mee net eleng, gaangen…

Staatsgewalt am Asaz

A Bulgarien hu Manifestanten och d‘Autobunn „Maritsa“ zougesat, déi zu de Grenziwwergäng vu Kapitan Andreevo a Lesovo, op der tierkescher Grenz, féiert. Hei war et fir e kuerzen Ament hëtzeg hiergaangen, wéi et enger Rei Klatzkäpp gelonge war d‘Ofspärung vun der Gendarmerie ze duerchbriechen, déi op d‘Plaz geschéckt gi waren, fir de Verkéiersfloss nees ze erméiglechen.

Op enger anerer Plaz, war et de Grenziwwergang mat Griicheland, zu Kulata, dee vu Manifestante blockéiert ginn ass. D‘Autoritéiten hunn, fir d‘Uerdnung oprecht ze erhalen, 2.000 Polizisten a Gendaarmen opbruecht. Versammlungen hat et och an der grousse Stied vum Land ginn, an hei soll et um Méindeg zu weideren Aktioune kommen, wéi et säitens de Manifestante matgedeelt gouf.

Zu Sofia, hu Manifestanten de Verkéier op den Haaptstroossen „gestéiert“ an de Politiker entgéint gejaut: „Mafia!“ an „Demissioun!“. De Protest ass awer net „vum Himmel gefall“, deen huet sech scho virun dräi Wochen ugekënnegt, mat der Erhéijung vun de Spritpräisser, an der Tax op al Gefierer. Et gëtt allerdéngs och géint de niddrege Liewensniveau vu Bulgarien protestéiert.

mat AFP

Foto: „Giel Gileten“ op bulgaresch: an dësem äermste Land vun der Unioun, sinn dausende Leit e Sonndeg opgestanen, fir Stroossen a Grenziwwergäng ze blockéieren. Och an de grousse Stied (eist Bild weist Sofia) ass zolidd Manifestéiert ginn. © Dimitar Dilkoff/AFP

Ähnlech Sujeten Aarmut, Bulgarien, giel Gileten, Liewensniveau, Protest, Spritpräisser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel