Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bei der ADR geséich een et gären, datt sech d‘CSV vun hirem „C“ trennt
International Neiegkeeten

Bei der ADR geséich een et gären, datt sech d‘CSV vun hirem „C“ trennt

Mam chrëschtleche Selbstverständnes, esou wéi dat d‘ADR gesäit, besonnesch wann

What The Fakt – den Nevermind-Album vun Nirvana gouf viru 27 Joer verëffentlecht
International Neiegkeeten

What The Fakt – den Nevermind-Album vun Nirvana gouf viru 27 Joer verëffentlecht

Smells Like Teen Spirit misst hautdesdaags jiddwerengem bekannt sinn. De

Griicheland fënnt eng Léisung mat den Scholdenandreiwer
International Neiegkeeten

Griicheland fënnt eng Léisung mat den Scholdenandreiwer

No laangen an zeien Verhandlungen huet déi griichesch Regierung sech

Bundesregierung gëtt sengem Häerz e Stouss

Däitschland wëll déi nächst Woch 50 Kanner aus de griichesche Flüchtlingslager ophuelen

Bundesregierung gëtt sengem Häerz e Stouss

Aus dem däitschen Inneministère huet et gëschter geheescht, datt d‘Regierung decidéiert huet 50 onbegleete Mannerjäreger, déi sech an de Flüchtlingslager op de griicheschen Inselen ophalen, net weider op sech gestallt ze loossen an se no Däitschland ze huelen. De Bundeskabinett sollt dësen Transfert um haitege Mëttwoch aktéieren.

Esou heescht et aus dem Inneministère: „Den Transfert soll no Méiglechkeet schonn déi nächst Woch ufänken“. D‘Kanner, wann se da bis an Däitschland ukomm sinn, sollen aus de bekannte Grënn dann emol fir 14 Deeg a Quarantaine. Ass déi iwwerstanen, kënnen si op déi verschidde Bundeslänner opgedeelt ginn. Dës Operatioun ass wier en Deel vun der europäescher Léisung, d‘Koordinatioun vu Bréissel aus geleet.

BundesregierungSchonn am Mäerz hat sech déi sougenannt GroKo – dat ass d‘Koalitioun vun de konservative Schwësterparteien an de Sozialisten – ënner Schmäerzen derzou duerchgerongen, Kanner aus de Flüchtlingslager ze befreien an ze betreien. Heibäi soll et sech ëm onbegleeten oder schwéier krank Kanner, déi jénger wéi 14 Joer jonk sinn handelen. Ganz esou einfach wéi et sech liest, war et dann allerdéngs och net, si missen iwwert hir Schied sprangen,

Interventioun aus Lëtzebuerg

Déi aner Säit der Musel huet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, längst decidéiert, datt esou net ka weider goen, huet sech den Telefon gekroopt, säi griicheschen Homolog ugeruff, a sech mat dësem iwwer Optiounen ënnerhalen. Esou ginn a kierzt eng Dosen dëser onbegleete Kanner zu Lëtzebuerg erwaart. Ob och hei eng Quarantaine virgeholl ass net gewosst, et géif awer sech am Kontext vun der sanitärer Kris ubidden.

BundesregierungAn esou huet de Lëtzebuerger Ausseminister och seng Noperen, méi spezifesch Däitschland a Frankräich, dozou opgeruff sech elo och ze bewegen. Wa Lëtzebuerg als klengt Land ka Kanner ophuelen, esou sollt et hinnen och méiglech sinn, onbegleete Kanner aus hirer mësslecher Lag ze befreien. „Mir schwätzen hei vun engen zéng Kanner oder Jugendleche pro 500.000 Awunner. Dat si jo awer Zuelen, déi jidderee verkraafte kann“, esou de Jean Asselborn.

Ufank Mäerz hat sech eng europäesch Koalitioun vun de „Wëllegen“ zu Bréissel, grondsätzlech fir eng Léisung vun der Kris an de griichesche Flüchtlingslager agesat. Nieft de Lëtzebuerger, hate Finnland, Irland, Kroatien, Litauen a Portugal, mee eben och Däitschland a Frankräich, eng Evakuatioun vun den onbegleete Mannerjäreger al noutwenneg erkläert. E puer Länner wollten dann awer wéinst dem Covid19 „ofwaarden“.

mat indymedia/ber/bru

Foto: © Stefanie Könneke, Hamburg

Ähnlech Sujeten Bundesregierung, Coronavirus, Covid19, Flüchtlingen, Griicheland, Mannerjäreg, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel