Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rentrée 2020/2021: E Maximum u Presenz gëtt gefuerdert
Meenung

Rentrée 2020/2021: E Maximum u Presenz gëtt gefuerdert

De Changement vun normalem Cours ob SchoulDoheem, Unterrecht a Wiesselklassen

Illinois: Kierch ass Pedophilie
Meenung

Illinois: Kierch ass Pedophilie

D‘Ausmooss vum Skandal mat de pedophille Paschtéier hëlt an den

Bannesécherheet: Regierung wëll bis 2022 d‘Police nei opstellen
Meenung

Bannesécherheet: Regierung wëll bis 2022 d‘Police nei opstellen

Bei der Entrevue vum 12. Juli, tëscht dem Minister fir

Editorial: Kampf ëm Plaz dräi bei der Bundestagswahl

Editorial: Kampf ëm Plaz dräi bei der Bundestagswahl

D’Kräizer fir d’Bundestagswahl maachen eis däitsch Noperen eréischt muer. Et schéngt awer alles entscheet. Kaum een deen dorunner géif zweiwelen, datt eng aner Persoun wéi d’Angela Merkel vun der CDU kéint d’Kanzleramt op e neits iwwerhuelen.

Hei ass et da mëttlerweil och irrelevant sech enger Analys zouzewennen, firwat de Kandidat vun de Sozialdemokraten, Martin Schulz, och ni wierklech eng Chance gehat huet. A wann een dann elo realistesch un d’Saach erugeet, muss ee wuel och unhuelen, datt eng grouss Koalitioun (GroKo) inevitabel ass.

Sécher, et wier denkbar, datt déi Konservativ CDU/CSU Allianz mat der liberaler FDP a Bündis 90 déi gréng eng Regierung kéinte Bilden, mee do misst een dem Wieler scho vill zoutrauen. D’Majoritéit vun eisen Noperen huet Verännerungen net gären, an ofgesi vun e sëlleche Problemer geet hinne jo och ganz gutt.

Vill méi interessant dierft sinn, wien als Drëtten, an domatter als „Oppositiounsführer“ an de Bundestag anzitt. Dräi Partien halen sech hei de bass: Die Linke, d’FDP an d’AfD. An et ass tatsächlech net egal wien hei um Enn d’Nues wäert vir hunn. Et geet natierlech och ëm de Goss, mee primär ëm d’Riedezäit an esou ëm d’Präsenz, och an de Medien.

Déi die Linke steet an leschte Sondagen „nach“ hannert de Liberalen an de Populisten. Bleiwen déi „rout“ ënner 10% wier dat fir d’Partei vum Sahra Wagenknecht an dem Dietmar Bartsch e Schlag vun deem se sech nëmme schwéier kéinten erhuelen.

Déi Liberal, mam Martin Lindner, an de Sondagë leien se bei ronn 11%, zitt sécher nees an de Bundestag. Deenen hir Campagne war effektiv an Zilorientéiert. Op se nach Stëmme bei den onentschlossene Wieler kënne gewannen, datt dierft entscheedend sinn. Ob d’FDP dann awer och gewëllt ass hir fundamental Uspréch opzegi fir als méigleche Koalitiounspartner a Fro ze kommen, datt ass déi eenzeg Fro déi wierklech nach am Raum steet.

Do wou een et dann awer scho mat der Angscht kann ze di kréien, sinn d’Populiste vun der AfD. Rietsradikal a Verfassungsfeindlech, ass et kloer déi schlechtste Wiel déi een aus Protest kann treffen. An trotz allen Argumenter déi géint se schwätzen, gesäit et aus wéi wann se mat gutt iwwer 10% (esou d’Sondagen) an de Bundestag géife kommen.

Si hunn – realistesch betruecht – tatsächlech eng Chance als drëttstäerkste Partei am Parlament d’Oppositioun unzeféieren. Dat wier aus menger Siicht den demokratesche GAU (Grösster Anzunehmender Unfall). An dat och net nëmme well se vill méi laang wéi déi aner dierfe schwätzen a méi Geld kréien. Et géif einfach bedeiten, datt de Rietsextremismus an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm ass.

A well keen, och keng vun der grousse Volleksparteien (CDU/CSU, SPD) mat hinne wëll a wäert zesummeschaffen, wier d’Oppositioun am Bundestag „gebrach“. Gutt, nach muss gewielt ginn a villes wäert dovunner ofhänke wéi grouss d’Wahlbedeelegung ass. Déi wou sech nach net „konnten“ entscheeden si gutt beroden sech et gutt ze iwwerleeën. A wien keng Loscht huet iwwerhaapt ze goe begeet méiglecherweis de Feeler vum Liewen.

Foto: D’Spëtzekandidatin vun der anti-islam an anti-immigratioun Partei AfD, Alice Weigel. Eng Fra an eng Partei déi entgéint alle Wäerter steet, fir déi et sech ze kämpfe lount. Si huet eng reell Chance sech muer den Owend als „Leader“ vun der Oppositioun am Bundestag ze etabléieren. (© Tobias Schwarz/AFP)

Ähnlech Sujeten AfD, Angela Merkel, Bundestagswahlen 2017, die Linke, FDP, Martin Schulz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel