Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lues awer sécher: Kanada um gudde Wee de rekreative Cannabis ze legaliséieren
International Neiegkeeten

Lues awer sécher: Kanada um gudde Wee de rekreative Cannabis ze legaliséieren

Kanada huet e weidere Schratt a Richtung Legaliséierung vum rekreative

60. Nationalkongress vum LCGB ofgesot
International Neiegkeeten

60. Nationalkongress vum LCGB ofgesot

De LCGB huet an enker Ofsprooch mat den zoustännege Regierungsautoritéite

Vun Alkohol um Steier a geklaute Méimaschinnen – Wat ee Weekend!
International Neiegkeeten

Vun Alkohol um Steier a geklaute Méimaschinnen – Wat ee Weekend!

Duerch Halloween, Allerhellgen an de verlängerte Weekend hat d’Police déi

Bundesverfassungsgeriicht: En Urteel mat Folgen

Bundesverfassungsgeriicht: En Urteel mat Folgen

Nodeems d‘Riichter zu Karlsruhe sech géint den Europäesche Geriichtshaff gestallt hunn, kéint et elo zu engem Vertragsverletzungsverfare säitens der EU-Kommissioun géint Däitschland kommen.

De leschten Dënschdeg hatt d‘Bundesverfassungsgeriicht déi Milliardeschwéier Opkeef vun der europäescher Zentralbank (EZB) als „Iwwerschreidung vu Kompetenzen“ nach galant als „net am Aklang mat der däitscher Verfassung“ ëmschriwwen, an dat an engem 110 Säiten ëmfaassenden Urteel festgehalen. D‘Urteel vum EuGH (C-493/17) hunn d‘Riichter zu Karlsruhe als net Objektiv a methodesch net méi vertrietbar bezeechent.

Da war beim däitschen Europadeputéierte Sven Giegold (déi gréng) net gutt ukomm, firwat sech dësen iwwert d‘Urteel beschwéiert huet a vun der EU-Kommissioun erwaart géint Däitschland ee Vertragsverletzungsverfaren an d‘Wee ze leeden. Eng Opfuerderung déi d‘Cheffin, Ursula von der Leyen, ganz eescht hëlt, wéi aus engem Schreiwes un den Europadeputéierten ervirgeet. Si huet dësem confirméiert, datt d‘Urteel zur Stonn analyséiert gëtt.

Am Schreiwes heest et: „Op der Grondlag vun dëser Erkenntnis wäerte weider Schrëtt gepréift ginn, och bis hin zu engem Vertragsverletzungsverfaren“. Dat bezitt sech an éischter Linn op de Fait, datt d‘Währungspolitik vun der Europäescher Unioun eng „ausschliisslech Zoustännegkeet“ ass. Zudeem huet EU-Recht Virrang virun nationalem Recht an Urteeler vum EuGH si fir all déi national Geriichter bannent.

Dat lescht Wuert zum EU-Recht huet ëmmer den EuGH zu Lëtzebuerg“, esou d‘Ursula von der Leyen, déi dem gréngen Europadeputéierten nach emol bestätegt, datt d‘Unioun eng Wäerte- a Rechtsgemeinschaft ass, déi d‘EU-Kommissioun erhalen a verdeedege wäert. D‘EU-Kommissioun ass de Wiechter vun den EU-Verträg a muss géint Verstéiss virgoen. Kënnt et an dësem Fall zu engem Vertragsverletzungsverfaren, muss nees den EuGH entscheeden.

Ob Nofro huet de Sven Giegold, deen och am Währungsausschuss vum Europaparlament siegéiert, ënnerstrach, datt et heibäi net ëm eng einfach Kritik um Bundesverfassungsgeriicht geet, mee de Sträit tëscht de Riichter zu Karlsruhe engersäits, an de Riichter zu Lëtzebuerg anersäits, bedreet déi europäesch Rechtsgemeinschaft. Mat hirem Urteel hätten d‘Riichter zu Karlsruhe „Bundesbank, Bundestag an d‘Bundesregierung zum Konflikt mat der EZB genéidegt“.

Et ass richteg, datt d‘Urteel vu Karlsruhe, d‘Stabilitéit vun der Währungsunioun op d‘Spill setzt, an dat ass nach den harmlose Part. Mam Urteel hunn d‘Verfassungsriichter hei de Geriichter an aneren europäesche Länner ee Wee opgezeechent, mat deenen een déi vum EuGH verfaassten Urteeler ëmgoe kënnen. De Sven Giegold ass mat senger Siicht net eleng, och vun den däitsche Sozialiste gëtt d‘Urteel vu Karlsruhe denoncéiert.

mat indymedia/bru/fra

Illustratioun: © Estée Janssens / unsplash

Ähnlech Sujeten Bundesverfassungsgeriicht, EU-Kommissioun, EUGH, EZB, Karlsruhe, Vertragsverletzungsverfare
Nächsten Artikel Virrechten Artikel