Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Actioun Lëtzebuergesch: Avis vun der Venedeg-Kommissioun
Stories

Actioun Lëtzebuergesch: Avis vun der Venedeg-Kommissioun

No dem Avis vun der Venedeg-Kommissioun (Europarot) vum 18. Mäerz

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches
Stories

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches

„Wat eng Welt, woaw!“ Den Donald Trump betrëtt d‘Zeen, installéiert

Zodi um Härebierg
Stories

Zodi um Härebierg

Béi der Lëtzebuerger Arméi ass Salz am Kaffi. Säit Mëtt

Paradisesch Kläng aus Metz

Paradisesch Kläng aus Metz

Bei „Burin Musique“ zu Metz, direkt nieft dem Theater hu ganz besonnesch d’Gittaristen eng Adress déi deem, wat ee sech ënnert dem Paradäis virstellt zimlech no dierft kommen. De Buttek an deem de Christophe Héland senge Clientë mat Rot an Dot zur Säit steet, besteet scho säit 1985. De jonke Gerant, dee säit 2014 d’Geschäft iwwerholl huet, ass sech senger Verantwortung dann och ganz bewosst.

De Christophe Héland mat engem Kaddo vun enger ganz besonnesch renomméierter Fotografin. De Slash op Toile a limitéierter Editioun. Dat sollt och d’Clientèle net onberéiert loossen. (© moien.lu/MdL)

Et ass allerdéngs keen Zoufall, datt de Christophe, deen an sengem Liewe virdrun zu Lëtzebuerg an der Bankeninformatik täteg war, hei säi Gléck sollt fannen. Hei hat hie seng éischt Fender „Stratocaster – American Standard“ am Joer 1994 kaf. Wëll hie gutt berode gi war, ass hien dem Buttek trei bliwwen, och wéi hien zu Thionville an zu Lëtzebuerg gewunnt huet. En huet dës Entscheedung ni bereit. La Preuve: hien ass elo de Chef.

De Christophe mat engem Client aus der Schwäiz, dee sech seng „American Standard“ siche komm ass. Dat stellt kloer, datt fir ee gudde Service kee Wee ze wäit muss sinn. (© moien.lu/MdL)

Dem Christophe ass et dann och wichteg déi frëndlech a familiär Atmosphär ze erhalen. „Mir ass et wichteg, datt et cozy bleift an d’Berodung sech op héijem Niveau ofspillt“, seet een deen et muss wëssen. Him geet et net just ëm de Business. Alles dréint sech virrangeg ëm d’Berodung, wëll seng Instrumenter si Begleeder fir ee laange Wee – ganz onofhängeg vum Präis. Wien hei era kënnt weess, wat e sicht an wann es do ass, kritt deen dann och eng Taass Kaffi.

En ontypesche Parcours

Wann et och richteg ass, dat de Christophe Héland ëmmer scho Musek gemaach huet, esou war ugangs ni rieds dervun sech an iergendenger Form ze professionaliséieren. Seng berufflech Karriär huet an der Informatik ugefaangen. 17 Joer laang huet hien ënnert anerem och zu Lëtzebuerg op enger Bank dofir gesuergt, dat d’Bits & Bites den erwaarten Toun vu sengem Patron getraff hunn. Dat ass dann och esou laang gutt gaange bis et 2008 einfach genuch war.

Zanter dem 9.Liewensjoer spillt hie mat vill Passioun an Intelligenz Gittar. „Iergendwann huet dat sech missen duerchsetzen“, seet de Christophe net ouni een houfregt Grinsen dat säi Gesiicht liichten deet. „Ech hat ee puer Iddien an hunn mech entscheet an der Handelskummer um Kierchbierg eng Formatioun an Gestioun ze maachen“, esou de Christophe weider, deen eis da verréit, datt seng Rekonversioun lues a lues Form ugeholl huet.

Iert een eppes keeft, sollt een et och probéiert hunn. Dobäi ass de Chef och ëmmer mat engem gudde Rot zur Hand. (© moien.lu/MdL)

Nodeems hien der Informatik du ganz de Réck gedréint hat, huet et geheescht emol Stage maache fir Erfarung ze sammelen. Een dovunner huet hie bei ee „Luthier“ gefouert, an emol ganz éierlech, datt war der mannster een. Beim Christophe Leduc wou een u sech kee Stage maache kann, konnt de passionéierte Gittarist éischt Schrëtt maachen. Ab 2014 ass sech da ganz konkret op de Geschäftsprojet festgeluecht ginn.

Neel mat Käpp gemaach

No villem Iwwerleeë, wourënner kuerzzäiteg och d’Iddi do war ee Buttek zu Bordeaux ze grënnen, huet et hien awer nees op Metz higezunn. Hei huet de Christophe dann héieren, datt de Patron sech méi senger eigentlecher an eegener Passioun wollt zouwennen, dem Hierstelle vu Gittarsäiten. Et war also ee gënschtegen Ament fir mateneen ze schwätzen. Fir den Ufank ass den Christophe dunn emol Samschdeg fir Samschdeg an de Buttek aushëllefe gaange, bis et dunn un der Zäit war ze iwwerhuelen.

De Philippe Bosset produzéiert haut seng „cordes“ mat groussem Erfolleg, dat esou wuel ënnert dem eegene Numm, wéi och deem vu musikalesche Gréissten. Hei zum Beispill de Carlos Pavicich vun deem et och en Interview op Youtube gëtt deen alles seet. Et gëtt der nach ee puer méi, mee dofir sollt ee scho bei de Christophe an de Buttek goen oder selwer am Internet wullen.

Eng Demo gefälleg ? Beim Christophe sëtzt (oder wéi hei, steet) de Client an der éischter Rei. (© moien.lu/MdL)

Wéi och ëmmer déi zwee waren sech eens an och wann de Philippe dem Christophe an den éischte sechs Méint zur Säit stoung, an och haut nach fir ee Rot Zäit huet, esou heescht elo op eegene Been stoen. Him seng Spezialitéit ass ganz kloer alles wat mat Gittaren ze dinn huet, mee natierlech och de passende Verstäerker an „Pedalle“.

Beim Christophe Héland dierf een awer och aner Instrumenter kafen/bestellen. Just an der Ausstellung ass, wéinst der begrenzter gréisst vum Buttek elo net wierklech Plaz fir eng Batterie oder soss Instrumenter. Wat eventuell déi eppes méi „begeeschtert“ Amateure misst interesséieren, ass d’Informatioun, datt ee am Buttek zu Metz och „Occasioune“ ka kréien, mee dofir muss et dann awer schonn ee konsequente Budget hunn. Mir invitéieren op alle Fall jiddereen deen eng Gittar huet, brauch oder wëll bei Burin Musique eranzekucken.

Foto (feature): Eng Gibson „Les Paul“ supreme gold concept an der Occasioun. Net wierklech eppes fir een dee grad ufänkt.

Ähnlech Sujeten Kultur, Metz, Musék
Nächsten Artikel Virrechten Artikel