Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch-Uelzecht: Päischtkiermes an Urbanismus hunn d‘Akzenter vum Gemengerot gesat
Meenung

Esch-Uelzecht: Päischtkiermes an Urbanismus hunn d‘Akzenter vum Gemengerot gesat

Et sollt um Freideg, mat enger klenger Ausnam, eng Gemengerotssëtzung

Krëppenausstellung a Chrëschtconcert zu Steesel
Meenung

Krëppenausstellung a Chrëschtconcert zu Steesel

D’Feierdeeg komme lues awer sécher méi no. Dofir notzt d’Gemeng

Fir d’EU: Entrevue tëscht Asselborn a Maas zu Schengen
Meenung

Fir d’EU: Entrevue tëscht Asselborn a Maas zu Schengen

Leschte Samschdeg huet sech den Europa- an Inneminister Jean Asselborn

Burkaverbuet als EU-Direktive?

Burkaverbuet als EU-Direktive?

Nodeems den europäesche Geriichtshaff an der leschter Woch entscheet huet: „Burka ass kee Mënscherecht“, stellen sech gesellschaftlech Froen. D‘Riichter hunn et nämlech als „Moud“ bezeechent, déi een net kéint afuerderen.

Datt et iwwerhaapt zu engem Uerteel komm ass, läit dorunner, datt eng Belsch Muslimin geklot hat. Si hat sech an hirer Privatsphäre a Reliounsausübung beschnidde gefillt. Dat, well si an hirer Gemeng net huet dierfe Vollverschleiert an der Ëffentlechkeet optrieden. Dobäi war hir wuel bekannt, datt et an der Belsch säit Joren ee Vermummungsverbuet gëtt.

Och zu Lëtzebuerg kann een, wann och wuel éischter seelen, eng Persoun gesinn déi sech enger Burka bedéngt. Ugesicht der Terrorwell déi Europa besicht huet, fir vill Leit kee gutt Gefill. Fir anerer e gudde Grond, hirem latente Rassismus d‘Léngt laang ze loossen. Weder d‘Gefill nach den Haass sinn awer eng Léisung fir eppes, wat u sech an enger fräier Gesellschaft net emol als Problem dierft ugesi ginn.

Bedauerlecherweis ass d‘Burka weder den Ausdrock vu Meenungsfräiheet, nach den Ausdrock vun iergendenger Fräiheet. D‘Burka ass schlicht an ergräifend ee Symbol vum „Supersalafismus“. Fir mech, an dat an aller Däitlechkeet gesot, sinn esou traureg Gestalte kee Virbild. Näischt mat deem ee sech op Reliouns- oder Glawensfräiheet kéint beruffen. A wann se mer och sécherlech keng Angscht maachen, an Gedanken zwéngen se mech dozou eng Fauscht an der Täsch ze maachen.

Loosst mech dann och dorops hiweisen, datt de Koran néierens d‘Vollverschleierung vun der Fra afuerdert. Also ech hu keng Sure fonnt an esouguer héichgestallten islamesch Theologe bestätegen dat. D‘Burka ass näischt anescht wéi eng extrem patriarchalesch Ausleeung vun enger radikaliséierter Gesellschaft. Et mécht zudeem däitlech, dat ee sech net wëll der géigewäerteger Liewesform upassen.

Esou ass een dann och kee Rassist, wann ee sech dëser vir- an anti-moderner Ënnerdréckungspraxis entgéint stellt. Et ass nach net emol e Grond fir ee falsch verstane Kulturelativismus ze ënnerstëtze. Ëmmerhin ass et bis ewell och nach ëmmer d‘Beschneidung vu Meedercher, oder d‘Bestuede vu Kanner verbueden. Wann een da bedenkt wat se zu Bréissel alles Verbidden, wier dat sécherlech eng Direktive wou d‘Länner kee Problem hätten.

Ähnlech Sujeten Belsch, Burka, EU, Islam, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel