Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Éischte Podium fir den Dylan Pereira am Porsche Carrera Cup Däitschland
Neiegkeeten

Éischte Podium fir den Dylan Pereira am Porsche Carrera Cup Däitschland

Déi zweet Manche vum Porsche Carrera Cup Däitschland ass dëse

Interview mam Tom Sauber (LSAP): Wat kann zu Dikrech nach alles erreecht ginn?
Neiegkeeten

Interview mam Tom Sauber (LSAP): Wat kann zu Dikrech nach alles erreecht ginn?

An der Nordstad ass niewent Ettelbréck Dikrech wuel dee wichtegste

Jumanji: Welcome to the Jungle hätt kënnen e richteg faule Film ginn. Zum Gléck goufen di richteg Decisioune getraff
Neiegkeeten

Jumanji: Welcome to the Jungle hätt kënnen e richteg faule Film ginn. Zum Gléck goufen di richteg Decisioune getraff

Se waren net sou faul, wéi se sech et hätte

Burkaverbuet: De Staatsrot an d‘Regierung ginn sech net eens

Burkaverbuet: De Staatsrot an d‘Regierung ginn sech net eens

Mat engem Gesetz zum Vermummungsverbuet, dat beim Staatsrot einfach keen Zousproch fanne wëll, deet sech d‘Regierung schwéier. Esou sinn och déi lescht Amendementer zum Gesetz mat enger formeller Oppositioun zréckgewise ginn. Op en drëtten Avis muss also gewaart ginn.

Bis d‘Gesetz zum Vermummungsverbuet, dat allgemeng als „Burkaverbuet“ bekannt ass, an der Chamber zur Ofstëmmung kënnt, dierft et nach e laange Wee sinn. Dee sollten se an der Regierung awer séier absolvéieren, falls et mam Gesetz an dëser Legislaturperiod nach soll eppes ginn.

Beim aktuelle „Refus“ stéisst sech de Staatsrot un der Definitioun vun de Raimlechkeeten, déi vum Gesetz betraff sinn. Et ass dann och net déi éischt formell Oppositioun, déi de Staatsrot der Regierung zu dësem Gesetz op den Dësch leet. Dës war beméit, mat Amendementer dem Staatsrot Satisfaktioun ze ginn.

Do gesäit et awer elo esou aus, datt d‘Deputéiert sech an der Kommissioun, nach emol mat der genannter Definitioun dierfe befaassen. Dat kann der Ambitioun, den Text nach virum Summer um Krautmaart ugeholl ze kréien, d‘Genéck briechen. Et ass awer och net einfach, déi Raimlechkeeten ze definéieren an deenen d‘Gesetz ugewannt ka ginn.

Ofschreiwe war net wierklech eng Léisung

Fir dem Staatsrot entgéint ze kommen, hat d‘Regierung de Gesetzestext „ajustéiert“ andeems bei de Fransouse geknäipt ginn ass. Do gëtt en Ënnerscheet tëscht „ëffentlechen administrative Servicer“ an „industriell a kommerziell Servicer“ gemaach. Am franséischen administrative Recht, huet dësen Ënnerscheet eng Bedeitung, déi dem Lëtzebuerger Recht onbekannt ass.

Dorausser ergëtt sech, datt d‘Definitioun vun de Raimlechkeeten, déi vum Gesetz betraff wieren, net mat der néideger Prezisioun beschriwwe gëtt. De Staatsrot bezweiwelt dann och, datt kulturell Institutioune, wéi de MUDAM, d‘Nationalbibliothéik oder d‘Rockhal, ënnert d‘Bezeechnung „service public industriel et commercial“ falen. D‘Gesetz géif hei net zoutreffen.

Mat der neier Versioun, déi d‘Regierung am Januar virgeluecht huet, waren d‘Raimlechkeeten op déi de Vermummungsverbuet soll ugewannt ginn, nei definéiert ginn. Betraff waren elo: all d‘Schoule mat den Alentouren, d‘Etablissementer wou Mannerjäreger (bis 16 Joer) opgeholl oder encadréiert ginn, d‘Spideeler mat hiren Alentouren, kollektiv Raimlechkeete vun Institutioune (Alter- a Fleegeheem) wou eeler Mënsche betreit ginn (do och d‘Lifter an d‘Couloiren), d‘Gebaier vun der Justiz, déi ëffentlech Administratiounen, an all d‘Gebaier an deenen ëffentlech administrativ Servicer vun ëffentlech-rechtleche Persounen ugebuede ginn.

Fir déi lescht genannte Raimlechkeeten, schléit de Staatsrot vir ze vereinfachen, a schlicht d‘Bezeechnung „d‘Raimlechkeete vun den ëffentlechen Administratiounen déi fir de Public zougänglech sinn“ ze benotzen.

Vun Ausnamen a Mënscherechter

Et gëtt dann och eng ganz Rei Ausnamen, déi eng „Vermummung“ zouloossen. Gesondheetlech Ursaachen, déi mat engem entspriechendem medezineschen Attest justifiéiert sinn, oder berufflech Grënn. Am Sport, Fester oder artistesch/traditionell Manifestatiounen, bei deenen et Usus ass säi Gesicht ganz oder zum Deel ze bedecken.

Den europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter (ECHR), huet déi an der Belsch an am Frankräich gülteg Mesuren zum Vermummungsverbuet, déi sech op d‘Kappduch bezéien akzeptéiert. Dat awer och nëmmen do wou eng Gefor fir déi sozial Kohäsioun besteet.

Bei der consultativer Kommissioun vun der Mënscherechter zu Lëtzebuerg (CCDH), ënnersträicht een, datt den ECHR „dem Staat eng grouss Appreciatiounsmarge zougesteet, fir ze entscheeden, a wéi enger Mesure eng Restriktioun zum Recht, seng Relioun oder Konviktiounen duerzestellen, néideg ass“.

D‘Kommissioun stellt zudeem och fest, datt et fir den ECHR noutwenneg ass, och d‘Gesiichtspunkte vun der Gesellschaft ze kennen „fir e gesellschaftleche Choix zum Vermummungsverbuet“ maachen ze kënnen. An den CCDH bedauert an dësem Kontext, datt et zu Lëtzebuerg kee richtegen ëffentlechen Debat zu dësem Thema ginn huet.

Vill Klärungsbedarf

Mam Gesetz zum Vermummungsverbuet dierft d‘Regierung also nach vill Klärungsbedarf hunn. Den Debat an der Chamber versprécht entspriechend interessant ze ginn. Woubäi gewosst ass, datt d‘CSV sech fir en totale Verbuet vun der Burka an der Ëffentlechkeet asetzt.

D‘CCDH stellt sech awer d‘Fro, wéi d‘Gesetz an Aklang ze bréngen ass mam Recht op Privatliewen an der Auswäitung vum Verbuet op d‘Kummere vu Patienten oder Pensionären an de Spideeler, Alter- a Fleegeheimer. D‘Kummere vu Patienten am Spidol oder Residenten am Heem si privat Raimlechkeeten, a musse vum Verbuet ausgeholl ginn.

Wann d‘Thema „Burkaverbuet“ déi nächst Woch nees op der Dagesuerdnung vun der juristescher Kommissioun steet, dierft et eng länger Sëtzung ginn. Vill Optiounen hunn déi Deputéiert do net, sollt et hinne wichteg sinn, dëst Gesetz nach an dëser Mandatsperiod ëmgesat ze kréien.

Ähnlech Sujeten Burka, CCDH, ECHR, Regierung, Staatsrot, Vermummungsverbuet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel