Search

You may also like

EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen
International Neiegkeeten

EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen

Et ass ee Sammelpunkt fir déi talentéiertst Käch vu fënnef

Aarbechten an der Hollerecher Strooss (29.11.2020)
International Neiegkeeten

Aarbechten an der Hollerecher Strooss (29.11.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt e Sonndeg, den 29. November 2020

Fir Fester a Veranstaltungen: de Projet „Green Events“
International Neiegkeeten

Fir Fester a Veranstaltungen: de Projet „Green Events“

Zu Lëtzebuerg vergeet keen Dag wou et net am Land

Millioune Mënsche vun Hongersnout bedreet

Wéinst der Dréchent sinn am Burkina Faso dräi Millioune Mënsche vun der Nahrungsmëttelkris betraff, warnen déi Vereenten Natiounen an d‘Covid19-Pandemie verschlëmmert d‘Lag erhieflech

Millioune Mënsche vun Hongersnout bedreet

Um Sëtz vun der UNO zu New York ass een zolidd beonrouegt. Am Burkina Faso (Westafrika) sinn iwwer 3 Millioune Mënschen direkt vun enger sech ofzeechnender Nahrungsmëttelkris bedreet. Déi zoustänneg Institutiounen: de Welternierungsprogramm (WFP) an d‘Landwirtschaftsorganisatioun vun de Vereenten Natiounen (FAO) hunn erkläert, datt de Problem reell an akut ass.

Esou wéi et den Ament ausgesäit, dierft sech de Problem nom Enn vun der Karschnatz-Saison ëm September verdäitlechen. D‘Covid19-Pandemie hätt d‘Situatioun am vun Aarmut an Dréchent betraffene Land verschlechtert, esou d‘FAO an hirem Communiqué vun e Freideg. De Burkina Faso gehéiert zu den äermste Länner op der Welt an eent vun de bedreetsten an der Sahelzon.

An de leschte Joren hat de Norde vum Land mat engem éischter katastrophale Karschnatz ze dinn an d‘Dschihadisten, déi d‘Géigend onsécher maachen – si hunn an de leschte 5 Joer mindestens 1.100 Mënschen ëmbruecht – hunn d‘Leit an d‘Flucht gedriwwen. Iwwert 1 Millioun Mënsche sinn esou verdriwwe ginn, bericht d‘UN-Flüchtlingshëllefswierk UNHCR a warnt viru Konsequenzen.

Faso

© Mahamady Ouedraogo / WFP

Besonnesch Dramatesch, esou déi gemeinsam Aschätzung vu WFP a FAO, ass d‘Lag an der Sahel-Regioun vum Land. 3% vun der Bevëlkerung an den Provënzen Oudalan a Soum si vun akuter Mangelernierung bedreet. De WFP-Direkter David Bulman, weess mëttlerweil senger Hänn kee Rot méi, mee méi wéi alarméieren an op déi sech rapid verschlechterend Lag hiweisen ass net dran.

Et bréicht Geld fir deem Ganzen eppes entgéintzesetzen. 43 Milliounen als Direkthëllef wieren och nëmmen en Ufank, mee d‘Keese sinn eidel an d‘Memberlänner dinn sech schwéier hir Beiträg schonn esou ze Iwwerweisen. Hei ginn engersäits Fluchtursaache geschafen, an a villen EU-Länner gëtt massiv géint (Wirtschafts-)Flüchtlinge gehetzt. Honger ass eben och ee „Konflikt“…

Fir Fluchtursaachen ze bekämpfe geet et net eleng Duer domadder opzehalen, alle Parteien hiert Krichsmaterial ze liwweren, de klenge Baueren hir Lännereien ofzeknäppen, den Islamisten d‘Feld ze iwwerloossen a stänneg d‘Hëllefen ze kierzen. Hei muss een sech, esou den David Bulman, elo och bewosst ginn, datt de Klimawandel – un deem mir selwer Schold sinn – och Fluchtursaach ass.

mat indymedia/nyc/rom

Foto: © Marwa Awad / WFP

Related topics Burkina Faso, Covid19-Pandemie, FAO, Hongersnout, islameschen Terror, UNHCR, UNO, WFP
Next post Previous post