Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Banksy Bild erziilt 1,2 Milliounen Euro bei Auktioun
Kultur Neiegkeeten

https://moien.lu/best-christian-online-dating-australia/

Extravagant an eenzegaarteg, dem Streetart-Kënschtler Banksy säi „Girl with Balloon“,

https://moien.lu/90s-dating-shows-uk/
Kultur Neiegkeeten

Mazedonien wëll an d’EU

De Sozialdemokrat Zoran Zaev, deen haut als Premierminister vu Mazedonien

US-Vizepresident mécht onverhuele Krichserklärung am UN-Sécherheetsrot
Kultur Neiegkeeten

US-Vizepresident mécht onverhuele Krichserklärung am UN-Sécherheetsrot

Ganz dem Virbild getrei, huet den US-Vizepresident Mike Pence sech

Venom Prison, Bury Tomorrow a Parkway Drive: Metalcore-Bommen am Atelier!

Wann ee scho beim Gedanken un de Concert eng Héngerhaut kritt

Venom Prison, Bury Tomorrow a Parkway Drive: Metalcore-Bommen am Atelier!
Bury Tomorrow © Shari Pleimelding/moien.lu

Parkway Drive © Shari Pleimelding/moien.lu

Kee Wonner, datt dëse Concert schonn no esou kuerzer Zäit ausverkaaft war! Gëschter hu Venom Prison, Bury Tomorrow a Parkway Drive eng bombastesch Show am Atelier zu Hollerech higeluecht. Et gouf gejaut, gejubelt, gesprongen, geschweesst a mat Gléckshormoner ëm sech geschoss.

De Publikum ass aus der ganzer Groussregioun ugereest – kee wollt sech dat heiten entgoe loossen. Um Méindeg Owend stoungen um Metalcore-Programm direkt dräi international Bands, woubäi mat Venom Prison ugefaange ginn ass. Déi 5 käppeg Grupp aus Wales huet den Death Metal op eng nei extrem Stuf bruecht. Dobäi huet ee missen zwee Mol hikucken, fir ze erkennen, datt um Mikro eng zierlech Fra dës brutal Téin erausbréngt. Ëmgi vu senge véier männleche Band-Kollegen huet hatt sech nämlech d’Séil aus dem Leif gejaut.

Op d’Fro, wéi een dat nëmmen hikritt huet d’Sängerin geäntwert, datt hat scho mat 17 Joer ugefaangen huet, an Death Metal Gruppen ze jäizen. Iwwert d’Jore kann een de Stil da wuel perfektionéieren an esou eng Leeschtung bréngen.

Parkway Drive

© Shari Pleimelding/moien.lu

Black Flame!

Et huet emol keng Stonn gedauert, do stoungen d’Jonge vu Bury Tomorrow op der Bühn. D’Metalcore-Band aus Southampton iwwerzeegt duerch dat energie-geluedent Gejäiz vum Sänger Daniel Winter-Bates an den méi douce Kläng tëschenduerch vum Jason Cameron. Säit hiren Album „Black Flame“ 2018 erauskomm ass, ass dës Grupp vu kenger Bühn méi ewech ze denken.

Huet ee sech de Fans hir T-Shirten ugekuckt, da ware wuel genau esou vill Leit fir Bury Tomorrow, wéi fir Parkway Drive an den Atelier komm. Gutt 50 Minutte stoungen hinnen zou fir mat „No Less Violent“ oder och „The Age“ d’Mënschemass a komplett Euphorie ze versetzen. U Pogoen a Circle Pits huet et trotz der Hëtzt op kee Fall gefeelt!

Kee Feier op der Bühn, dofir Feier am Blutt

Kuerz virun 22:00 Auer war et endlech un den Australier vu Parkway Drive. Déi sympathesch Museker aus Byron Bay si mëttlerweil bekannt fir hir iwwerwältegend Bühneshows, gefëllt mat Pyrotechnik a ganz vill Feier. Natierlech konnt ee sech vun Ufank un denken, datt esou eng Opmaachung am klenge Sall wuel net wäert méiglech sinn.

Éierlech gesot muss een awer zouginn, datt de Ronderëm zu kenger Sekonn gefeelt huet. Et war ee sengen Idoler ganz no a konnt sech just op si konzentréieren, wat fir d’Fans jo dat Wichtegst ass. D’Sympathie an d’Freed un der Musek hunn d’Band-Memberen esou op de Publikum wierke gelooss, datt den ausverkaften Atelier net roueg stoe bleiwe konnt. Vläicht huet een dat klengt Äerdbiewen, ausgeléist duerch déi sprangend Fans, jo souguer an der Uewerstad gespuert?

Immens frou kann een och sinn, datt de Bassist Jia O’Connor bei der Europa-Tour mat dobäi ass. Bei de Prouwen huet hie sech nämlech um Knéi blesséiert a muss elo eng Zäitchen am Rollstull setzen. Equipéiert mat engem Stull a vill Waasser konnt hie glécklecherweis och zu Lëtzebuerg optrieden, och wann hien net grad esou vill gestraalt huet, wéi de Winston McCall a Jeff Ling. Mir wënschen op alle Fall eng gutt Besserung!

Generell kann ee einfach nëmme soen, datt gëschter ee geniale Metalcore-Owend gebuede ginn ass. Ausser Otem, verschweesst an hees duerft de Publikum sech schliisslech géint 23:00 Auer op den Heemwee maachen. Bestëmmt waarde si och elo schonn op eng nei Tour vun hiren Idoler!

Uewe fannt Dir iwwregens och d’Billergalerie!

Ähnlech Sujeten Bury Tomorrow, Concert, Den Atelier, Metalcore, Musék, Parkway Drive, Venom Prison
Nächsten Artikel Virrechten Artikel