Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Monumenter zu Lëtzebuerg halen eis Geschicht lieweg! Mee wéi gutt schneits du an eisem Quiz of?
who is dating emily blunt

D’Monumenter zu Lëtzebuerg halen eis Geschicht lieweg! Mee wéi gutt schneits du an eisem Quiz of?

D’Lëscht vun de Monumenter, déi klasséiert sinn, wiisst. An dat

nail fungus dating
who is dating emily blunt

Charlotte: 2 Doudeger bei Schéisserei op der „University of North Carolina“

Um Campus vun der „University of North Carolina“ sinn zwou

Piraten-Partei: Groussen Engagement géint den Artikel 13
who is dating emily blunt

Piraten-Partei: Groussen Engagement géint den Artikel 13

D’Partei vun de Pirate bedaueren zu déifst, datt d’EU-Deputéiert an

Buschaufferen: nach kee Kollektivvertrag mee schonn e klenge Fortschrëtt

Buschaufferen: nach kee Kollektivvertrag mee schonn e klenge Fortschrëtt

Iwwert de Misär vun de Buschaufferen an aus dem Privatsecteur (a bei Luxtram SA) hate mir scho bericht, an et schéngt dann elo eppes (kléngs) ze doen. Dat zumindest wollt e Freideg den LCGB, deen dëse Sozialkonflikt zesumme mam OBGL féiert, medienträchteg bekannt ginn.

Eigentlech war et awer nëmmen d‘Ukënnegung vum Akraafttriede vum groussherzogleche Reglement, deen et erlaabt d‘Fuerzäiten an d‘Pausen, vu de Buschaufferen déi op Linnen ënnert enger Distanz vu 50 Kilometer agesat ginn, ze fraktionéieren. Ab muer mussen d‘Patronen sech „ëmstellen“ an d‘Aarbechtszäit vun hire Chauffeure reduzéieren. Eng Mesure déi engersäits d‘Sécherheet fir d‘Passagéier erhéicht, an esou eppes wéi e Familljeliewen erméiglecht.

Wann et hei duerch eng politesch Decisioun zu Verbesserunge kënnt, esou si béid Gewerkschaften awer nach wäit vum eigentlechen Zil ewech. De LCGB-Gewerkschaftssekretär, Paul de Araujo, huet e Freideg däitlech gemaach, datt ee sech mat „dësem Fortschrëtt net wäert zefridde ginn, an et elo un der Zäit ass, datt d‘Vertrieder vun der FLEAA (Federatioun vun de Bus-Entrepreneuren) nees un de Verhandlungsdësch kommen, an déi oppe Punkten zum Kollektivvertrag diskutéieren“.

Et kann nees verhandelt ginn

An d‘FLEAA schéngt bereet och iwwer déi aner (wichteg) Fuerderunge vun de Gewerkschaften ze beroden. Zumindest huet d‘FLEAA seng schrëftlech Propose widderholl. Esou wäit esou gutt. Fir den LCGB-Gewerkschaftssekretär ass een awer decidéiert, sech weiderhi fir eng Verbesserung vun den Aarbechts- a Lounkonditiounen anzesetzen. An dat fir all d‘Salariéeën aus dem Secteur: also d‘Bus- a Camionetteschaufferen, esou wéi dat technescht an administratiivt Personal.

Zu de Fuerderungen, déi vu LCGB an OGBL mussen duerchgesat ginn, gehéiert eng Lounerhéijung vun 2% fir d‘Minibus-Chaufferen, eng linear Erhéijung vun alle Lounkategorie fir Administratiivt Personal (+0,5% pro Joer a während dräi Joer), d‘Aféierung vun zousätzleche Congésdeeg als Kompensatioun fir en eventuelle Verstouss géint d‘Rouzäit vu 45 Stonnen (eemol an der Woch), esou wéi d‘Ausbezuele vun engem 13. Mount fir eng verlängert Referenzperiod ze kompenséieren.

Ähnlech Sujeten Amplitude, Buschaufferen, Groussherzoglecht Reglement, Kollektivvertrag, LCGB, OBGL, Privatsecteur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel