Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert
Kultur Neiegkeeten

good introduction for dating sites

Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der

online dating lame
Kultur Neiegkeeten

Éischte Ministerrot fir de Macron

Haut um 11.00 Auer presidéiert de franséische President Emmanuel Macron

Eng Campagne am Zeeche vun de Mënscherechter
Kultur Neiegkeeten

Eng Campagne am Zeeche vun de Mënscherechter

Wéi all Joer mécht Amnesty International (AI) och 2017 erëm

D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen

Et gëtt dëst memorabelt Volleksfest elo scho bal 20 Joer an et ass mëttlerweil eent vu de gréissten an der Regioun

D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Gutt, vun der gréisst hir kann dëst Riserad net mat deem vun der Fouer konkurréieren. Dofir war et awer op mannst esou beléift. © Martine der Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Hei eng flott Ekipp. Dee smarte Kärel ganz riets am Bild, datt ass iwwregens den Therakulix. Deen ass ëmmer an iwwerall wou et ëm Draachen an Hexe geet. Alles wat et bei ze drénke gëtt, staamt aus eegener Produktioun an ee bessert artisanaalt Produkt gëtt et net. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Et gëtt och vill Lëtzebuerger déi d‘Mëttelalter fir sech entdeckt hunn. An datt dann de roude Leif iwwert dem Camp an der Loft gewibbelt huet, mécht een eppes houfreg. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Minnesänger aus germanesche Gefilden. Si hu fir gutt Stëmmung gesuergt a waren, dat muss dierfe betount ginn, net schold um gedrëps. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
E Kräizritter an de Butschebuerger Wisen. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Just esou niewebäi bemierkt: dëse Mann huet vu Whisky Ahnung an dat net ze knapps. Gutt et ka sinn datt et eppes méi kascht, mee well ee jo soll mat Verstand genéissen, ass dat bescht grad gutt genuch. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Net wierklech Handwierkskonscht an och nëmmen mat eppes guddem Wëllen Zäitgeméiss. Egal wat gefält gëtt kaaft am mat heem geholl. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Och e Ritter-Lager muss presentabel sinn. Ass jo och gutt wann ee säi Geschir bei Hand huet iert engem Brigangen de Sträit ukënnegen. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Bei dësem léiwen Zäitgenossen ze gesi war, ass am Mëttelalter vill a gäre mat Woll geschafft ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
© Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Handwierkskonscht „Made in Lëtzebuerg“. Wan dir dëse léiwe Mënschen op engem Fest sollt begéinen, huelt iech en Ament Zäit, et ass wierklech exzeptionell. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
© Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Passend zur Manifestatioun gekleet. Esou mécht d‘Buergfest nach méi Spaass. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
En Geck an e Jongleur. Deen heite Kadett hat et Fauschtdéck hannert den Oueren, mee säi Publikum fest am Grëff. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
E Rimm, e puer Stréckel… oder einfach nëmmen e Bijou fir ëm den Hals ze Hänken. De Choix um Butschebuerger Buergfest war enorm. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Schockela… net wierklech Mëttelalter, mee mir kënnen iech versécheren, de Krapperten war dat zimlech… jo soe mir emol „egal“. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Natierlech gëtt och Tinnef ugebueden, mee esoulaang et dofir Amateure gëtt soll et och verkaf ginn. Eppes Makaberes huet awer schonn… © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
War d‘Béischt bis erluecht an den Honger gestëllt, konnt aus dem Lieder vill Gebräichleches hiergestallt ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Troubadouren a Minnesänger dierfen op engem Mëttelalterfest net feelen. Do mécht dann dat Diddelenger Buergfest och keng Ausnam. © Martine de Lagardère/mopien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Ee mat de beléiftsten a respektéiertste Politiker vu Lëtzebuerg: de Mars di Bartolomeo mat sengen zwou Duechteren. Esou ee Buerghär hätte sech d‘Leit am Mëttelalter gewënscht. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Alles war beschtens beschëldert, eigentlech konnt ee sech net verléieren. Mir kennen der awer op mannst zwee, deenen dat perfekt gelongen ass. © Martine der Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Also Wikinger hu mir tatsächlech keng gesinn, a wéi eis erzielt gouf, sollen d‘Hare vu Kou a Stéier och bei de Ritter als Drénkbecher beléift gewiescht sinn. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Dat ass de Mann mat de beschte „Churros“ am ganze Land… eigentlech ganz Europa, mee dat ass just en Detail. Wann een deen elo nach iwwerriet kritt den Nutella op der Säit ze loossen… © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Wou virun 18 Joer nach 15 Stänn opgeriicht goufen, do stinn der haut iwwer 90. A wien emol matgemaach huet, dee wëll och nees dierfen erëmkommen. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
© Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Ekologesch onbedenklech: dëse Karussell fir eis Butze war besonnesch fir d‘Jofferen an d‘Knetzele ganz interessant. Firwat ass net bekannt, mee flott a virun allem emissiounsfräi. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Et gouf natierlech och Leckereie fir d‘Zweebeener. Hei Zoossiss wéi fréier… also bal. Dës Wueren si kontrolléiert also onbedenklech a schmaachen einfach no nach. © Martine de Lagardère/moien.lu
D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
Wéi gäil ass datt dann? E Stand net fir déi Grouss an net emol fir déi Kleng. Nee E Stand wou et nëmme „Leckerlie“ fir eis véierbeeneg Familljemembere ginn huet. Topp! © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir d‘Dauer vun engem Weekend ass de Quartier „Boudersberg“ – wéi en amtlech genannt gëtt – eng regelrecht Zäitmaschinn. Da geet et zréck an dat déifste Mëttelalter, woubäi hei natierlech nëmmen déi schéi Säite virgefouert ginn. Keng Hex déi verbrannt gi wier an erstaunlech wéineg Kierchemänner. Dofir masseg Ritter, Minnesänger an wat et eben soss nach esou déi Zäit gouf…

Datt Buergfest zu Diddeleng esou ee groussen Zousproch huet, dat huet vill Ursaachen: zum engen ass Diddeleng déi schéinste Stad am Land, zum anere sinn déi Diddelenger och déi feinste Leit am Land. Elo kann et natierlech och un der Organisatioun geleeë sinn, wéi dem Fakt datt dësen Hobby vun ëmmer méi Leit esou richteg „gelieft“ gëtt. An déi zéie vun engem fest zum aneren.

De Quartier Butschebuerg ass um Fouss vum „Mont St.Jean“ geleeën a seng Gässele mat hiren Haisercher an Bauerenhäff bidden sech fir esou en Event beschtens un. Net ze vergiessen datt déi grouss Wisen sech herrlech fir d‘Installatioun vu de Ritter-Lager mat hiren impressionnanten Zelter eegenen. Datt alles esou klappt ass awer engem gutt opgestallten Organisatiounscomité geschëlt.

Glécklech an Zefridden

Fir de Romain Back dee seng Première als President vum Organisatiounscomité gefeiert huet, ass dësen Erfolleg den Diddelenger net „einfach esou“ zougefall. Hie gëtt ze bedenken, datt och dëst Fest 2001 kleng ugefaangen huet. Et huet en Ament gebraucht bis et sech erëmgeschwat hat, datt et do eng lëschteg Band vun ondugene Kadette gëtt, déi nach feiere kënne wéi fréier, ganz vill fréier…

Gutt si hätten sech iwwert eppes méi Sonn gefreet, mee déi puer Drëpsen hunn d‘Aficionados net ofgehalen. Et war och séier gezielt: „…zu hirer Dausenden hu se Schlaang gestanen“ sot eis eng léif Damm an der Kees mat engem risege Grinsen am Gesiicht. An dat dierft nach ënnerdriwwe sinn, et war wuertwiertlech schwaarz vu Leit. Cool, ganz vill Gäscht haten sech entspriechend gekleet.

Dat mécht Sënn, well wien sech „Zäitgeméiss ze kleede wousst“ ass zum klénge Präis eragelooss ginn. Erfreelech och d‘Feststellung, datt dëst Buergfest ëmmer méi Familljen unzitt. An d‘Offer fir d‘Krapperte féiert iwwert Ateliere bis hin zu klengen Turnéier. Et ass – dat kléngt elo verréckt – erlaabt sech knaschteg ze maachen a mat de Fangeren z‘iessen. Kee wonner datt et fir si flott war.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Buergfest, Butschebuerg, Diddeleng, Mëttelalterfest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel