Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Mannerjäregen erschéisst zwee Schoulkomeroden
Neiegkeeten

USA: Mannerjäregen erschéisst zwee Schoulkomeroden

Am Staat Kentucky huet en Dënschdeg e Schüler a sengem

De Superjhemp mat ausschliisslech SUPER Bewäertungen
Neiegkeeten

De Superjhemp mat ausschliisslech SUPER Bewäertungen

Um vergaangene Freideg war déi offiziell Avant-Première vum Superjhemp Film.

D‘LSAP wëll de Flüchtlingen d‘Liewen erliichteren a se Integréieren
Neiegkeeten

D‘LSAP wëll de Flüchtlingen d‘Liewen erliichteren a se Integréieren

Während Europa seng „Mënschlechkeet“ am Mëttelmier versenkt, Italien mat drastesche

Bye Bye Bay – eng nei Single fir d’Lëtzebuerger Musekswelt

Bye Bye Bay – eng nei Single fir d’Lëtzebuerger Musekswelt

Knapp ee Joer no de Verëffentlechung vun der éischter EP „Let It Go“ mellt sech d’Lëtzebuerger Band Bye Bye Bay elo mat enger ganz neier Single zeréck. Mam Lidd „It’s All About Love“ setzen d’Museker nees een Akzent fir d’Welt vun de Kläng.

D’Pop-Ballade bitt alleguerten d’Elementer, déi d’Wiese vun der Band ausmaachen: d’Basis besteet aus akustesche Gittaren. Dobäi kënnt ee verspillte Rhythmus an een prägnante Refrain, den eng musikalesch Ode un d’Léift, fir den Hierscht ze begréissen, ass.

Säit dem 4. November kënnen d’Fans sech op méi wéi 250 Plattforme, wéi beispillsweis Spotify, Deezer, Apple Music oder Amazon erfreeën. Zesumme mat engem extra dofir produzéierte Videoclip, vum Christophe Gavoille, gëtt d’Single perfekt ofgeronnt.

No engem erfollegräiche Joer, wou d’Band méi wéi zwanzeg Concerten zu Lëtzebuerg, a Frankräich, Däitschland an, an der Belsch gespillt huet a souguer d’Virband vum Naâman oder Arcadian war, kann sech Bye Bye Bay elo nees hirer musikalescher Zukunft higinn.

Ziel ass et, de gudde Ruff am Grand-Duché an, an den Nopeschlänner weider auszebauen a geschwënn als Stär un der Lëtzebuerger Popzeen opzeliichten, de Publique regelméisseg ze begeeschteren an hir Leidenschaft vollkommen ausliewen ze kënnen.

Méi zur Band fannt Dir op hirem Site, Facebook, Instagram an natierlech bei de genannte Museksplattformen.

Bye Bye Bay

Ähnlech Sujeten Band, Bye Bye Bay, It's All About Love, Musék, Single
Nächsten Artikel Virrechten Artikel