Vollspärung no Accident op der A1

Um Donneschdeg, kuerz virun der Mëttegstonn (11.20 Auer) ass et op der A1 – tëscht dem Tunnel Houwald an der Ausfaart Sandweiler – zu engem Opfuer-Accident komm, an deen dräi Camione verwéckelt waren.

Fir de Camion an der Mëtt, also de wou souzesoen an zweeter Positioun gefuer ass, war dat eng zimmlech schlecht Ausgangslag. Villméi fir de Chauffer, wëll dëse gouf duerch d‘Kollisioun an der Kabinn ageklemmt an huet misse vum CGDIS aus senger mësslecher Lag befreit ginn. Well de Mann och verletzt war, gouf hien op der Plaz noutversuergt an uschléissend an d‘Spidol gefouert.

Nach ee weidere Camionschauffer, dee bei dësem Tëschefall – wuel nëmme liicht – blesséiert gouf, ass zur Sécherheet och an d‘Spidol iwwerstallt ginn. Virbeugen ass bekanntlech ëmmer déi besser Optioun. Wärend de Rettungsaarbechte war d‘A1 gespaart ginn, wat sech op d‘Verkéierssituatioun ausgewierkt huet. Zäitno konnt dann awer eng Spuer nees fir de Verkéier opgemaach ginn.

Bis dann elo awer déi Gefierer alleguerten aus de Féiss sinn, kann et nach en Ament daueren, firwat entscheet gouf ëm Ëmleedung an d‘Plaz ze stellen. Wien ënnerwee de (richtege) Radio gelauschtert huet, hat d‘Chance dëse Beräich wäitraimeg ze ëmfueren. Iwwert de Radio ginn dann d‘Leit och gewuer, esoubal d‘Streck nees ganz op ass. Dat kéint sech laut CITA nach eppes hinzéien…

Dernières nouvelles