Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CGDIS: Mat dësem Fuersimulator soll méi Sécherheet garantéiert ginn
Kultur Neiegkeeten

CGDIS: Mat dësem Fuersimulator soll méi Sécherheet garantéiert ginn

Um 9. Mee huet de CGDIS ee Fuersimulator fir de

Stater Gemmengerot: Vill Sonn, wéineg Wolleken
Kultur Neiegkeeten

Stater Gemmengerot: Vill Sonn, wéineg Wolleken

Et war ze erwaarden: D‘Librairie Alinea war beim Stater Gemengerot

Vun Drogen, presséierte Mënschen a verluere Führerschäiner
Kultur Neiegkeeten

Vun Drogen, presséierte Mënschen a verluere Führerschäiner

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, huet

Cabaret zu Steesel: Et geet ëm de Fric

Freides, den 8. November 2019 um 20:00 Auer

Cabaret zu Steesel: Et geet ëm de Fric

Wann een d‘Hannergrënn vun deene groussen an och deene méi klengen Decisioune wëllt verstoen an novollzéien, da kennt een noutgedrongen ëmmer nees zum selwechte Schluss. Et geet bal ëmmer just nëmmen ëm dat eent, an dat ass de Fric. Vill Decisiounen si Gëft fir de Fridden, fir d’Ëmwelt, fir dat normaalt Zesummeliewen. Egal?! Wann herno d‘Kees stëmmt, ass dann alles an der Rei? Oder vläicht awer net?

Et gëtt zwar behaapt, da de Fric net géif glécklech maachen, mee et beroueg awer immens, wann een es huet. Am ëffentlechen an am private Liewen ass dat méi wéi wouer. An hirem neie Programm 2018/19 mécht sech de Cabaret Batter Séiss, wann der wëllt och zesumme mat iech, Gedanken zu dem Thema Fric, an dofir heescht hiren neie Programm: Et geet ëm de Fric!

Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Cabaret Batter Séiss op seng gewinnte witzeg Aart a Weis mat dëser Thematik. Et ass dem Ensembel säin 10. Programm, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet a vun den Actrice Vicky Wagner a Lie e Wilgé, zesumme mat den Acteure Gérard Heinen a Rob Wagner gespillt gëtt. D’Texter vun de Sketcher an de Lidder sinn zum groussen Deel vum Cabaret Batter Séiss a goufe geschriwwe vum Vicky a vum Rob Wagner. De Programm ass wéi gewinnt an zwee Deeler an all Deel dauert ronn eng Stonn.

Gemeng Steesel

Wou: Kultursall Steesel
Entrée: 15 € / Studenten 8 € (Oweskeess ab 19:00 Auer, Reservatioun ënnert 33 21 39 1 oder reservation@steinsel.lu)
Weider Informatiounen HEI

Ähnlech Sujeten Acteur, Cabaret, Cabaret Batter Séiss, Et geet ëm de Fric, Gemeng Stesel, Kultur, Theater
Nächsten Artikel Virrechten Artikel