Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neien Ufank: Integratioun vun 120 Famillen
International Kultur Stories

Neien Ufank: Integratioun vun 120 Famillen

Fir hire Projet „Neien Ufank“ virzestellen, hat Caritas Lëtzebuerg d‘Press

“Bim & Anna” vum Olga Reiff
International Kultur Stories

“Bim & Anna” vum Olga Reiff

„Ech kann et eleng!“, dovun ass de klenge Bim iwwerzeegt.

Den FNCTTFEL zum ëffentlechen Transport
International Kultur Stories

Den FNCTTFEL zum ëffentlechen Transport

Als éischt Land vun der Welt wëll déi nei Regierung

De Café Shabandar: de Mekka fir déi irakesch Intellektuell zanter engem Joerhonnert

De Café Shabandar: de Mekka fir déi irakesch Intellektuell zanter engem Joerhonnert

Am Häerze vun der Allee vun de Stroossenhändler zu Bagdad, sëtzt den Abdel Fattah al-Noeïmi un engem Dësch am Café Shabandar. Eng Institutioun wou bei engem Glas Téi, zanter engem Joerhonnert d’Geschicht vum Irak ëmmer nees nei erfonnt gëtt.

„Ech kommen elo säit 60 Joer heihinner“, verséchert den elegant gekleete 70 järegen eisem AFP-Korrespondent. Hien ass eng vun de Saile vun dëser Héichbuerg vu Poeten an der kultureller, wéi politescher Intelligentsia vu Bagdad.

Den Abdel Fattah al-Noeïmi huet ugefaangen dëse Café an der prominenter al-Moutannabi Strooss ze frequentéiere wéi hie 17 Joer jonk war. Nach laang iert hien e Fuerscher a Sozialwëssenschafte ginn ass. An zanterhier, esou verséchert hien eis, ass et seng Plaz wou hien sech all Dag vun 9 Auer moies bis an de fréien Nomëtteg ophält.

Café Shabandar

Hei am 100 Joer ale Café Shabandar sëtzen d’Generatioune beienaner. Et gëtt iwwert alles diskutéiert, vu Politik iwwer Konscht hin zur Kultur. © Ahmad al-Rubaye/AFP

Iert de Shabandar 1917 den éischte Café vum Quartier ginn ass, war dëst impressionnant Gebai aus Zillen a Gips schonn eng lokal Institutioun. Hei hat den Abdel Majid al-Shabandar, deem säin osmaneschen Numm „de gréisste vun alle Commerçanten“ bedeit, seng Dréckerei.

De Café huet de Numm behalen. Hannert der Dier aus Holz a Glas, gekleet mat der traditioneller wäisser Robe, an d’Gesiicht encadréiert mat engem Baart vun der selwechter Faarf, den Mohammed al-Khachali. Hien ass de Besëtzer an deet uecht, datt alles bleift wéi et ass…

Sech an e Geschichtsbuch sëtzen

„Dëst Joer“ seet dee wou vu jidderengem Hajj genannt gëtt, vum moslemeschen Numm fir een deen d’Pilger op Mekka gemaach huet, „huet de Café 100 Joer. Hei ass et wéi an engem Geschichtsbuch“.

Wéi den Mohammed al-Khachali d’Leedung vum Café 1963 iwwerholl huet, hat hie gläichzäiteg eng drastesch Entscheedung geholl: „Kee Spill“ a sengem Café, „keen Domino, keng Kaarten“, erkläert hien.

A wann hien emol déi eng oder aner beim Spillen „erwëscht“ huet, huet hien sech un d’Verspriechen, dat hien sech selwer ginn hat, gehalen: „Dës Plaz soll de Rendez-vous fir d’Leit vun der Kultur sinn“, eng Plaz wou een diskutéiert, sech iwwert d’Konscht ënnerhält, politesch a sozial Froen debattéiert“, an esou seet hie ganz erfreet „dat ass da genee dat wat sech entwéckelt huet“.

Weder d’Kricher nach d’Revolutiounen, och net d’Staatsstreech déi d’irakesch Geschicht duerchlieft huet, an dat Joerhonnert vun der Existenz vum Shabandar, hunn d’Gewëssenhaftegkeet vu senge Cliente jeemools a Fro gestallt.

Café Shabandar

Den irakeschen Acteur Ibrahium Majed (50) an en net ernimmte jonken Artist deen op der Bänk läit, bei der Performance vum Stéck „Leukemia“ am Café Shabandar um 11. Oktober 2002, wéi sech déi vun de Amerikaner initiéiert Invasioun scho vu wäiten ukënnegt, © Patrick Baz/AFP

Déi deels animéiert Gespréicher ronderëm e Glas Téi oder enger Waasserpäif sinn eng Traditioun bliwwen, déi vun alle respektéiert gëtt, notamment Freides, de wëchentlesche Roudag, un deem sech getommelt gëtt fir eng vun de Plazen op engem Stull oder hëlzener Bänk ze ergatteren.

D’Oprou vun 1920, géint de britesche Mandat, d’Revolutioun vun den Offizéier de 14. Juli 1958 géint d’Monarchie, de Staatsstreech vun de Baassisten 1963, den Embargo vun 1990, d’Invasioun ënnert der Leedung vun den Amerikaner 2003… näischt konnt d’Popularitéit vum Café beschiedegen.

Shabandar, d’Schoul vum Denken

Am Mäerz 2007, der Zäit vun de reliéisen Ausenanersetzungen an den alldeeglechen Attentater, explodéiert en Auto matten an der al-Moutannabi Strooss. Iwwer honnert Mënsche verléieren hiert Liewen oder gi blesséiert. Historesch Bichergeschäfter ginn an Damp op.

Aus den Trëmmer hunn d’Secouristen d’Kierper ouni Liewen, vu véier vum Mohammed al-Khachali senge Bouwen, an och en Enkelkand gebuergen. Zanterhier, zum Numm vum „Café Shabandar“ ass dobäigeschriwwe ginn „Café vun de Märtyrer“. Den „Hajj“ selwer weigert sech iwwert dësen Dag ze schwätzen.

Hannert him, op de Maueren, Dosende schwaarz-wäiss Fotografien. Verschiddener méi wéi honnert Joer al, erzielen d’Geschicht vu Bagdad an dem Irak, mat senge Prënzen an Onbekannten. Am gëllene Buch hunn sech ongezielten Ambassadeuren aus dem Ausland agedroen.

D’ Villfalt vun de Männer a Fraen op de Fotoe spigelt sech haut nach op den Dëscher vum Shabandar, verséchert eis den Abdel Fattah al-Noeïmi. „Dëse Café“, seet hien „ass net enger Relioun, enger Kultur oder engem Deel vun der Gesellschaft virbehalen, jidderee fënnt sech hei erëm“.

D’Kräizung vun de Generatiounen

An engem entspaanten Duerchenaner lafen d’Bestellungen: „Garçon, zweemol Téi!“. Dat ganzt matten am Kaméidi vun de Gespréicher iwwert d’Politik vum Land, den Diskussiounen iwwert Konscht oder d’Kultur. Zwee Themen déi vun de widderhuelte Konflikter ofgehetzt gi sinn a fir déi d’al-Moutannabi Strooss e Ventil ass.

Café Shabandar

Besonnesch um Freideg, dem wëschentlesche Roudag, ass hei kaum eng fräi Plaz ze fannen. © Ahmad al-Rubaye/AFP

D’Garçonen, den eise Plateau op der Schëller, ginn a kommen an engem gekonnte Ballet, fir de Clienten déi ganz an hire Gespréicher verdéift sinn, d’Glieser mam Téi ze bréngen. Op de Still, de Bänke mee och de Fotellen, vermëschen sech d’Generatiounen.

De Rammah Abdelamir, ganzer 17 Joer jonk, e Buch iwwert „D’Modern Geschicht vun der Politik“ an der Hand, kënnt reegelméisseg an dëst „Monument vum ale Bagdad“. „Shabandar“, seet de Rammah, „ass eng Ierfschaft déi et ze erhale gëllt. Dës Plaz ass ee bësschen de Mekka vun den Intellektuellen an eng Schoul fir d’Generatiounen déi sech ofwiesselen“.

Fir den Abdel Fattah al-Noeïmi gëtt esouguer eppes wéi „d’Schoul vum Denken“ Shabandar. „An engem Land, dat stänneg vun den Ausenanersetzungen tëscht Ethnien a Konfessiounen zerrappt gëtt, ass et déi Plaz“, seet hien, „wou all Mënsch d’Iddie vun deenen anere respektéiert“.

mam Ali Choukeir/AFP

Foto: Eng Aussenusiicht vum Café Shabandar an der al-Moutannabi Strooss zu Bagdad vum 18. August 2017. Et ass een vun, wann net deen traditionelle Café vun der irakescher Haaptstad. © Ahmad al-Rubaye/AFP

Ähnlech Sujeten Bagdad, Café Shabandar, Irak
Nächsten Artikel Virrechten Artikel