Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Europa muss sech den Erausfuerderunge vun der Migratioun stellen
Meenung

Europa muss sech den Erausfuerderunge vun der Migratioun stellen

Staatscheffen aus siwen EU- Länner vu Südeuropa waren um Mëttwochowend

Yumm Festival: Du bestëmms wéi e Food-Truck dee beschten ass
Meenung

Yumm Festival: Du bestëmms wéi e Food-Truck dee beschten ass

Haut (an dat nach bis e Samschdeg) fënnt um Kierchbierg,

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)
Meenung

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)

Et ass dacks positiv wat an de Gemengen duerch déi

Cambridge Analytica weist, wéi d‘Sammlung vun Donnéeën duerch Facebook enger Demokratie schuede kann

E Kommentar

Cambridge Analytica weist, wéi d‘Sammlung vun Donnéeën duerch Facebook enger Demokratie schuede kann

Vir gewéinlech ass den Dag nach jonk, wa mer fir d’éischte Kéier op de Smartphone kucken a Facebook opmaachen. Déi éischt Taass Kaffi verséisse mer eis gären, andeems mer eis Notifications op de soziale Netzwierker checken. Mee an de leschten Deeg huet do eng Noriicht de Kaffi batter schmaache gelooss.

Cambridge Analytica huet d’Donnéeën vun iwwert 50 Millioune Konten ofgezaapt, analyséiert an d’Resultater ënnert anerem an d’Campagne vum Donald Trump afléisse gelooss. Op dëst direkt oder indirekt geschitt ass, doriwwer herrscht Onkloerheet. Mee de Microtargeting, deen et mëttlerweil och bei de Wahlen an Däitschland gouf, huet op alle Fall stattfonnt. An deen huet gehollef, d’Wahlkampfstrategie ze formen. Eng Strategie, déi dozou gefouert huet, datt den Donald Trump widder Erwaarden zum President vun der mächtegster Natioun vun der Welt ginn ass.

Et ass een et sech net ëmmer bewosst, mee Facebook handelt all Dag mat eisen Donnéeën

Dat, wat Cambridge Analytica gesammelt huet, koum net duerch en Hack zesummen. Net duerch en Asaz vun illegalen Tools, mee d’Ausnotze vun enger Lück duerch eng App. Et gouf vum fundamentalen Design vu Facebook profitéiert. Well Facebook wëll Donnéeë vun eis a mir ginn se bereetwëlleg hier. Des Informatiounen notzt Facebook, fir Reklammen ze schalten. Mir vergiessen et gären, mee den ale Sproch „Wann s de näischt bezils, bass du de Produit” passt hei wéi d’Fauscht op D’An.

Wien elo mengt, Facebook géif sech besseren, deen iert. Et deet sech zwar eppes, awer och nëmmen op Drock vun der Ëffentlechkeet an der negativer Press hin. D’Lach gouf schonn 2015 gestoppt an d‘sozialt Netzwierk schéngt gehofft ze hunn, datt et keen et mierke géing.

Eng gréisser Fro lauert hei awer am Hannergrond: Wéi vulnerabel maache mir eis duerch déi Donnéeën, déi mer iwwert d’sozial Netzwierker vun eis Präis ginn? Äusserst, ass déi kuerz Äntwert. Mee komm mir gi méi wäit: Eleng doduerch, datt mer Saache liken, eis Interesse Präis ginn an diskutéieren, weise mer op kuerz oder laang, wou mer politesch anzeuerdne sinn a wat eis beweegt. Woumat mer Zil vum Microtargeting kënne ginn. Dobäi gi spezifesch Reklamme geschalt, déi immens zilgenau kleng Deeler vun enger Populatioun adresséieren. Perfekt also fir eng politesch Kampagn.

Mir sinn en oppent Buch fir Facebook. An eis Ängschten nieren d‘politesch Themefannung!

Net nëmmen dat, mee Analyste kënnen och liicht eraus fannen, wat méiglech Wahlkampftheme sinn. D’Verschwierungstheorie ronderëm den Deepstate huet an den USA laang keen eescht geholl. Bis den Donald Trump, assistéiert duerch d‘Donnéeë vu Cambridge Analytica, sech dësem Thema ugeholl huet. Elo ass et op eemol salonsfäeg.

Zu Lëtzebuerg menge mer gäre, mir wieren op enger klenger Insel. Beim Referendum hu mer awer eraus fonnt, wéi staark dësen Afloss aus de soziale Netzwierker kann ausfalen. A wien sech déi vill beschwaten Themen am Kader vun den Nationalwahlen ukuckt, dee kann sech ausmolen, wéi een dës ausnotze kann. Well egal op Sprooch, Identitéit, Awanderung, Wuesstem: All dëst sinn Themen, wou schnell Emotiounen opkommen. An negativ Emotiounen – ech ginn et net midd, et hei ze schreiwen – gi vum Algorithmus vu Facebook staark ënnerstëtzt. Well wien sech opreegt, suergt fir méi Reechwäit, well e méi staark a méi oft interagéiert. Schlëmmer nach, Facebook mierkt, op wéi eng Themen een uspréngt a zerwéiert gläich ähnlech Contenuen. En Däiwelskreess, deen och eiser Demokratie schuede kann.

Ähnlech Sujeten Cambridge Analytica, Digitaliséierung, Facebook, Lëtzebuerg, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel