Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du kenns dech mat Politik aus? Da weess du bestëmmt iwwert eis Premiere gutt Bescheed!
Neiegkeeten

Du kenns dech mat Politik aus? Da weess du bestëmmt iwwert eis Premiere gutt Bescheed!

D’Premierministere kënnen sech zu Lëtzebuerg relativ laang halen. Mee et

Thema Fusioun: Wäerten d’Gemenge Groussbus a Wal eent ginn?
Neiegkeeten

Thema Fusioun: Wäerten d’Gemenge Groussbus a Wal eent ginn?

D’Diskussiounen zur eventueller Fusioun tëscht Groussbus a Wal sinn den

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn
Neiegkeeten

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn

Moskau huet eng Rumeur bestätegt, laut där de nordkoreanesche President,

D‘Police huet d’Campagne „#CyberScams“ lancéiert

D‘Police huet d’Campagne „#CyberScams“ lancéiert

Internet, eng Plaz déi vill als „rechtsfräie“ Raum betruechten, ass net nëmmen e Seegen, mee ka séier zur Gefor ginn. Fir dem „Online-Bedruch“ e Reedel virzeleeën, huet d‘Police am Kader vum europäesche Mount vun der Cybersécherheet (European Cyber Security Month) eng Campagne initiéiert, fir op déi gängegst Maschen opmierksam ze maachen.

Eng vun de „einfachste Moossnamen“ am Kampf géint Cyberkriminalitéit, ass d‘Formatioun vu méiglechen Affer. An dësem Kontext huet sech d‘Police opgedroen, d‘Bierger ze sensibiliséieren, esou datt déi d‘Méiglechkeet hunn, déi schmotzeg Tricken ze erkennen, wat zu senger Sécherheet bäidréit, besonnesch am Kader vun der Online-Finanzgestioun.

Police

Eng Campagne vun der Lëtzebuerger Police, am Kader vum europäesche Mount vun der Cybersécherheet (European Cyber Security Month)

An eppes muss een de Brigange loossen: si sinn immens kreativ, mee leider och Hannerlëschteg. Et sinn dann och net nëmmen déi „Liichtfankeg“ déi hinnen ëmmer nees an d‘Fal ginn. Et geet duer een Ament net uecht gedoen ze hunn, a schonn huet een de Misär.

Esou weess wuel bal all Mënsch, datt eng Mail an deem engem eng fett Kommissioun versprach gëtt, wann ee säi Bankkont zur Verfügung stellt, direkt ze läschen ass, firwat sech d‘Strategie vun de kriminellen Individuen ugepasst hunn. Hir Methode ginn ëmmer méi innovativ a méi schwiereg ze duerchkucken. An et geet ëmmer nëmmen ëm dat eent: dem Adressat ze schueden.

Police

Dofir gëtt d‘Police e puer generell Rotschléi: kontrolléiert regelméisseg är Online-Konten, mellt all suspekt Aktivitéit bei ärer Bank, a benotzt nëmme Sitten déi sécher sinn. Et sollt ee wëssen, datt keng Bank jeemools „online“ (e-Mail) oder telefonesch sensibel Donnéeën ufuerdert. A wann eng Offer ze schéin ass fir wouer ze sinn, ass et zimlech sécher e Bedruchsversuch.

Ähnlech Sujeten #CyberScams, Cyberkriminalitéit, Internet, Passwuert, Police, Sécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel