Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europa: den Juddenhaass hëlt nees zou
Neiegkeeten

Europa: den Juddenhaass hëlt nees zou

Den nächste Sonndeg gëtt dem Holocaust geduecht, an alles wat

Editorial: Elo soll den Autofestival ofgeschaaft ginn
Neiegkeeten

Editorial: Elo soll den Autofestival ofgeschaaft ginn

Et gëtt Saachen, déi falen engem einfach esou virun d‘Féiss

E Manifest fir den Avortement
Neiegkeeten

E Manifest fir den Avortement

Beonrouegt duerch „d‘Opkomme vum Nationalismus an dem Konservatismus“ an de

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser

Um internationalen Dag vun de Strummerte starten Doktere vun der Welt d’gratis Impfung géint d’Gripp bei Leit déi op der Strooss liewen.

Haut den Owend, wärend der Permanence vum Centre d’Accueil an dem Soins et d’Orientation (CASO) vu Bouneweg, start des enorm wichteg Aktioun. Ee vun de fräiwëllegen Dokteren, den Dr. Yolande Wagener, wäert déi éischt Impfdosis, fir all Persoun déi se ufreet,

„Mir këmmeren eis em obdachlos Persoune mat engem fragille Gesondheetszoustand a schwéiere Liewens-, Ernierungs- an Wunnkonditiounen: si sinn Deel vun de meescht betraffene Persoune fir eng Grippeinfektioun“, erkläert den Dr. Yolande Wagener.

Et handelt sech heibäi ëm déi drëtt Campagne géint Grippeimpfung zu Lëtzebuerg. Se dauert un bis den 31. Dezember an adresséiert sech un Leit mat enger schwéierer Liewenssituatioun, déi wéineg oder keen Accès un den nationale Sozialschutz hunn.

2017 konnte just 13% vun de Patienten ee perséinleche Logement virweisen. Alleguerten hu se an der Aarmut gelieft.

„Den Zougang zur Impfung ass een individuellt Gesondheetsrecht, wat fir jiddweree gläich sollt sinn. D’Impfung ass och eng kollektiv Responsabilitéit vun der ëffentlecher Gesondheet. . Aus dem Grond ënnersträiche mir, d’Dokteren déi sech ëm des Saach këmmeren, d’Wichtegkeet vun der Campagne“, ergänzt den Dr. Wagener.

D’Aktioun gëtt eleng duerch Spende finanzéiert. Fir eng Persoun ze impfe ginn 13 € duer. Wien spende well kann op folgende Konto iwwerweisen:
IBAN LU75 0020 0100 0005 0700

Ähnlech Sujeten Clochard, Doktere vun der Welt, Grippeimpfung, Impfung, Medezin, Obdachlos, Spenden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel