Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: Vill Informatioune wéineg Äntwerten…
Neiegkeeten

Coronavirus: Vill Informatioune wéineg Äntwerten…

Um Sonndegnomëtteg huet et nees eng virtuell Pressekonferenz ginn, an

Sträit ëm Äerdgasvirkommen an der Ägäis
Neiegkeeten

Sträit ëm Äerdgasvirkommen an der Ägäis

De Recep Tayyip Erdogan bleift sech am Sträit ëm d‘Äerdgasvirkommen

Keng Energie méi? Mir hätten do eppes…
Neiegkeeten

Keng Energie méi? Mir hätten do eppes…

Et ass Weekend, an dir hat ze vill Stress? Hei

Campagne fir d‘Sozialwahlen 2019: „A lass et geet!“

Campagne fir d‘Sozialwahlen 2019: „A lass et geet!“

2019 ass op e neits e Wahljoer. Sozialwahlen an Europawahlen, datt ass et wat vill vun eis an de nächste Wochen dierft beschäftegen. Am Kontext vun de Sozialwahlen, ass den OGBL deen dëse, fir d‘Salariat esou wichtege Wahlkampf erëffent.

Fir déi éischt Pressekonferenz zu de Sozialwahlen, huet d‘Véronique Eischen vun der OGBL Exekutiv emol déi grouss Linne skizzéiert, an informéiert, datt bannent dem OGBL op eng gréisser Zesummenaarbecht vun de Secteuren: Assurancen & Banken an Energie & Servicer gesat gëtt. Dat well sech bei béide Secteure villes iwwerschneit, d‘Ufuerderungen sech awer gläich sinn.

Zil wier et zudeem, eng thematesch Campagne ze féieren, an si hätten sech därer ganzer zéng ausgewielt. Themen déi, esou d‘Véronique Eischen wuel op e Béierdeckel passen, mee mat héijem digitalen Opwand „in extenso“ op der Internetsäit vun der Campagne, mee och an de soziale Medien an der déift behandelt ginn. Virgestallt goufen e Méindeg sechs vun dësen Themen.

Esou beispillsweis d‘Digitaliséierung. E Sujet dee grad am Finanzsecteur fir vill „Changement“ suergt. Wéi a villen anere Beräicher och, geet een och am Bankesecteur vum „feste Büro“ ewech, Homeoffice ass keen Tabuthema, grad ewéi „flexibiliséiert“ Aarbechtszäiten. Richteg wier och, datt d‘Digitaliséierung Aarbechtsplazen iwwerflësseg mécht, dofir neier schaaft.

Wichteg wier et hei, wann een d‘Leit an Aarbecht behale wëll, hinnen déi Weiderbildung ze erméiglechen, mat där si sech den neien Erausfuerderunge stelle kënnen. Mataarbechter mussen d‘Chance kréien sech innerhalb vun der Entreprise nei ze orientéieren.

Hänk an, schalt aus…

Och en Thema deen zur Digitaliséierung passt: „Deconnectioun“. Hei seet den OGBL, datt wann ee sech doriwwer eens ass, datt Aarbecht a Famill musse matenaner harmoniséieren, da misst ee sech och doranner eens sinn, datt de Salarié no Feierowend och den „digitale Büro“ zou ka maachen. Fir sécherzestellen, datt all Salarié dëst Recht kritt, misst een d‘Aarbechtsrecht entspriechen änneren.

Sozialwahlen

D‘Michelle Cloos mécht däitlech, datt déi Beschäftegt aus dem „Secteur PSF“ och gären e Kollektivvertrag hätten. E Wonsch deen ee gäre wéilt erfëllen, wann ee da wéist mat wiem dësen ausgehandelt muss ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Eppes wat dem OGBL opgefall ass, an mëttlerweil zur Reegel ze gi schéngt: den zäitbegrenzten Aarbechtsvertrag (CDD). Enorm vill Beruffsufänger gesinn sech esou Aarbechtsverträg ausgesat, wat hinnen natierlech wéineg Zukunftsperspektive bitt, a se scho bal zwéngt, weider bei den Eltere wunnen ze bleiwen. Op a wéi den OGBL dëse Problem geléist ka kréien, ass net gewosst.

Wat de Grond betrëfft de Finanz- a Servicesecteur zesummenzeleeën, erkläert d‘Michelle Cloos, datt déi professionell aus dem Finanzsecteur (PSF) e Sonner-Statut hunn. Een Deel schafft am Finanzsecteur, en aneren am Servicesecteur beschäftegt, a fir béid gëtt et e Kollektivvertrag. Fir déi beschäftegt ënnert dem Statut PSF gëtt et awer kee Kollektivvertrag. Dat muss geännert ginn.

Den OGBL huet sech zudeem virgeholl, d‘Themen aus dem Wahlkampf méi attraktiv ze gestalten, an d‘Salariée ze sensibiliséieren. Si sollte wëssen, datt hir (berufflech) Zukunft eng domatter verknäppt ass, datt et eng staark Personalvertriedung gëtt. Nieft de „Newsletteren“ gëtt et op der Internetsäit www.secteurfinancier2019.lu et heizou vill Interessantes. Kuckt einfach selwer…

Foto: Si schwätze mat enger Stëmm, d‘Vertrieder vum Finanz- a Servicesecteur vum OGBL. Et soll dann och zu engem thematesch orientéierte Wahlkampf fir d‘Sozialwahlen 2019 kommen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Finanzsecteur, Michelle Cloos, OGBL, Serge Schimoff, Servicesecteur, Sozialwahlen 2019, Veronique Eischen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel