Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei fir d’Rentrée 19/20: De BTS „Assistant médico-administratif“
Neiegkeeten

Nei fir d’Rentrée 19/20: De BTS „Assistant médico-administratif“

De Maacher Lycée wäert bei der kommender Rentrée 2019-2020 mam

Éischt konstruktiv Léisungsusätz
Neiegkeeten

Éischt konstruktiv Léisungsusätz

Op dësem Freideg huet am Schlass zu Senneng op Drock

Leider keng Seelenheet: Véier Schof vun Hënn gerass
Neiegkeeten

Leider keng Seelenheet: Véier Schof vun Hënn gerass

Gëschter huet ee Bauer traureg misse feststellen, datt op senger

EU-Kommissäre besichen de Campus Belval

EU-Kommissäre besichen de Campus Belval

Wéi d‘Universitéit um Freideg an engem Communiqué matgedeelt huet, ware leschte Méindeg d‘EU-Kommissären Nicolas Schmit (Aarbecht a Sozialrecht) an Thierry Breton (Bannemaart) mat Experte vun der EU-Kommissioun a Vertrieder vun der Representatioun zu Lëtzebuerg op Besuch um Campus zu Belval.

Bei dëser Geleeënheet huet de Rektor vun der Uni, de Prof. Stéphane Pallage, déi „strategesch Visioun“ vun der Universitéit am Kontext vun der Groussregioun, wéi och op internationalem Niveau virgestallt. Et gouf e Bilan gezunn an et ass dobäi och ëm déi interdisziplinär Ziler gaangen, bezunn op den Enseignement an d‘Fuerschung. Och d‘Synergie mat Wirtschaftsacteure goufe bei dëser Informatiounssëtzung erwähnt.

Am Juni konnt sech d‘Uni-Lëtzebuerg am Palmarès 2020 vun de jonken Universitéite vum „Times Higher Education“ op déi 12. Plaz setzen. Hei goufe 414 Universitéiten uechtert d‘Welt evaluéiert, firwat déi 12. Plaz esou schlecht net ass. De Rektor huet senge Gäscht och déi grouss a wichteg Roll vun der Uni-Lëtzebuerg am Kontext vun der sanitärer Kris erläutert, esou wéi den Impakt dee seng Institutioun op d‘Gesellschaft huet.

De Prof. Yves le Traon, Chef-Adjoint fir den Zentrum fir Sécherheet, Zouverlässegkeet a Vertrauen (SnT) an den Sivakumar Bactavatchalou, dee vir de Programme „Entreprenariat“ am Inkubator vun der Uni-Lëtzebuerg verantwortlech ass, hunn d‘Interdisziplinaritéit, déi industriell Partenariater (Privat an Ëffentlech) erkläert. Et ass dobäi och ëm d‘Formatioun an déi international Kooperatioun am internationale Kontext vum Entreprenariat gaangen.

Rieds gaangen ass och iwwert d‘Aktivitéite vum „Direkten Europäeschen Informationszenter“ (EDIC). Deen ass d‘Resultat vun engem kompetitive Projet vun der EU-Kommissioun a gëtt vum „Lëtzebuerger Zentrum fir Zäitgenëssesch an digital Geschicht (C²DH) pilotéiert an vum Dr. Elena Danescu koordinéiert. Zu dären Aarbechte gehéiert notamment eng Publikatioun zum 70. Joresdag vun der Deklaratioun vum Robert Schuman.

Foto: Och beim Besuch vum Nicloas Schmit an dem Thierry Breton ass den Sécherheetsofstand op der Uni-Lëtzebuerg stramm agehale ginn. Beim Tour iwwert de Campus war Maskeflicht uegsot. © Alborz Teymoorzadeh

Ähnlech Sujeten Nicolas Schmit, Private Public Partnership, Thierry Breton, Uni-Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel