Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir eng liberal-ekologesch an erkläert pro-europäesch Slowakei
Neiegkeeten

Fir eng liberal-ekologesch an erkläert pro-europäesch Slowakei

Si hunn sech bis zur leschter Sekonn engagéiert, en ambitiéisen

Zu de gratis Schoulbicher vun app.mybooks.lu
Neiegkeeten

Zu de gratis Schoulbicher vun app.mybooks.lu

Säit der Rentrée 2018/2019 sinn déi obligatoresch Schoulbicher fir d’Schüler

money
Index vun de Konsumpräisser
Neiegkeeten

Index vun de Konsumpräisser

Déi Lëtzebuerger Legislatur gesäit vir, datt all Joers d‘Gewiichtung vun

Canberra wëll wësse, wéi eng Chômeuren Drogen huelen

Canberra wëll wësse, wéi eng Chômeuren Drogen huelen

D‘Regierung vun Australien huet dësen Donneschdeg matgedeelt bei de Chômeuren en Drogentest wëllen duerchzeféieren, fir se dervunner ofzehalen hir Allocatioune an Narkotikae ze stiechen. An enger éischter Phase sollen Leit déi eréischt kierzlech hir Aarbecht verluer hunn dësen Test musse maachen. Begrënnt gëtt des Mesure vun den Autoritéite mam Kampf géint de Gebrauch vun Drogen an d‘Käschten solle vun der Protection Sociale gedroe ginn.

Hei handelt et sech ëm ee Pilotprojet deen sech fir den Ufank op fënnef dausend Leit begrenzt a wann dat net funktionéiert, da stoppe mer et a wann et de Leit hëlleft maache mer weider. Et wier domm et net ze maachen“, sot de Finanzminister Scott Morrison. Chômeuren déi Allocatioune kréien an därer hiren Test positiv géif ausfalen, sollten dann eng „carte de débit“ kréien mat där et net méiglech ass Geld opzehiewen, mee just liewesnoutwenneg Produkter, wéi Liewensmëttel an de Loyer ze bezuelen. Wien zwee mol duerch den Test fällt, muss bei en Dokter fir ee Bilan erstellen ze loossen an Behandelt ze ginn.

Mat dësem Projet, deen gekoppelt ass un eng Baisse vun den Allocatioune fir all déi wou de Rendez-vous vun engem Entretien net anhalen, wëll d‘Regierung iwwer 600 Milliounen australesch Dollar op véier Joer aspueren. Den Test soll sech op dräi Site, erausgesicht op der Basis vun der Etude iwwer d‘Ofwaasser, baséieren. Hei muss da gewosst sinn, datt de nationalen Drogeniwwerwachungsprogramm am Ofwaasser festgestallt soll hunn, datt et ee héijen Taux vu Metamphetaminegebrauch uechter d‘Land gëtt.

Dem Minister vun der Protection Sociale, Christian Porter geet et da besonnesch dorëms de Chômeuren besser Chancen ze bidden eng nei Schaff ze fannen. „Dëse Versuch bei de fënnef dausend Leit ziilt eenzeg dorobber déi Concernéiert ze ermëttelen an hinnen ze hëllefen, esou wéi och de Comportement ze veränneren“ huet hien deklaréiert. „Mir vertrieden d‘Usiicht dat dëse System et erlaabt, datt Leit an engem kritesche Moment vun hirem Liewen, wann se also eng Schaff sichen, begleet musse gi fir déi beschte Chancen ze hunn an ëmzesetzen.

Bei den Organisatioune déi sech mat der Verteidegung vun der Protection Sociale ausernee setzen kënnt dat awer elo net esou gutt un. Si kritiséieren de Projet vehement. „Hei gi grad déi Leit déi vun den Allocatiounen ofhängeg sinn verdäiwelt. Dat sinn och déi, wou de niddregste Revenu am Land hunn.“ sot d‘Direktesch vum australesche Conseil vun de sozial Déngschter, Cassandra Goldie. „Alt nees een haarde Schlag fir d‘sozial Sécherheet. D‘Regelen ze befollegen ass esou schonn schwéier genuch.“ huet si wieder betount.

Ze bedenken ass dann och dat de Chômagetaux an Australien därzäit bei 5,9% läit, dat sinn ronn 753.000 Persoune déi ouni Schaff sinn. Ee groussen Undeel un dësen Zuelen ass dem Fait geschëlt, datt ëmmer méi Konzerner hir Produktioun a Länner mat Niddregléin verlageren.

Ähnlech Sujeten Australien, Drogen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel