Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eemaischen: D‘Péckvillercher hunn och an der Haaptstad gepaff
International Money Neiegkeeten

Eemaischen: D‘Péckvillercher hunn och an der Haaptstad gepaff

An de Gässele vun der Uewerstad war op Ouschterméindeg zolidd

Fräiheet fir d’Stad Lëtzebuerg: 75. Joer ass et hir
International Money Neiegkeeten

Fräiheet fir d’Stad Lëtzebuerg: 75. Joer ass et hir

Um 10. September 1944 ass d’Stad Lëtzebuerg, mat Hëllef vun

D’Fabelen vum Äsop – E Buch mat Moral fir Kleng a Grouss
International Money Neiegkeeten

D’Fabelen vum Äsop – E Buch mat Moral fir Kleng a Grouss

D’Fabele vum Äsop vun der Lëtzebuerger Editioun Atelier Kannerbuch loosse pur Begeeschterung opkommen. Si

money

De Cannabis suergt fir Euphorie op der Wall Street

De Cannabis suergt fir Euphorie op der Wall Street

D‘Finanzmakler vun der Wall Street, hu mat vill Freed déi kanadesch Entreprise „Cronos“ um offizielle Marché vum Nasdaq empfaangen. D‘Aktie vu „Cronos“, eng exklusiv am Beräich vum Cannabis aktiv Firma, ass um Mëttwoch ëm 20% am Wäert geklommen.

D‘Aktie vun der Entreprise, déi therapeuteschen a rekreative Cannabis kultivéiert an op véier Kontinenter verdreift, konnt schonn op der Bourse vun Toronto getosch ginn. Zu New York konnt een Undeeler ënnert der Form vun „American Depositary Receipts“ (ADR) kafen.

D‘ADRen si Zertifikater, déi et enger auslännescher Firma erméiglechen an den USA gehandelt ze ginn, ouni sech de schwéiere Reguléierunge vum Land mussen ze ënnerleeën. „Cronos“ kann awer säit dem Dënschdeg seng Aktien op der offizieller Plattform vum Nasdaq ubidden, grad wéi Apple oder Amazon.

Dat bedeit, datt „Cronos“ elo allen Ufuerderunge gerecht gëtt, déi de Gendaarm vun der Finanzbranche, d‘SEC, stellt. Eng Evolutioun déi vum PDG vu „Cronos“, Mike Gorenstein als wichteg Etappe fir d‘Entreprise betruecht gëtt.

„Mir hoffen datt dat et erlabe kann, d‘Valeur vun der Aktie fir d‘Actionnaire laangfristeg interessant ze maachen. Et verbessert d‘Visibilitéit, d‘Flëssegkeet an d‘Attraktivitéit fir institutionell Investisseuren“, esou de Mike Gorenstein an engem um Méindeg verëffentlechte Communiqué.

Big Business…

Beim direkte Start hat d‘Aktie vu „Cronos“ emol 2% verluer, fir um Mëttwoch e Sprong vun 20,34% ze maachen. E Start dee vun den Experte partiell relativiséiert muss ginn, entsprécht de Wäert vun der Aktie dach dem groussen Zousproch deen de Cannabis-Maart weltwäit huet.

Am Dezember 2013 huet Uruguay als éischt Land op der Welt d‘Produktioun, de Verkaf an de Konsum vu Cannabis legaliséiert. An den USA gëtt et trotz dem „Verbuet“ op federalem Niveau, ëmmer méi Staaten déi d‘Kommerzialiséierung vun dësem Kraut begréissen.

Kanada huet dann och beschloss de Cannabis zu rekreativen Zwecker fräi ze ginn (1. Juli 2018). An zudeem gëtt et ëmmer méi Länner, déi zumindest den therapeutesche Cannabis erlaben. Esou soll och den therapeutesche Cannabis fir Lëtzebuerg bei der „Cronos“ kaf ginn.

Den Handel mat Cannabis-Aktie versprécht dann och rentabel ze ginn. Wien an Nordamerika un d‘Potential vum Cannabis gleeft, kann hei och an aner „spezialiséiert“ Entreprisen investéieren. Esou beispillsweis an Aphria, Canopy Growth Crop, oder Aurora Cannabis, deenen hir Aktien op der Bourse zu Toronto gehandelt ginn.

Et kann een natierlech och „Wetten“ op eng Entreprise ofschléissen, déi e Fouss an der Dier vun dësem „neie“ Wirtschaftssecteur hunn. An et hu schonn eng ganz Partie un – als konservativ betruechten – Entreprisen de Cannabis als Investitioun entdeckt.

Als Beispill kann een d‘Entreprise „Constellation Brands“ ernimmen. Si gehéiert zu de gréissten Distributeure vun alkoholeschem Gedrénks. Si schéngen dann awer och de Wäert vum Cannabis erkannt ze hunn, an esou zimlech vill Geld an „Canopy Growth“ gestach.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Aktien, Cannabis, Wall Street
Nächsten Artikel Virrechten Artikel