Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Thionville 2019: Eng Stad mat Gold geschriwwen
https://moien.lu/jaebum-dating-2017/ dating pulsar watches

uk singles dating sites free

Gëschter Owend hat d’Stad Thionville an de Puzzle geruff, fir

https://moien.lu/how-stuff-works-radiocarbon-dating/
https://moien.lu/jaebum-dating-2017/ dating pulsar watches

125 Joer Luxlait: De Romain Schneider zu Besuch um Rouscht!

Gëschter huet den Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau an

E Sonndeg wielen d‘Polen en neit Parlament
https://moien.lu/jaebum-dating-2017/ dating pulsar watches

E Sonndeg wielen d‘Polen en neit Parlament

Fir Muer sinn d‘Polen opgeruff sech en neit Parlament ze

Cannabis: Franséisch Assemblée stëmmt d‘Schafung vun enger „Forfait-Amende“

Cannabis: Franséisch Assemblée stëmmt d‘Schafung vun enger „Forfait-Amende“

E Freideg an der Nuecht, huet déi franséisch national Assemblée d‘Schafung vun enger Forfait-Amende gestëmmt. De Betrag beleeft sech hei op 200 Euro, a soll derzou bäidroen, den illegale Konsum vun Droge besser ze sanktionéieren. Bis ewell ass den „Delikt“ nëmme mat enger hefteger Geldstrof plus Prisong sanktionéiert ginn, wann et iwwerhaapt zu engem Uerteel komm ass.

De Gesetzartikel ass vun den Deputéierten, mat 28 géint 14 Stëmmen, beim Examen an der éischter Lecture vum Justiz-Reformprojet ugeholl ginn. Si wëllen domatter d‘Äntwert op déi konstant Evolutioun vun der Unzuel u Cannabiskonsumente fonnt hunn. Offiziellen Zuelen no, soll et 2017 fënnef Millioune Konsumente ginn hunn, 700.000 dovunner, géifen all Dag konsuméieren.

Fir d‘Justizministerin, Nicole Belloubet, ass et eng Mesure, déi sech aus de Resultater erginn huet, déi bei enger parlamentarescher Informatiounsmissioun iwwert de Cannabis, erauskomm sinn. Un dëser Missioun war notamment den Eric Pouillat, vun „En Marche“ (LREM) bedeelegt, deen der Usiicht ass, datt d‘Forfait-Amende sech jo och bei anere Forme vu Pretekoller bewäert huet.

D‘Ministesch drop higewisen, datt et der Justiz och weiderhi méiglech ass, d‘Infraktioun virun d‘Strofgeriicht ze bréngen. De repressive Kader, deen 1970 geschafe gouf, gesäit vir, egal ëm wéi eng Drog et sech handelt, de Beschëllegten eng Prisongsstrof (1 Joer) plus Geldbouss (3.750 Euro) erhale kann. Am Kontext vum Cannabiskonsum ass dat awer „wéineg“ ugewannt ginn.

D‘Argumenter vun de Oppositioun

Eng Rei lénk Deputéiert, hunn drop higewisen, datt keng Sanitär-Äntwert mat dëser Mesure ginn ass. Mee d‘Ministesch verdeedegt den Text an mengt, datt „d‘Amende keen Afloss op déi ëffentlech Gesondheet“ mat sech bréngt. Aus dësem Grond, huet de Pierre Dharréville (PCF), en Amendement ënnerstëtzt, deen den Artikel wollt ofschafen. Hei géife benodeelegt Jonker cibléiert ginn.

„Et ass net dësen Typ vun Dispositiounen, deen derzou bäidréit, datt se sanitären Zoustand besser gëtt“, werft den David Habib (PS) op, an denoncéiert den ongläiche Charakter vun der Mesure. An den Ugo Bernalicis (LFI) freet: „Ass et esou wéi mir de Problem Léisen? Wann dir eppes géint den Trafic an d‘Trafikante wëllt ënnerhuelen, muss der legaliséieren“. Do ass d‘Ministesch net mat…

D‘Marine Le Pen (RN) huet hirersäits festgestallt, datt mat dësem „Dispositif“ d‘Regierung quasi de Konsum legaliséiert huet. Déi kleng Zomm déi bei engem Protokoll ufält, géif keen ofschrecken.

Initial sollt d‘Forfait-Amende op 300 Euro festgeluecht ginn. Et ass an der Kommissioun entscheet ginn, dëse Montant op 200 Euro erofzesetzen, fir dem Risk aus de Féiss ze goen, et mat Leit ze dinn ze kréien, déi insolvabel wieren. Polizisten, Magistraten an Associatiounen, sinn iwwerzeegt, datt och dës repressiv Moossnam zum scheitere veruerteelt ass. Firwat dat ganzt dann elo?

Am Gesetzartikel, gëtt nieft dem illegale Konsum vu Cannabis, och de Verkaf oder d‘Offer vun Alkohol u Mannerjäreger, an d‘iwwerschreide vun de Fuerzäiten am Stroossentransport, mat dëser Forfait-Amende, behandelt. An der Kommissioun waren nach weider „kleng Strofdoten“ ernimmt ginn, an d‘Ministesch huet sech engagéiert, déi dem Reglement no an den Text anzebréngen.

E noutwennege Kommentar

Weder de Verbuet, nach déi sëlleche repressiv Moossnamen, déi ëmmer nees nei „erfonnt“ goufen, hu jeemools derzou bäigedroen, datt de Cannabiskonsum zréckgaange wier. Eigentlech an nodeems erwise ginn ass, datt d‘Prohibitioun ëmmer, eenzeg an eleng, déi „béis Jongen“ räich gemaach huet, sollt een dierfen unhuelen, datt dës dach wierklech gutt gebilte Politiker, mee drop hätten.

Et schéngt dann awer éischter esou ze sinn, datt, wéi an dësem Fall a nëmme bezunn op de Konsum vu Cannabis, d‘Politik mat um „illegale Business“ verdénge wëll. Bei 5 Millioune „Kiffer“ stinn d‘Chance gutt, datt „all Dag“ richteg Geld an d‘Staatskeess fléisse kéint. D‘Justizministesch huet sech wuel geduecht, léiwer jidderengem 200 Euro ofknäppen, wéi ni 3.750 Euro kasséieren.

De Passage am Gesetzartikel, an de Montant si keng Ofschreckung am eigentleche Sënn, a kënnt den „Dealer“ entgéint, well de Konsument eigentlech en „kalkuléierbare“ Risk ageet. An och deen „Dommsten“ gëtt net all Dag erwëscht. Mat dëser Forfait-Amende bedeelegt sech de franséische Staat un den Aktivitéite vun de kriminelle Banden, well et jo net si sinn, déi hei „bestrooft“ ginn.

A wann et dann tatsächlech nëmmen ëm de Goss geet, hätten eis franséisch Noperen eventuell bei de Kanadier emol sollten nofroen, wat e Staat duerch d‘Legaliséierung kann iwwer Steieren eranhuelen. Net ze vergiessen, datt de Secteur ganz legal Aarbechtsplaze schaaft. Also Leit déi duerch hir Aarbecht och Steiere bezuelen an hir Sozialbeiträg bezuelen. Eng Win-Win Situatioun.

Op där aner Säit, mussen sech d‘Brigangen, d‘Dealer an d‘Schmuggler en neit Betätegungsfeld sichen. Si ginn dann net méi gebraucht. Zudeem geet de Produit u sech méi „sécher“, an et kann een, wann eppes net gutt ass, ganz offiziell reklaméieren. A well dat Kraut esou gutt wéi op alles ugebaut ka ginn, wier eng lokal Produktioun och nach „Ëmweltfrëndlech“ an „Nohalteg“.

Foto: Et gëtt genuch Modeller, un deenen ee sech orientéiere kann, wann een de Konsum vum rekreative Cannabis wëll legaliséieren. Konsumente mat Prisong oder Geldstrofe vum „Genoss“ ofhalen ze wëllen, datt ass erwisen, huet net geklappt. An engem legale Geschäft, wéi engem „Coffeshop“, besteet zudeem kaum Gefor datt ee beduckst gëtt oder „dreckeg“ Wuer kritt.

Ähnlech Sujeten Cannabis, Frankräich, Justiz, Nicole Belloubet, Repressioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel