Zu Berlin gëtt d‘Palaisrevolutioun verhënnert
Si huet sech un der Muecht geklammert, de „Messagen“ déi
Si huet sech un der Muecht geklammert, de „Messagen“ déi
Obwuel direkt hannert der Grenz – wéi eigentlech a granz Frankräich – däitlech méi gekifft gëtt, an och d‘Fransouse mat hire repressive Gesetzer näischt anescht erreecht hunn, wéi eng kriminell Parallelgesellschaft opzebauen an zu vill Geld ze verhëllefen, wëllen si elo Lëtzebuerg erklären, datt d‘Legaliséierung vum rekreative Cannabis, de falsche Wee ass.
Dobäi steet sech Loutrengen – statistesch gesinn – a punkto Kiffe ganz gutt. Mat engem vun dräi jugendlechen, déi Cannabis oder Haschisch konsuméieren, leien se eppes ënnert dem nationalen Duerchschnëtt. D‘Fransouse féieren dann och ëmmer nees un, datt d‘Proximitéit zu Holland den Accès zur Droge schonn erliichtert, an si befierchte mussen, datt wann de Verkaf an de Konsum vu rekreativem Cannabis zu Lëtzebuerg legaliséiert gëtt, et zum Drogentourismus wäert ausaarten.
Si hunn dann och wéineg Versteesdemech dofir, datt d‘Legaliséierung vum rekreative Cannabis am Regierungsprogramm steet. Et géif ee wuel net vun engem massiven Impakt ausgoen (wat och verwonnerlech wier ugesiichts de bestoende „Reseauen“ a Loutrengen), mee et géif op der Hand leien, datt sech déi franséisch Konsumenten och zu Lëtzebuerg wäerten andecken. D‘Land géif also net méi nëmme wéinst bëllegem Sprit an Tubak, eng attraktiv Destinatioun.
Vill Gejäiz vun engem Land dat politesch net wierklech op der Héicht ass – op giel Gileten oder Atomkraaft – a selwer, mat engem Gesetz dat eng Forfait-Amende an héicht vun 300 Euro festleet, weess, dat géint d‘Kiffen „kee Kraut gewuess ass“. Interessant: et sinn d‘Polizisten am Frankräich déi jéimeren. Et wier immens beonrouegend wat bei eis géif oflafen, soen déi Beamten, déi sech gläichzäiteg bei hirer Direktioun beschwéieren, datt si den Drogekonsum net an de Grëff kréien.
Dobäi gëtt et och a Loutrengen Leit déi zanter Jore vir eng Legaliséierung vum rekreative Cannabis antrieden. Hiert Argument: et géif derzou bäidroen, datt den Trafic ophält an sech d‘Konsumenten net méi iergendwelleche Risiken aussetzen. An tatsächlech, huet ënnert den aktuelle gesetzleche Konditioune, an éischter Linn de sanitäre Risk ze droen. Schonn dowéinst ass de Verbuet topeg a geféierlech. Ganz ofgesinn dovunner, datt jo awer kee Joint manner gefëmmt gëtt…