Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
JPMorgan Chase: De Bitcoin ass eng Farce
describe yourself for a dating site

opinion essay online dating

De Generaldirekter vun der Bank „JPMorgan Chase“ Jamie Dimon huet

https://moien.lu/my-cousins-are-dating/
describe yourself for a dating site

D’ULC zum VW-Dieselskandal: d’Rechter vun de Konsumenten net vergiessen!

Beim Oberlandesgeriicht zu Braunschweig huet ee Mammutprozess géint Volkswagen ugefaangen.

Déi gréng – Null Offall Stad Lëtzebuerg: elo!
describe yourself for a dating site

Déi gréng – Null Offall Stad Lëtzebuerg: elo!

Déi gréng sinn der Opfaassung, datt d’Stad Lëtzebuerg – trotz

Cannabis: Kanadesch Konsumenteschützer erdeele Lëtzebuerg Rotschléi

Mir sollen net déiselwecht Feeler maachen!

Cannabis: Kanadesch Konsumenteschützer erdeele Lëtzebuerg Rotschléi

Si si „jonk“ an entsprieche Visuell dem Cliché vun nordamerikanesche Lobbyisten, mee stellen sech als Konsumenteschützer vir. Rieds ass vum Yaël Ossowski an dem David Clement, zwee Kanadier vun der ONG „Consumer Choice Center“. D‘ONG gouf am Februar 2017 vu Studenten (Students for Liberty) gläichzäiteg zu Ontario (Kanada) a Bréissel (Belsch) lancéiert.

Zu Lëtzebuerg gëtt „Students for Liberty“ vum Bill Wirtz representéiert. Hien huet quasi d‘Opsiicht an këmmert sech ëm de Volet „Public Relations“. Esou sollen sech den Yaël Ossowski an den David Clement mat Politiker treffen, fir dësen am Kontext vun der ugestriefter Legaliséierung vum rekreative Cannabis, e puer gutt gemengte Rotschléi mat op de Wee ze ginn.

Béid Hären, déi sech gëschter der Press virgestallt hunn, betounen nëmme bescht Absichten ze hunn an politesch Decideure virun de kanadesche Feeler ze warnen. Esou erënnert den David Clement un d‘Ziler, déi mat der Legaliséierung a Kanada verfollegt goufen. Esou d‘Absicht de Schwaarzmaart ze zerstéieren. Éierbar Ziler, déi awer entspriechend Moossname verlaangen.

Präisgestaltung a Konsumfräiheet

Laut de Konsumenteschützer wäert et der kanadescher Regierung net geléngen dem Schwaarzmaart e Reedel virzeleeën. Schold dorunner wieren d‘Präisser an déi domatter verbonne Steieren. Bei kumuléierten 30% Steieren (a Kalifornien sinn et maximal 15%) hunn déi illegal Händler ëmmer dee „bessere“ Präis, an kënnen sech trotz dem Risk um Maart behaapten.

En interessanten Usaz hu béid „Aktivisten“ (si nennen sech selwer esou) zum eigentleche Konsum gebueden. Wa gewosst ass, datt och do an den USA wou de rekreative Cannabis legaliséiert ginn ass, et weiderhi verbueden ass säin „Joint“ an der Ëffentlechkeet ze dämpen, esou bréngt datt och Problemer mat sech. Hei wiere „Coffeeshops“ ze empfeelen.

Si sinn nämlech der Iwwerzeegung, datt wann een de Konsum fräigëtt, dësen och sollt dierfen am ëffentleche Raum stattfannen (Zanter Jore gëtt op der Kinnekswiss gekifft, an dat wäert sech och mat der Legaliséierung net änneren. Nv.d.R.) a gläichzäiteg sollt et Etablissementer ginn, an deene konsuméiert ka ginn. D‘Offer sollt also méiglechst komplett sinn.

Marketing zouloossen

Den David Clement huet e ganz valabelt Argument, wat d‘Ariichte vu Coffeeshops betrëfft. Net nëmmen datt ee sech an engem (relativ) geschützten Ëmfeld säi kraut kann eranzéien, et ass och eppes méi einfach den Alter vun de Konsumenten ze ermëttelen. Schliisslech soll d‘Jugend dee selwechte Schutz beim Cannabis hunn, wéi dat bei Alkohol an Tubak de Fall ass.

Et soll den autoriséierten „Dealer“ dann och erlaabt gi Marketing-Mesuren ze ergräifen, fir hir Produkter un de Mannn, respektiv d‘Fra ze bréngen. Zudeem sollt een Ofstand vun den „neutrale“ Verpackungen huelen, déi den „Illegalen“ nach eppes méi einfach maachen hir Wuer an de Kreeslaf anzespeisen. Et geet schliisslech och ëm den Inhalt.

Wat de Verkaf un „Touriste“ betrëfft, besonnesch gemooss un der gréisst vu Lëtzebuerg, esou hunn den Yaël Ossowski an den David Clement och do eng däitlech Meenung. Natierlech muss och den Auslänner – ganz egal op Frontalier oder vu méi wäit ewech – dee gläichen Zougang zum Cannabis hu wéi de Resident. Oder et stäerkt een de Schwaarzmaart…

Zukunftsperspektiv Hanfgäertner?

Déi zwee Häre vu CCC hunn och en Avis zur Produktioun vun dësem lëschtege Kraut. Hei wier et kontraproduktiv ze streng Regelen opzesetzen. Et misst zudeem séchergestallt ginn, datt déi wou et dierfen uplanzen, och déi noutwenneg Kapassitéiten dierfen notzen, also iwwert genuch Raum zur Opzuucht vum Cannabis verfügen. Soss kann dat séier an d‘Box goen.

Am Kontext vun der Legaliséierung vum Cannabis a Kanada, koum et stënterlech zum Ausverkaf, a wien sech net gedëllege wollt huet natierlech och nees säi Gléck um Schwaarzmaart gesicht. Elo ass Lëtzebuerg net Kanada, mee et sollt ee sech duerchaus dierfe virstellen, datt eréischt mat der Legaliséierung vum Cannabiskonsum, déi reell Nofro kann ermëttelt ginn.

De Yaël Ossowski an de David Clement empfeelen dofir den autoriséierten Dealer d‘Méiglechkeet anzeraumen, bei Enkpäss op Fournisseuren aus anere Länner (déi de Konsum och fräi ginn hunn) dierfen zréckzegräifen. Zudeem misst eng eescht gemengte Legaliséierung op enger favorabeler Maartsituatioun opgebaut sinn, wou de Konsument geschützt ass an déi fräi wiel huet.

Foto: Maggs /Pixabay

Ähnlech Sujeten Bill Wirtz, Cannabis, Consumer Choice Center, David Clement, Kanada, Legaliséierung, Yaël Ossowski
Nächsten Artikel Virrechten Artikel