Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

6 Saachen, déi s de net iwwert den Hugh Hefner wousst
Neiegkeeten

6 Saachen, déi s de net iwwert den Hugh Hefner wousst

Haut ass de Grënner vum Playboy, den Hugh Hefner, am

Dinner-Konferenz am Zeeche vun de Rousen
Neiegkeeten

Dinner-Konferenz am Zeeche vun de Rousen

Den 11. Februar 2019 kann een ganz an d’Thematik vun

Multimodalitéit fir jiddereen
Neiegkeeten

Multimodalitéit fir jiddereen

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, hunn d‘CFL, d‘Stad Lëtzebuerg,

Cannabis: Legal eng Kiffen?

Dat ass nach net fir Muer

Cannabis: Legal eng Kiffen?

Et ass net well am Koalitiounsaccord vun DP, déi gréng an LSAP festgehale ginn ass, datt de Cannabis zu rekreativen Zwecker legaliséiert soll ginn, datt dat scho Muer de Fall ka sinn.

Mee de Sujet ass „gliddeg“, an wéi et ze erwaarde war, sinn d‘Leit nawell zimlech ongedëlleg, a kënnen et kaum erwaarden datt, den éischte „Coffee-Shop“ seng Dieren opmécht. Dat kann een, nodeems jo déi „Legaliséierung“ relativ groussspuereg ugekënnegt ginn ass, verstoen, firwat den Etienne Schneider (LSAP) mat senger Kapp als Gesondheetsminister, hei eppes kloer stelle muss.

Zum engen dauert et ëmmer eppes bis esou e Gesetz – jo de Cannabis zu rekreativen Zwecker fräiginn, datt geet net mat engem groussherzogleche Reglement – ausgeschafft, an der Chamber deponéiert a gestëmmt ass. Dofir gesäit de Minister éischter eng „Legaliséierung an Etappen“. Esou soll emol fir unzefänken, de Konsum „depenaliséiert ginn“, spréch et bleift weiderhin illegal.

Hunn se eis awer an der Campagne esou net erzielt…

An dat dierft de Fuerderungen no enger Legaliséierung en Dämpfer verpassen, well dee wichtegste Volet vun esou enger Moossnam, déi kriminell Reseauen auszeschalten, an eng gewësse sanitär Sécherheet fir de Konsument, bleiwen ausgeschloss. Et schéngt also nees gefréckelt ze ginn, wéi datt hei Neel mat Käpp gemaach géifen. Phaseweis hei virzegoen, héiert sech no Gepléischters un.

Dat léisst den Etienne Schneider esou net gëllen. Et wier grad, well ee mam Dossier wëll viru kommen, datt ee sech fir eng Depenaliséierung als „éischte Schratt“ entscheet hätt. Duerno muss da gekuckt ginn, wéi een de ganze System, deen et bei enger Legaliséierung brauch, op d‘Been stellt. De Cannabis ze legaliséieren, geet net ouni Konditiounen, an dat sollt engem aliichten.

Interessant och, datt de Gesondheetsminister sech op de kanadesche System bezitt, an zumindest déi Elementer, déi och zu Lëtzebuerg ëmgesat kënne ginn, méi genee ënnert d‘Lupp huele wëll. Dozou gehéiert och eng national Cannabis-Produktioun, déi entspriechend encadréiert muss ginn. Et ass dat eng gutt Entscheedung, also Kanada als Referenz ze huelen, si hunn déi neisten Erkenntnisser.

Ähnlech Sujeten Cannabis, Depenalisatioun, Etienne Schneider, Gesondheetsminister, Legaliséierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel