Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’CSV iwwerhëlt ADR-Fuerderung vum Verfassungsreferendum mat Detailfroen
Neiegkeeten

D’CSV iwwerhëlt ADR-Fuerderung vum Verfassungsreferendum mat Detailfroen

Dat wichtegst Gesetz vun engem Land ass d’Verfassung, och Grondgesetz

Le Salon des Douceurs: Wann d’Luxexpo eis glëschtereg mécht
Neiegkeeten

Le Salon des Douceurs: Wann d’Luxexpo eis glëschtereg mécht

Fir eng alleréischt Kéier setzt dëse Salon de Schockela, d’Patisserie

natur&ëmwelt: D’Naturschutzaktivitéite vum Januar 2020
Neiegkeeten

natur&ëmwelt: D’Naturschutzaktivitéite vum Januar 2020

Zu den Haaptaktivitéite vun natur&ëmwelt gehéiert de Schutz vun ekologesch

Cannabis: Nopere wéinst zukünfteger Legaliséierung besuergt

Gesondheetsminister huet politescht Versteesdemech a berouegt déi besuergte Volleksvertrieder

Cannabis: Nopere wéinst zukünfteger Legaliséierung besuergt

Datt zu Lëtzebuerg, bannent de nächsten zwee Joer de Cannabiskonsum zu rekreativen Zwecker wäert legal sinn, dorunner bestinn ëmmer manner Zweiwel. Eng Moossnam déi mëttlerweil an ëmmer méi Länner geholl ginn ass. U sech logesch: d‘Prohibitioun vum Cannabis huet wuel vill méi laang gehale wéi déi vum Alkohol an vill méi „Krimineller“ geschafen, mee och ouni Erfolleg.

Et kann ee mat rouegem Gewësse behaapten, datt et mam Cannabis wéi mat alle Gesetzer ass un déi einfach keng Sau hale wëll, et ass fir d‘Kaz. An de Gesondheetsminister Etienne Schneider, deem een elo net ënnerstelle kann e Frënd vu Brigangen oder soss onéierleche Gesellen ze sinn, huet et zesumme mat senger Koalitiounspartner richteg erkannt, firwat eng Legaliséierung ugestrieft gëtt.

„Dir kënnt esouvill verbidde wéi dir wëllt. Wann déi Wuer – hei de Cannabis – iwwerall verkaf an ugebuede gëtt, de Schwaarzmaart sech gutt entwéckelt, spéitstens da muss ee sech selwer a Fro stellen an iwwert d‘Sënnhaftegkeet vum Verbuet nodenken. Dat hu mir gemaach an elo entscheet d‘Produktioun, d‘Distributioun an de Verkaf mat engem legale Kader ze versinn“, esou de Minister.

An de gudde Mann huet net nëmme Recht, mee als Gesondheetsminister jo a gewësser Mooss den Optrag uecht ze doen, datt de Leit kee „Gëft“ verkaf gëtt. Sécher, de Konsum vu Cannabis kann ee bei aller Léift net als „Gesond“ bezeechnen, mee eng gewësse Qualitéitskontroll drängt sech engem op. Besonnesch wann et den Etienne ass dee seet: „Wat op der Strooss ugebuede gëtt ass Schäiss!“.

D‘Geforen net ënnerschätzen

Dat trëfft et zimlech genau, an e Recht ze reklaméiere gëtt „am konventionelle Sënn“ net. Do muss een da schonn emol mam Knëppel op den Dësch (oder Dealer) schloen, wat jee nodeem mat wien een et ze dinn huet, elo net beschten Iddi muss sinn. Ass et bis „Legal“ an huet ee sech bei engem offiziellen Dealer säi lëschtegt Kraut besuergt, kann ee ganz normal reklaméieren, wéi et soll sinn.

Et geet sech dann och net un, datt „Jänni a Männi“ iergend ee Knascht op de Maart de bréngt. De Cannabis zu rekreativen Zwecker legaliséieren, datt bedeit net fir de Minister, datt jidderee maache ka wéi hie wëll. Dat ganz muss zolidd – wann och korrekt – encadréiert a Spillregelen erstallt ginn déi vun alle concernéierten Acteuren a Konsumenten anzehale sinn. Sécher keng einfach Aufgab.

Zudeem, an do dierft keen dem Gesondheetsminister widderspriechen, muss d‘Legaliséierung och erzéieresch begleet ginn. Et wier wichteg d‘Konsumenten an d‘Bevëlkerung am Allgemengen op d‘Gefore vum Cannabismëssbrauch opmierksam ze maachen. Dofir geet et Oplagen, an den THC-Gehalt vun den ënnerschiddleche Produite gëtt entspriechen iwwerwaacht, wat jo och Sënn mécht.

Ëmmer déi Fransousen

Interessanterweis sinn et net esou direkt d‘Belsch an Preisen déi sech iwwert d‘Legaliséierung vum Cannabis zu rekreativen Zwecker iergeren, mee d‘Fransousen. Wann ee sécherlech tolerant genuch sollt sinn deenen hie „Suergen“ ze verstoen an och eescht ze huelen, esou ass grad am Loutrengen – zumindest am Beräich Cannabis – dee Schwaarzmaart mat den héchsten „Dividenden“.

Dovunner auszegoen, datt elo ganz Frankräich sech zu Lëtzebuerg mat „Qualitéitsgepréiftem“ Cannabis andecke kënnt, ass esou mat den Hoer erbäigezunn, datt ee scho bal kéint unhuelen, do géifen et där Politiker déi net wësse vu wat hei rieds geet. Et war zu kengem Ament dru geduecht ginn, d‘Vente vu Cannabis un Auslänner ze geneemegen oder ze toleréieren an dat wëssen si och.

Och den Etienne Schneider mécht et nach emol däitlech: „Et geet eis an dësem Kontext net drëms Profit ze maachen. Mir hunn ugekënnegt datt dat Geld, dat mat der Besteierung vum Cannabis ageholl gëtt, engem Fong zur Drogepreventioun zougefouert gëtt. Et muss och kee mengen, datt sech Lëtzebuerg zum Amsterdam vun der Groussregioun soll kënnen entwéckelen“.

Illustratioun vun Envato

Ähnlech Sujeten Cannabis, Etienne Schneider, Gesondheetsministère, rekreative Konsum, Tetrahydrocannabinol
Nächsten Artikel Virrechten Artikel