Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Barcelona: Grouss Erausfuerderung fir den Dylan Pereira
Neiegkeeten

Barcelona: Grouss Erausfuerderung fir den Dylan Pereira

No liichte Startschwieregkeeten an de Porsche Carrera Cup Däitschland um

Bass de prett fir den éischten Trailer zu Avengers: Infinity War?
Neiegkeeten

Bass de prett fir den éischten Trailer zu Avengers: Infinity War?

Ënnert all de Superheldefilmer sinn d’Avengers-Filmer ëmmer nach eppes ganz

Brexit: Et gëtt eng Zäit fir alles, also och fir sech Äddi ze soen…
Neiegkeeten

Brexit: Et gëtt eng Zäit fir alles, also och fir sech Äddi ze soen…

Et weess ee wierklech net méi wou een ufänke soll,

Déi grouss Nofro huet de Pilotprojet vum medezinesche Cannabis méiglech gemaach

Déi grouss Nofro huet de Pilotprojet vum medezinesche Cannabis méiglech gemaach

Wann deen een oder anere vum Premierminister Xavier Bettel senger Ukënnegung, de Cannabis fir medezinesch Zwecker ze legaliséieren, iwwerrascht ginn ass, esou dierf een déi relativiséieren. Dee gëschter vum Gesondheetsministère virgestallte Pilotprojet ass schlicht ze restriktiv.

Datt Cannabis bei Kriibs, multipeller Sklerose, Epilepsie, a chroneschem Kappwéi eng ganz positiv Wierkung huet ass erwisen. D‘Organisatioun Cannamedica, déi sech fir de Cannabis als therapeutescht Mëttel asetzt hält dann och wéineg vu wiedere Pilotprojeten. Hire President Serge Schneider bréngt et dann och op de Punkt: Et géif einfach eng ze grouss Nofro ginn.

Wéi bei allem, kënnt et och beim „therapeutesche“ Cannabis op d‘Wierkstoffer an d‘Dosis un. Dat ass allerdéngs net nei an am grousse ganzen ass d‘Methodik vir de medezineschen Asaz bekannt. Et gëtt also kee gudde Grond sech enger Legaliséierung vum Cannabis zu medezineschen Zwecker entgéint ze stellen.

Pilotprojet

Alles mat der Rou…

D‘Regierung hätt sech also engem bessere beduecht an et sollt ee mengen, datt et besser wäert ginn. Dat ass dann awer d‘Rechnung ouni de Wiert gemaach, well am Gesondheetsministère setzt een nawell gären ee Fouss virun deen aneren. „Alles mat der Rou“ ass dann och de Message vun der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP), déi am Cannabis keen Allheelmëttel gesäit, beschtefalls eng ergänzend Optioun.

Den Asaz vu Cannabis ass fir d‘Lydia Mutsch just dann zoulässeg, wann et dofir e kloer definéierte Behandlungsoflaf gëtt. Iwwerhaapt kéint den Asaz vu Cannabis just fir eng begrenzten Unzuel vu Patiente mat „entspriechendem“ Krankheetsbild a Fro kommen. D‘Gesondheetsministesch schwätzt dann hei och vu „geziiltem Asaz“, enger sécherer Grondlag vir Spezialisten an net ze vergiesse ganz strenge Virgabe bei den néidege Wierkstoffer.

De „bekiffte“ Patient

Dat ee Kriibspatient kéint „therapeutesch“ bekifft sinn, ass also fir d‘Ministesch inakzeptabel. Woubäi ee scho seriö Krank muss sinn, fir iwwerhaapt an de Genoss vum verschriwwe Cannabis ze kommen. Et verhält sech da leider och haut nach esou, datt een éischter Opiater kritt déi ganz ausser Gefecht setzen, wéi ebe Cannabis, dat et engem erlaabt um gesellschaftleche Liewen deel ze huelen.

An d‘Ministesch wëll schonn dowéinst näischt „Iwwerstierzen“, well se der Meenung ass, et géif an der Gesellschaft keng „grondleeënd Akzeptanz“ fir den Asaz vu Cannabis am medezinesche Beräich. Dat ass dann also d‘Begrënnung den Asaz vu Cannabis zu therapeuteschen Zwecker als Pilotprojet op zwee Joer ze beschränken. Festzehalen ass hei dann och, datt déi zwee Joer solle genotzt gi fir (eegen) Erfahrungswäerter ze sammelen.

Soll d’Ausnameregelung am Plaz vum Gesetz kommen?

Wat de legale Kader ugeet, esou muss een hei dann och éischter vun enger Ausnameregelung schwätzen. Den Asaz vu Cannabis gëtt mat Sonnerbestëmmunge verknäppt a bis et hei zu engem „valabele“ Gesetz kënnt dierft et nach laang daueren. De Spillraum ass enk gehalen a wéi gesot, eenzeg ganz bestëmmte Spezialisten dierfen dës „Drog“ verschreiwen.

Et sinn dann och just d‘Spidol-Apdikten déi dann d‘Wuer erausgëtt. A wien dann elo Cannabis dierf verschriwwe kréien, datt ass eng Entscheedung déi sech op wëssenschaftlech Grondlage bezitt. Eng Etüd aus den USA, déi dem Ministère virläit, an sech primär op „Léisungen“ bei chroneschem Wéi baséiert huet. Domatter sinn Epileptiker dann emol vum Pilotprojet ausgeklammert an och soss dierft et keng Fro vun der Argumentatioun sinn, en Usproch ze hunn.

Vill sinn der do, wéineg sinn Auserwielt

Während een a medezinesche Kreesser vu bis zu 1.000 Patienten ausgeet, déi zu Lëtzebuerg nieft engem méi wierdegem Liewen och iwwert eng besser Liewensqualitéit kéinte verfügen, geet de Gesondheetsministère vu maximal 100 Patienten aus, déi all Dag bis zu engem Gramm vum „Gras“ dierfte bezéien. D‘Lydia Mutsch geet dann och vu Käschten an héicht vu 750.000 Euro/Joer aus (dat si ronn 20 €/gr.) wann de Staat fir d‘Therapie opkënnt. Mat der Gesondheetskeess misst nach „verhandelt“ ginn.

Wéi et elo ausgesäit, wann ee Versécherte „Frontalier“ vum Spezialist e Cannabispräparat verschriwwe kritt an seng „Medezin“ doheem, also am „Ausland“ zou sech hëlt, och dat eng Fro déi net gekläert ass. Cannabis ass eben eng Drog an esou an eisen Nopeschlänner eng verbuede Substanz. De Coordinateur fir Drogen, Alain Origer hat heifir keng Léisungsvirschléi, esou datt een dovunner muss Ausgoen, datt e Frontalier och vu vireran net beim „Pilotprojet“ berécksiichtegt ka ginn.

Wou de Cannabis dann elo soll Akaf ginn, do ass nach keng endgülteg Bezuchsquell genannt ginn. D‘Kraut wäert awer entweder aus Holland oder Kanada agefouert ginn. En Ubau zu Lëtzebuerg schéngt sech fir bis zu maximal 100 Patienten, also engem Besoin vu 36,5 Kg/Joer, net ze rentéieren.

Foto: (v.l.n.r.) Dr. Alain Origer,m Coordinateur fir Drogen, Lydia Mutschm, Gesondheetsministesch; Dr. Simone Steil, Chef Preventivmedezin © MSAN/SIP

Ähnlech Sujeten Cannabis, Lydia Mutsch, Pilotprojet, Therapie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel