Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Monica Semedo: „D’Zäit vum Schweigen ass eriwwer!“
Kultur Neiegkeeten

Monica Semedo: „D’Zäit vum Schweigen ass eriwwer!“

Am Kader vun den Demonstratioune géint Rassismus huet elo och

Chamber: Kanada ass wéi Lëtzebuerg, just eppes méi grouss
Kultur Neiegkeeten

Chamber: Kanada ass wéi Lëtzebuerg, just eppes méi grouss

Den Ausseminister wollt den Debat am Kontext vun de Gesetzer

Ecuadorianescht Verfassungsgeriicht erlaabt gläichgeschlechtlecht Bestietnes
Kultur Neiegkeeten

Ecuadorianescht Verfassungsgeriicht erlaabt gläichgeschlechtlecht Bestietnes

Während d‘Kierchemänner am Vatikan un hiren anzestrale Gebueter festhalen, Homosexualitéit

Cannes hält den Otem un

Cannes hält den Otem un

Zu Cannes zitt sech de Jury vum Pedro Almodovar zréck an d’Kinoswelt hält den Otem un. De Palmarès vum 70. Festival wäert am fréien Owend presentéiert ginn, dat no enger Editioun déi net un Kontroverse gespuert huet.

Wien wäert de Nofolger vum Ken Loach, gëlle Palm-Gewënner vun 2016 mat „Ech, Daniel Blake“, ginn? Ronderëm de spuenesche Cineaste, President vum Jury, hu véier Fraen a véier Männer déi schwéier Aufgab, tëscht de nonzéng offiziell selektionéierte Filmer auszewielen. Den amerikanesche Schauspiller Will Smith, d’Chinesin Fan Bingbing, d’Actrice a Realisatrice Agnès Jaoui oder och den koreanesche Filmvirtuos Park Chan-Wook, wäerten sech mussen eens gi fir ënner anerem d’gëlle Palm fir de beschten Acteur an déi bescht Actrice, esou wéi aner Präisser ze wielen.

Ab Sonndeg néng Auer ass de Jury isoléiert an enger Villa, där hire Standuert streng Geheim gehale gëtt, iert hien sech nees bei der ofschléissender Zeremonie op der „Croisette“ der Ëffentlechkeet wäert weisen. An zwielef Deeg hat et hirersäits keng Fuite ginn, mee den Almodovar hat bei der Ouverture gemengt, datt et „ee schreckleche Paradox wier, datt d’gëlle Palm oder een anere Präis engem Film kéint zougestane ginn, dee net an engem Kinossall géif presentéiert ginn“, wat d’Chance vun de zwee Filmer, déi vu Netflix produzéiert oder verdeelt ginn, a Fro stellt.

Den amerikanesche Ris vum „online-video“ engagéiert an engem zolitte face-à-face ronderëm de Finanzement vum Kinosfilm an der Chronologie vun de Medien huet explizit ausgeschloss d’Filmer „Okja“ vum Süd-Koreaner Bong Joon-ho an „The Meyerowitz Stories“ vum Amerikaner Noah Baumbach, a franséische Kinoen erauszebréngen.

Film: Dräi Favoriten

Säitens de Journalisten an de Kritiker geet et mat de Pronosticke gutt virun. Dräi Filmer hunn dës besonnesch impressionnéiert: „You were never really here“ vun der Englännerin Lynne Ramsay, deen de éischten Dag gewise ginn ass, dem russesche Film „Faute d’Amour“ et dem franséischen „120 battements par minute“.

D’Lynne Ramsay erzielt eng Geschicht vu Revanche an mësshandelt Kandheet, zwee omnipräsent Themen an der Selektioun vu Cannes. Sollt Si d’Palm gewannen, wier d’Lynne Ramsay déi zweete Fra an der Geschicht vum Festival, déi dësen Exploit fir sech kéint Verbuchen. Déi bis elo eenzeg Gewënnerin war d’Jane Campion aus Neiséiland mat „La Leçon de Piano“ am Joer 1993.

Der Englännerin hire film huet am Ament déi zweet beschten Note (3 vu 4) déi vun eelef internationale Kritiker vun der britescher Revue „Screen“ attribuéiert gëtt, direkt hannert dem russesche Film „Faute d’Amour“. Dee Film vum Andrej Zviaguintsev, rau an erstéckend, zeechent de Portrait vun enger inhumaner Gesellschaft duerch d’Verschwanne vun enger Moskauer Koppel hirem Kand.

Och dem franséische Realisateur, Robin Campillo, säi „120 battements par minute“ eng Fresk iwwert d’Jore vum Aids am Frankräich, duergestallt mam Kampf vun der Associatioun „Act up“ huet ferm ageschloen an d’Kritiken op de Kapp gestallt, woubäi de Film u sech mat enger relativer Unanimitéit ugeholl ginn ass.

Erwaarte Filmer, wéi dee vum Fatih Akin „In the fade“, dee vum Kornél Mundruczó „La lune de Jupiter“ an deem vum duebele Palmgewënner Michael Haneke „Happy end“ hunn wéi et schéngt eng ganz Rei Journalisten enttäuscht.

Acteuren: Véier mat Chancen

Bei de Schauspiller sinn d’Performance vum Amerikaner Joaquin Phoenix „You were never really here“ an déi vum Brit Robert Pattinson „Good Time“ ervirgehuewe ginn. Mat 86 Joer huet den Jean-Louis Trintignant als grousse Spiisser, dee sengem Liewen en Enn wëll bereeden an „Happy end“ touchéiert an d’Kritiker iwwerzeegt. Gläichfalls iwwerzeegend war den 31 Joer jonken Nahuel Pérez Buscayart an „120 battements par minute“.

Bei den Actricë war D’Diane Kruger an „In the fade“ vum Fatih Akin impressionnant. Als Fra déi sech un Terroriste rächt, steet Si an der Gonscht vun de Kritiker. Mee och d’Russin Vassilina Makovtseva huet an „Une femme douce“ iwwerrascht, grad wéi d’Mariana Spivak an der Mammeroll am „Faute d’amour“.

Ee Samschdegowend schonn huet een éischte Präis gi vun der offizieller Selektioun ginn. Deen an der Kategorie „Un certain regard“ déi kleng Schwëster vun der Kompetitioun, ass un den iranesche Cineast Mohammad Rasoulof mat „Un homme intègre“ iwwerreecht ginn.

mam François Becker

Foto: Valery Hache/AFP

Ähnlech Sujeten Cannes, Film, Kultur, Netflix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel