Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
USA: Sechs Millioune Chômeure bannent enger Woch (Analys)
International Neiegkeeten

USA: Sechs Millioune Chômeure bannent enger Woch (Analys)

Amerika, dat Land vun deem den Donald Trump behaapt et

Cargolux – keen Transport vu Schanke vu Léiwen!
International Neiegkeeten

Cargolux – keen Transport vu Schanke vu Léiwen!

Säit engem gudde Joerzéngt ass den Trafic un déierreschen Trophäe

30 Joer Fondatioun Kriibskrank Kanner
International Neiegkeeten

30 Joer Fondatioun Kriibskrank Kanner

Säit elo dräi Joerzéngte steet d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner, déi vun

Caracas léisst sech net aschüchteren a schéckt d‘Vertrieder vu Washington heem

Caracas léisst sech net aschüchteren a schéckt d‘Vertrieder vu Washington heem

Déi Aart a Weis wéi Washington mat der politescher Souveränitéit vum Venezuela ëmgeet, an sech och net ze schued ass déi Alliéiert ze bieden hei matzemaachen, huet Caracas gezwongen och zu Moossnamen ze gräifen. An esou ergëtt et sech, datt de gewielte President Nicolas Maduro, déi zwee héchsten US-Diplomaten aus dem Land verwisen huet.

Ech hunn de Handelsbevollmächtegte vun den USA (Todd Robinson) als ‚persona non grata‘ deklaréiert et hien huet 48 Stonnen Zäit fir d‘Land ze verloossen“, esou de venezuelanesche President als Äntwert op déi „nei“ Sanktiounen. Hie beschëllegt zudeem de Robinson, sech fir e militäreschen, politeschen a wirtschaftleche Komplott géint hien agesat ze hunn.

Am selwechte Kontext ass och d‘Nummer „Zwee“ vun der diplomatescher Missioun (béid Länner hu zanter 2010 keng Ambassade méi), de Brian Naranjo, erausgehäit ginn. De Naranjo gëtt vun der venezuelanescher Regierung als de „lokale Vertrieder vun der CIA“ bezeechent. Esouwäit dann elo emol d‘Äntwert vu Caracas op dem Donald Trump säin Dekret.

Et geet eréischt lass

Washington dierft et dann och net bei de Sanktioune beloossen. E Verantwortlechen aus dem Ausseministère huet um Dënschdeg ugedeit, datt d‘USA „ubruechte Géigemoossnamen“ als Äntwert op dës Ausweisungen huet. „Mir waarden aktuell nach op déi offiziell Notifikatioun säitens der Regierung vum Venezuela“, huet et geheescht.

Déi nei US-Sanktioune gehéieren zu enger konzertéierter internationaler Aktioun, déi sech géint d‘Wahl an d‘Victoire vum sozialistesche President zu wier setzt. De Maduro huet – bei enger Enthalung vun iwwer 50% – ronn 2 Drëttel vun de Stëmmen erhalen, säi „Géigner“ Henri Falcon, deen zesumme mam Paschtouer Javier Bertucci, zum Boykott opgeruff huet, kritt awer nach 21%.

E Resultat dat vun den USA als „Farce“ bezeechent gëtt. Washington gëtt heiranner vum „Grupp vu Lima“ ënnerstëtzt, wat sech doduerch auszeechent, datt déi 14 Länner hir Ambassadeuren aus dem mëttelamerikanesche Land zeréckgeruff hunn. Och zu Bréissel gëtt den Toun gehuewen: „d‘EU envisagéiert Sanktiounen“ léisst d‘EU-Kommissärin fir auswäerteg Ugeleeënheete wëssen.

Caracas ass ugeschloe mee net KO

Zu Caracas kann een am Ament net méi maachen, wéi dës Ukënnegungen hinhuelen an sech Verbal ze iergeren. „Mir hunn nach ni esou eng international Attack gesinn, wéi déi wou géint dës Wal geridde gëtt“, denoncéiert um Dënschdeg d‘Presidentin vum nationale Rot fir Walen (CNE), Tibisay Lucena (Chaviste) bei der Proklamatioun zur Wal vum Nicolas Maduro.

De venezuelaneschen Ausseministère huet sech fierchterlech iwwert „déi politesch a finanziell Lynchjustiz“ vu Washington opgereegt. Emotionell opgelueden, ginn d‘USA dann och als e supremasistesche Regimm duergestallt, deen erkläert rassistesch an interventionistesch ass, an zudeem vun den onséilege „Wäerter“ vum Klu-Klux-Klan inspiréiert wier.

Et huet natierlech och Folgen an den eegene Reien, wann sech „auslännesch“ Muechten „aktiv“ an d‘Politik vun engem Land amëschen. Esou sinn um Dënschdeg eelef Offizéier vun der Arméi verhaft ginn, deenen de Virworf gemaach gëtt, Pläng ausgeschafft ze hunn, mat deenen de President soll onschiedlech gemaach ginn. Dat ass natierlech Waasser op de Mille vun der Propaganda.

Do huet ee schnell d‘Iwwersiicht verluer

D‘ONG „Foro Penal– eng vun den USA finanzéiert Mënscherechtsorganisatioun – léisst wëssen, datt d‘Offizéier der Meuterei an der Incitatioun zur Meuterei beschëllegt ginn, datt si bewosst géint déi militäresch Disziplin verstouss an Landesverrot begaangen hunn. Esou d’Versioun vun der Affekotin Maria Torres, déi d’ONG representéiert.

Laut der ONG “Justicia Venezolanasinn am Venezuela säit 2003, wéinst “Konspiratioun” 92 Zaldote festgeholl ginn. Dovunner 34 eleng fir 2018. Et ass dann allerdéngs um Dënschdeg och eng “administrativ Sanktioun” géint d’Internetsäit vun der prestigiéiser Dageszeitung “El Nacional” geholl ginn. Den Direkter vun der Zeitung gesäit hei eng “politesch Bestrofung”.

Déi national Kommissioun vun der Telekommunikatioun (Conatel) huet dem Site opgedroen sech “vun der Verëffentlechung vu Messagen a Nouvellen ze enthalen, déi eng Bedreeung vun de Bierger hirer séilescher Rou wieren”. Déi national Journalistegewerkschaft beklot dann och d’Ugrëff op d’Pressefräiheet, besonnesch géint kritesch an dissident Reporter.

Kee Wak méi an der Täsch

Hei mellt sech dann och d’ONG “Espacio Público” zu Wuert a weist drop hin, datt 51 Medien 2017 opgehalen hunn (46 Radiostatiounen, 3 Tëleesstatiounen a zwou Zeitungen). Dat zum Deel wéinst Sanktiounen, wirtschaftleche Problemer oder einfach well et kee Pabeier ginn huet. Dozou muss ee wëssen, datt d’Zeitungspabeier en Monopol vum Staat ass.

Iwwerhaapt gesäit et wirtschaftlech net gutt aus. Fréier war Venezuela wéinst dem Pëtrol eent vun de räichste südamerikanesche Länner – wouvunner allerdéngs net jidderee profitéiert huet – an ass haut, a grousse Schwieregkeeten. Schwieregkeeten déi deels vu Washington provozéiert a geschafe goufen. D’Land leit ënnert der Inflatioun, an dem Mangel u Medikamenter a Liewensmëttel.

Zu hiren honnert Dausenden hunn déi Venezuelaner, wou sech et leeschte konnten, d‘Land verlooss an de President gesäit hei d‘Handschrëft vun der riets-konservativer Oppositioun, déi vun den USA gestëtzt gëtt. Wann et och keng Detailer gëtt, esou huet de Nicolas Maduro eng „ekonomesch Revolutioun“ versprach, déi de Bierger nees zu neiem Vertraue verhëllefe sollen.

Op der sich no objektiven Analysen

De briteschen „Expert“ vun IHS Markit, Diego Moya-Campos, ass der Usiicht, datt „dat wat sech do um Horizont ofzeechent, ass eng gréisser Isolatioun op diplomateschem a wirtschaftlechem Niveau. Zudeem dierft et ganz schwiereg ginn, fir u Kreditter oder Finanzementer ze kommen“. Dat ass keng nei Erkenntnis, mee bestätegt déi allgemeng politesch Situatioun.

An datt d‘USA elo och nach domatter dreeën, dem Venezuela e Pëtrolsembargo entgéint ze setzen, kann een als politesch Erpressung duerstellen. Een Drëttel vum venezuelanesche Pëtrol gëtt an d‘USA exportéiert. „De Venezuela erlieft e Wirtschaftsboykott säitens den USA a sengen Alliéierten an dat wäert et dem Regimm schwéier maachen sech ze halen“, esou de Carlos Romero.

Um Dënschdeg huet dann eng vun de wichtegste Fluchgesellschafte vum Land „Aserca Airlinesugekënnegt „de Schlëssel ënnert d‘Dier ze leeën“. Dat nëmme knapps dräi Wochen nodeems d‘Gesellschaft „Santa Barbara“ hir Aktivitéiten agestallt huet. Net ze vergiessen, datt eng ganz laang Lëscht vun internationalen Entreprise gëtt, déi de Venezuela verlooss hunn.

mam Maria Isabel Sanchez/AFP

Foto: De Nicolas Maduro, President vum Venezuela, bei senger Ried um Sëtz vun der CNE. Hien huet net wëlles sech vun den USA, oder anere Länner ënner Drock setzen ze loossen. © Frederico Parra/AFP

Ähnlech Sujeten Caracas, EU-Sanktiounen, Nicolas Maduro, US-Sanktiounen, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel