Search

You may also like

Polen féiert e Krich géint d‘LGBT-Communautéit
International Meenung Neiegkeeten

Polen féiert e Krich géint d‘LGBT-Communautéit

Iwwert de leschte Weekend wollten eng 800 bis 1.000 Mënschen

Turbulent Manifestatiounen zu Paräis
International Meenung Neiegkeeten

Turbulent Manifestatiounen zu Paräis

Bei der Demonstratioun fir de Klima, där sech gewaltbereet Anarchisten

Wéi wëllen d’Parteien de Wunnengsmaart an de Grëff kréien? En Iwwerbléck
International Meenung Neiegkeeten

Wéi wëllen d’Parteien de Wunnengsmaart an de Grëff kréien? En Iwwerbléck

Kaum e Sujet kritt esou vill Opmierksamkeet geschenkt, wéi d‘Situatioun

CARE zur Syrien-Konferenz: Humanitär Hëllef onageschränkt erméiglechen!

80 Prozent vun der Bevëlkerung lieft mëttlerweil ënnert der Aarmutsgrenz – Waffestëllstand esou dringend, wéi nach ni

CARE zur Syrien-Konferenz: Humanitär Hëllef onageschränkt erméiglechen!

No iwwer néng Joer Krich befënnt sech d’Bevëlkerung a Syrien aktuell an enger besonnesch dramatescher Kris. 9,3 Millioune Mënsche leiden Honger, déi syresch Wärung huet an de vergaangene Méint 50 Prozent u Wäert verluer a Covid-19 stell een onkalkuléierbare gesondheetleche Risiko duer, well déi medezinesch Infrastruktur bal komplett zerstéiert ass.

Am Kader vun der Syrien-Konferenz, déi um 29 Juni 2020 zu Bréissel ugefaangen huet, fuerdert d’Hëllefsorganisatioun CARE eng däitlech Erhéijung vun den humanitäre Mëttel, sou wéi den onageschränkten Zougang fir humanitär Persounen, déi Hëllef bidden.

Den Tue Jakobsen, stellvertriedende Lännerdirekter a Syrien erkläert: „D’Kombinatioun aus néng Joer Krich an dem doraus resultéierenden dramatesche Bedarf un humanitärer Hëllef, enger kollabéierender Wirtschaft, sou wéi dem Gesondheetsrisiko vu Covid-19 stellt fir d’Mënschen a Syrien eng immens Katastroph duer. CARE fuerdert, datt all bedierfteg Mënschen a Syrien humanitär Hëllef erhale kënnen, egal wou si sech am Land befannen.

Opgrond vun der Wirtschaftskris an dem undauernde Konflikt huele geschlechterspezifesch Gewalt, Mëssbrauch an Ausbeutung grad vu Fraen a Meedercher däitlech zou. Si mussen dofir am Zentrum vun der humanitärer Hëllef stoen. No néng Joer Krich ass et zwéngend noutwenneg, datt d’Konfliktparteien sech endlech fir een dauerhafte Waffestëllstand eenegen, deen de politesche Wee fir de Fridden a Syrien fräimécht an d’Leed vun de Mënsche beend.“

CARE appelléiert och un den UN-Sécherheetsrot, fir déi am Juli auslafend Resolutioun zur grenziwwerschreidender Hëllef ëm weider 12 Méint ze verlängeren an ze erweideren. Nieft de béiden Iwwergäng am Nordweste muss och den Iwwergang am Nordoste vu Syrien dringend nees opgemaach ginn. Den Zougang am Nordosten huet bis Januar als Haaptversuergungskanal, ënnert anerem fir medezinesch Gidder an der Regioun, gedéngt. Just wann allen dräi Iwwergäng opgemaach sinn an och bleiwen, ka garantéiert ginn, datt déi noutleidend Bevëlkerung mat genuch liewensrettender humanitärer Hëllef erreecht gëtt.

Matgedeelt vu CARE Lëtzebuerg

Opmaacherbild: © Talha Nair / Unsplash

Related topics Bréissel, CARE Lëtzebuerg Asbl, Fridden, humanitär Hëllef, Syrien, Syrien-Konferenz, UN-Sécherheetsrot, Wirtschaftskris
Next post Previous post