Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
ArcelorMittal Diddeleng: D‘Bier ass geschielt!
International https://moien.lu/smoker-dating-sites/

dating german man advice

Zu Bréissel sinn sech fir näischt ze schued. Esou ergëtt

who is dating lil wayne daughter
International https://moien.lu/smoker-dating-sites/

Du muss schonn eppes vu Politik verstoen, fir hei gutt ofzeschneiden!

Am Laf vun de Joren huet Lëtzebuerg vill Ministere gesinn.

USA: Schéisserei op Volleksfest zu San Jose
International https://moien.lu/smoker-dating-sites/

USA: Schéisserei op Volleksfest zu San Jose

E Sonndeg si bei engem vun de gréissten „Food“ Festivaller

Cargolux: 2018 war fir d’Entreprise d’Joer vum Päerd

Cargolux: 2018 war fir d’Entreprise d’Joer vum Päerd

Am vergaangene Joer huet Cargolux Airlines International ee perséinleche Rekord un Déierentransporter opgestalt. Mat enger impressionanter Hausse vu 15,7% gëllen si mëttlerweil, mat hirem Equipment, als spezialiséiert Firma fir den Transport vu liewegen Déieren.

Kuckt ee sech elo déi transportéiert Déiere vun 2018 un, kann ee virun allem eng imposant Unzuel u Päerd erkennen. Tëschent 2017 an 2018 ass hei een Ënnerscheed vu ronn 30% ze konstatéieren, wat ronn 600 Päerd méi bedeit (vun 2000 op 26000).

De Christan Theis, Global Product Manager vu Cargolux seet dozou „Cargolux ass stolz esou eng signifikant Hausse un Déierentransporter ophuelen ze kënnen. Et ass ee wichtegen Deel vun eisem Geschäft a mir hunn iwwert Jore verschidden Investissementer gemaach, fir en impeccabel Transport-Léisung ze fannen. Als eng Entreprise, der d’Wuelergoe vun den Déieren um Häerz läit, plange mir dës positiv Entwécklung vun der Déngschtleeschtung, mat Accord vun allen internationale Regulatiounen a strengen interne Grondsätz, bäizehalen.“

Vun allen Déierentransporter maache Päerd mat 50% am Total een net-onbedeitenden Deel aus. Mat de Joren huet d’Entreprise sech selwer geformt an een onschätzbare Wäert kritt, ënnert anerem duerch hire Know-How bei Päerd. Donieft ass hei awer och ze soen, datt Cargolux all Déier als eng besonnesch Verantwortung ugesäit. Dobäi notzen si HMC Päerdsställ vum neiste Stand, déi eng enorm Stabilitéit opweisen an d’Gefill vun der Beweegung an der Loft reduzéieren, wouduerch d’Déier manner Stress empfënnt.

D’Multi-Zon Klimaanlag an de speziell gebaute 747 Modeller kann temperatur-méisseg perfekt un all Liewensraum vun de verschiddenen Déieren ugepasst ginn. Duerch de groussen Asaz fir all Liewewiese stécht Cargolux als Entreprise eraus a gëtt och ëmmer nees gäre gewielt fir esou Transporter duerchzeféieren.

D’Entreprise leet immens vill Wäert op d’Ëmweltbewosstsinn, wouduerch och d’Wuelergoe vun den Déieren hinnen um Häerz läit. Aus ethesche Grënn gëtt d’Lëscht u Saachen, déi si net transportéiere wëllen, ëmmer méi grouss. Donieft engagéiert Cargolux sech vill fir géint illegal Geschäfter mat wëllen Déiere virzegoen.

Si agéiere mat vollem Accord vun IATA Live Animal Regulations (LAR) an der Convention on International Trade in Endagered Species (CITES). Donieft ass d’Entreprise Member bei IPATA (International Pet and Animal Transportation Association) an IATA LAPB (IATA Live Animal and Perishable Board), sou wéi Ënnerzeechner bei United for Wildlife International Taskforce on the Transportation of Illegal Wildlife Products.

Opmaacherbild: (c) Cargolux Airlines International

Ähnlech Sujeten Cargolux, Christian Theis, Deierentransport, Déiereschutz, Päerd
Nächsten Artikel Virrechten Artikel