Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trump-Beroder Roger Stone muss an de Bing
Neiegkeeten

Trump-Beroder Roger Stone muss an de Bing

Eigentlech wollt de Parquet de US-President säi Frënd fir 9

ACL: Ënnerstëtzung vir de „Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg“
Neiegkeeten

ACL: Ënnerstëtzung vir de „Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg“

Den ACL Sport an de Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg (MRL) hunn

Keng Alternativen zum Wuesstem !
Neiegkeeten

Keng Alternativen zum Wuesstem !

Zu Lëtzebuerg hunn mir zënter längerem een iwwerduerchschnëttlech héije Wuesstem. Dëse kennt vun eiser dynamescher demographescher

Cargolux zelebréiert een halleft Joerhonnert voller Erfolleger!

Ugefaangen huet bei Cargolux alles mat Zalot an Äerdbieren

Cargolux zelebréiert een halleft Joerhonnert voller Erfolleger!

Mat engem eenzege Fliger an enger Hand voll Mataarbechter konnt Cargolux sech zur weltwäit féierender Cargofluchgesellschaft entwéckelen. Hire Slogan You name it, we fly it verkierpert dobäi net nëmmen een einfache Grondsaz, mee grouss Ambitiounen, déi mat Erfolleg an d’Realitéit ëmgesat ginn. Haut kann een halleft Joerhonnert voller Succèse gefeiert ginn.

Scho 50 Joer ass et hir, datt duerch een Zesummeschloss vun der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft Luxair, der islännescher Transportfirma Loftleiðir, der schwedescher Fruechtfirma Salén a privaten Investisseure Cargolux gegrënnt ginn ass. Ugefaangen hunn d’Missiounen um 10. Mee 1970 mat enger eenzeger Canadair CL-44, déi Zalot an Äerdbier vu Stockholm (ARN) op New York (JFK) brénge sollt. D’Partner haten deemools ënnert sech ausgemaach, datt d’Islänner responsabel fir den operationellen an technesche Beräich, d’Schweden fir de Verkaf a Lëtzebuerg fir d’Finanzen an d’Administratioun ass.

Duerno ass et am Steilfluch Bierg erop gaangen: Zwee Joer no der Grënnung duerft Cargolux 5 Fligeren zielen, weider zwee Joer méi spéit ass d’Zuel u Mataarbechter iwwer Nuecht vun 80 op 180 geklommen an 1977 huet ee schliisslech déi éischt Boeing 747-200F bestallt. Mëttlerweil zielt Cargolux méi wéi 85 Büroen an iwwer 50 Länner. Et flitt een méi wéi 75 Destinatiounen op der ganzer Welt un, zielt iwwer 2.000 Mataarbechter a positionéiert sech op der 7. Plaz um Ranking vun der IATA (International Air Transport Association).

© Cargolux – anniversary.cargolux.com

„Et ass eng remarkabel Leeschtung fir een Cargo-Operateur, fir 50 Joer Bestoe feieren ze dierfen an ech schwätze fir de ganze Betrib, wann ech soen, datt mir houfreg sinn, wéi wäit eis Airline et scho gepackt huet. Mir hunn an all de Jore vill Stierm iwwerwonnen an dës Feier weist der Welt, wéi engagéiert an fläisseg eis Mataarbechter sinn. Zousätzlech dozou wëll ech all eise Clienten a Partner Merci soen, déi eis zu dëser onvergiesslecher Geleeënheet verhollef hunn“, sou de Richard Forson, President an CEO vu Cargolux.

Zu dëser feierlecher Occasioun konnt Cargolux seng nei Boeing LX-VCC am Jubiläumsdesign begréissen. D’Opschrëft Spirit of Cargolux dréit de fantastesche Message net nëmmen an d’Loft erop, mee och an déi ganz Welt eran. Donieft presentéiert ee voller Stolz d’Retrospektiv op der speziell ugeluechter Internetsäit anniversary.cargolux.com.

Duerch d’Ophuele vun ëmmer méi neien Destinatiounen, de kompetenten Transport vun de verschiddenste Fruechten (net ze vergiessen den Transport vun den béide Belugaen oder och vun extrem wäertvollen historeschen Artefakte vun Zhengzhou), wéi och den Asaz fir den Déiereschutz an d’Ëmwelt ass Cargolux net nëmmen eng Entreprise, déi vun A no B liwwert, mee och een engagéierte Betrib mat responsabelem Bewosstsinn, där mir nach weider erfollegräich Jore wënschen!

Opmaacherbild: D’LX-VCC vu Cargolux am Gebuertsdagsdesign © Cargolux

Ähnlech Sujeten 50 Joer, Beluga, Cargolux, Déiereschutz, Fluchgesellschaft, Fruecht, Gebuertsdag, IATA, Loftleiðir, Luxair, LX-VCC, Richard Forson, Salén
Nächsten Artikel Virrechten Artikel