Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En „Eclat“ bei der CSV?
International Neiegkeeten Stories

En „Eclat“ bei der CSV?

Elo ass de Philippe Wilmes – Brudder vum Serge Wilmes,

Greenpeace: Damp um Dach vun der Fabrik Orano zu La Hague
International Neiegkeeten Stories

Greenpeace: Damp um Dach vun der Fabrik Orano zu La Hague

D’Aktiviste vu Greenpeace Frankräich hunn de 25. Januar moies ee

Ee Mëttel géint HIV – ass et endlech esou wäit?
International Neiegkeeten Stories

Ee Mëttel géint HIV – ass et endlech esou wäit?

No enger Stammzellentransplantatioun konnte bei engem Patient zu London keng

Cargolux – de Beluga-Fluch gouf verréckelt!

Cargolux – de Beluga-Fluch gouf verréckelt!

De Fluch, bei deem zwee Belugae vu Shanghai an Island sollte bruecht ginn, huet elo misse verréckelt ginn. Eigentlech war den Transport vum Klenge Wäissen a Klenge Groen, u Bord vu Cargolux, fir dës Woch geplangt.

Déi zäitlech Verspéidung argumentéiert d’Airline doduerch, datt déi final Etapp tëscht Island an der Insel Heimaey, wat de Walen hiert neit Doheem soll ginn, nach verschidde Komplikatiounen opweist. Esou gesinn d’Wiederkonditiounen, sou wéi och d’Previsioune fir nächst Woch an Island immens stiermesch aus, sou datt déi zwee Mieresbewunner net mat der Fär transportéiert kënne ginn. Aus dësem Grond gëtt elo gewaart, bis datt d’Wieder matspillt.

beluga

De klenge Groen an de klenge Wäissen zu Shanghai© Aaron Chown/PA Wire

Cargolux a SEALIFE Trust schaffen enk mat der islännescher Regierung zesummen, fir d’Rees vun de Belugaen esou stressfräi an komfortabel wéi méiglech ze halen, sou datt de Klenge Wäissen a Klenge Groe scho geschwënn sécher zu Island ukommen.

Natierlech wäerte mir an Zukunft um Lafende gehale ginn, sou bal sech eppes deet.

Foto: © Cargolux

Ähnlech Sujeten Beluga, Cargolux, Heimaey, Island, Klenge Groen, Klenge Wäissen, SEALIFE Trust
Nächsten Artikel Virrechten Artikel